E Mëttwoch gouf an der Chambre des Salariés Editioun vum Quality of Work Index 2024 publizéiert. Wärend verschidde Wäerter relativ stabel bliwwe sinn, sinn aner Wäerter wéi zum Beispill bei der psychescher Belaaschtung méi schlecht gi sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
51% vun de Salariéen am Land leiden ënnert psychescher Belaaschtung, besonnesch déi méi jonk Salariéeë sinn hei betraff. Wéi gesäit de Minister d’Roll vun de Betriber an dësem Kontext a wéi kënnen si dozou bäidroen d’Situatioun ze verbesseren?
D’Etude weist datt nëmme wéineg Betriber Preventiounsmesurë géint Suchtproblemer ubidden, obwuel e groussen Taux vun de Salariéen en héijen oder ganz héijen Alkoholkonsum hunn. Wéi wëllt d’Wirtschaftsministère hei konkret intervenéieren?
Den Hotellerie- a Restauratiounssecteur schneit besonnesch schlecht bei psychescher Gesondheet an dem Risiko fir ee Burnout of. Wéi ass d’Feelen vu cibléierte Mesurë fir dëse wichtege Wirtschaftssecteur ze rechtfäerdegen?
24% vun de Salariéeë ginn un, datt si ausserhalb vun den Aarbechtszäite fir hir Aarbecht erreechbar musse sinn, wat an engem klore Géigesaz zum “Droit à la déconnexion” steet. Wéi eng Moossname plangt d’Regierung fir dëse Problem unzegoen?
D’Frontaliere verbrénge 4 Stonne méi pro Woch am Verkéier wéi Residenten. Gëtt et e Plang fir dësen Desavantage ze kompenséieren, besonnesch well d’Teletravail fir Frontalieren duerch Steierreegelen ageschränkt ass?
D’Zuel vun de Leit déi wéinst Aarbechtsbelaaschtung Hëllef sichen huet zougeholl (12%). Wéi gesäit de Minister d’Roll vun de Betriber an dësem Kontext a wéi kënnen si dozou bäidroen d’Situatioun ze verbesseren? Wéi kann d’Regierung d’Betriber ënnerstëtze fir e positive Wuelbefanne vun hiren Aarbechter ze fërderen?
Nëmmen 16% vun de Betriber bidde Réckengymnastik un, obschonn 30% vun de Salariéen ënnert Réckeproblemer leiden. Wat mécht d’Regierung fir d’Betriber ze motivéieren, méi an d’Preventioun ze investéieren?
D’Kooperatioun tëscht Mataarbechter huet däitlech ofgeholl an ass op engem neien Déifpunkt ukomm. Wéi wëllt d’Regierung géint dës sozial Fragmentatioun an de Betriber virgoen, déi d’Produktivitéit a Kreativitéit beaflosst?
D’Beruffer mat deenen niddregsten Akommessen hunn och déi schlechtste Gesondheetsstatistiken an déi mannste Preventiounsmoossnamen. Wéi wëllt de Wirtschaftsministère dës sozial Ongläichheet an eiser Aarbechtswelt ugoen?
QP Nummer 1988