Proposition de révision 6956 fir eng nei Verfassung

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, fir d’alleréischt wëll ech, wéi all meng Virriednerinnen a Virriedner, deene Lénke gratu- léieren, well datt den Text et bis heihin an d’Chamber gepackt huet, ass den Effort wäert, mat deem Dir, mee och Är Virgänger hei an der Chamber, dat als Éischt emol hutt missen erkämpfen. Et ass nämlech alles anescht wéi evident. A wann een dann och nach be- denkt, datt haut ganz aner Leit hei sëtze wéi nach 2015 (veuillez lire: 2016), wéi deen Text deposéiert gouf, dann, muss ee soen, war et eng laangwiereg Affär.

Mir Piraten hu vläicht eng manner laangwiereg Affär wéi d’Verfassungsproposen, déi dann dës Woch nach am zweete Vott wäerte gestëmmt ginn, mee nichts- destotrotz eng laangwiereg Affär.

Mir gratuléieren Iech och aus deem ganz einfache Grond, well mer ganz heefeg heibannen nämlech iw- wer Texter diskutéieren, déi vun der Regierung kom- men, a vill ze seelen, muss ee soen, iwwer Texter, déi vun den Deputéierten deposéiert ginn. An och dat ass eppes, wat een an Zukunft vill méi oft kéint maachen. Mee vill ze heefeg fale grad d’Oppositiounsproposen iergendwéi duerch d’Rillen hannen am Tirang oder se bleiwen am Tirang leien an et erënnert kee sech méi wierklech drun, datt se do leien, well et keen Avis vum Staatsrot gëtt oder well een als kleng Partei net e Member an der Kommissioun huet, fir zum Rap- porter genannt ze ginn, esoudatt och keen an der Kommissioun ass, dee kann Drock maachen, datt et weidergeet. Dofir muss een einfach den Effort ëmmer erëm luewen, wann Texter vun Deputéiertesäit et bis zum Vott bréngen.

Här President, no de ville luewende Wierder da wëll ech awer och nach op de Fong vun der Propos vun de Kolleegen – Kolleeginnen am aktuelle Fall, mee ursprénglech Kolleegen – vun déi Lénk kommen.

A verschiddene Punkte si mer net enger Meenung mat de Lénken. Mir wéilten hei an der Chamber als Éischt emol net einfach zu 60 iwwer eng nei Staats- form ofstëmmen. Mir fannen, datt, wann d’Bevëlke- rung eng Kéier net méi mat der Monarchie averstane

wier, een dat da misst an engem Referendum kucke fir ze kucken, wat eng Majoritéit dann hei am Land wierklech wëll.

Mir haten an eisem Walprogramm proposéiert, datt een den honnertjäregen Anniversaire vum leschte Re- ferendum iwwert d’Staatsform zum Ulass hätt kënnen huelen, fir genau déi Froen nach eng Kéier ze stellen. Déi Chance gouf verpasst. Mir bleiwen awer éischter bei der Positioun, datt een dat sollt an engem Refe- rendum klären amplaz einfach esou an enger Verfas- sungspropos.

Déi Lénk kritiséieren zu Recht, datt vill vun de véier Verfassungspropose vun der Majoritéit an der CSV hannert zouenen Dieren diskutéiert gouf, datt d’Bevëlkerung net genuch agebonne ginn ass. Mee mir fanne gradesou, datt net déi 60 Deputéiert soll- ten aleng iwwert d’Staatsform decidéieren. Op dësem Punkt kënne mer dëser Verfassungspropos deemno schonn emol net zoustëmmen.

Mir fannen et dann och schued, datt déi Lénk an hirer Verfassung de Referendum bei enger neier Verfas- sungsännerung net automatesch virgesinn. Jo, Dir sot, et musse just nach 10.000 Biergerinnen a Bierger sinn an net méi 25.000 Wielerinnen a Wieler, mee mir Piraten géifen eis eng Verfassung wënschen, wou e Referendum d’office misst organiséiert ginn, wann et en éischte positive Vott an der Chamber gouf. Och hei wier méi Biergerbedeelegung méiglech gewiescht.

Mir musse soen, datt mer beim Theema Lëtzebuerger Staatsbiergerschaft dann awer e bëssen irritéiert waren. Well: Wëllen déi Lénk all Persoun, déi hei zu Lëtzebuerg als Resident ugemellt ass, no fënnef Joer automatesch d’Lëtzebuerger Nationalitéit ginn oder hu mir eppes falsch verstanen? Well ech stelle mer d’Fro, wéi dat soll goen. Kritt een dann einfach direkt d’Invitatioun fir eng Carte d’identité no fënnef Joer heemgeschéckt oder wéi ass sech dat virgestallt ginn? Hei schéngt eis weeder den Artikel nach de Rapport nach d’Verteidegung vum Gesetz duerch d’Madamm Oberweis wierklech kloer.

Wat d’Sprooche betrëfft, hätte mer eis gewënscht, datt hei eng Ouverture gemaach gi wier, fir d’Sprooche vu Lëtzebuerg iwwert dat Lëtzebuergescht, Däitscht a Franséischt eraus och nach vläicht duerch dat Eng- lescht ze ergänzen; eng Kritik, déi mer och bei de véier anere Verfassungsproposen ubruecht hunn. Mir wës- sen, wéi vill Leit aus anere Länner alljoers hei op Lëtze- buerg wunne kommen, a vill vun hinne schwätze keng vun eisen aktuellen Amtssproochen a kommen awer gutt am Land zurecht mam Engleschen, ausser wa se da mat Verwaltungen ze dinn hunn.

Mir fannen et ganz gutt, datt d’Lëtzebuergescht als Landessprooch an dëser Verfassungspropos festgehale gëtt, mee doriwwer eraus hätt ee sech awer missen iwwerleeën, ob d’Englescht net an der Lëscht vun den administrative Sproochen hätt sollen derbäigesat gi fir déi Leit, déi eeben nach keng vun de Landessprooche kënnen – an déi jo vläicht awer ganz motivéiert sinn, Lëtzebuergesch ze léieren, mee och dat geet net vun haut op muer. Well wann ee sech d’Situatioun vun de Sproochecoursen zu Lëtzebuerg ukuckt, da si se meeschtens eppes: nämlech ausgebucht. Eppes, wat ganz positiv ass, well et weist, datt eis Sprooch gäre geléiert gëtt, vu ville Leit gäre geléiert gëtt, mee datt am Endeffekt dann eeben net genuch Coursen offréiert ginn. Hei musse mir alleguerten an als Land an Zukunft nach Progrèse maachen.

Mee dëse Verfassungstext soll jo modern an zukunfts- weisend sinn, an dat gesi mir eeben am Punkt Sproo- chen zum Beispill net.

Da wëll ech och zu deene Punkte kommen, déi mir Piraten awer och positiv fannen. Et ass jo net nëm- men Negatives am Text. Mir Piraten waren 2015 fir

e Walrecht ab 16 Joer a mir sinn et nach ëmmer. Mir sinn der Meenung, datt déi Jonk gradesou rational Ent- scheedunge kënnen treffe wéi mir all heibannen, …

Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | … wann et ëm d’Kräizer

an der Walkabinn geet zumindest.

Et ass fir eis och en Deel vun der politescher Bildung an der eegener Responsabilitéit, déi mir de Jonken an de Lycéeë wëlle mat op de Wee ginn. Vill Jonker interesséiere sech fir Politik, kënnen awer eréischt spéit hir Stëmm ofginn. Well och bei engem Walrecht ab 18 Joer kann et sinn, datt ee muss bis zu sengem 22. Liewensjoer waarden, ier ee ka matschwätzen, jee nodeem, wéi d’Wale falen. Bei engem Walrecht ab 16 wier jidderee spéitstens ab 20 stëmmberechtegt.

Mir Piraten wëllen déi Jonk an eiser Gesellschaft stäerken, mir wëllen hinnen eng Stëmm ginn an dofir sti mir och haut nach zum Walrecht ab 16.

D’Antidiskriminéierungsartikelen aus dem Code pénal direkt an d’Verfassung ze schreiwen, ass an eisen Aen och keng schlecht Iddi. Virun allem no de rezenten Ëmschléi an den USA ass et wuel ëmmer besser vir- zesuergen, wéi sech duerno ze froen, wéi d’Mënsche- rechter ënner enger radikaler Regierung op eemol verschwannen, jo, ofgebaut kënne ginn. De Schutz vun transsexuelle Persoune fält do genausou drën- ner, an och dës Iddi fanne mer gutt.

Generell ass d’Kapitel zu de Grondrechter eppes, wou mer vill vun eise Standpunkten erëmfannen a wat et bal derzou bruecht hätt, datt mer d’Propos vun de Kolleeginne vun déi Lénk hätte kënne matstëmmen. Et kann ee se hei net all opzielen, well et sech ëm 70 Artikelen handelt, a wann ech just duerch déi géif goen, wär d’Riedezäit schonn opgebraucht. Mee e staarke Sozialstaat, e staarken Déiereschutz an den Ëmweltschutz si fir eis ganz positiv Punkten.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir gesinn, wéi gesot, ganz vill Positives an dëser Ver- fassung. Et ginn hei staark Grondrechter gefuerdert. Schwaarz-Blo-Rout-Gréng hätt sech a puncto Bierger- rechter e Stéck kënne vun dësem Text ofkucken. Dat ass leider net gemaach ginn.

An eisen Ae geet dës Propos a Saache Biergerbedee- legung a Matsproocherecht awer net wäit genuch. Mir wëllen eng Verfassung, déi ëmmer per Referen- dum gestëmmt gëtt. Mir wëllen nëmmen eng Änne- rung vun der Staatsform, wann d’Bevëlkerung dëst per Referendum esou ausdréckt.

An da muss ech awer nach eppes soen zu deem, wat elo zum Schluss koum, wéi d’Madamm Oberweis vun enger Kriseverfassung geschwat huet: Léif Kolleegin- nen a Kolleegen, ech sinn u sech der Meenung, datt mer eng Verfassung fir all Wieder brauchen an net nëmme fir d’schlecht Wieder. Mir brauchen eng Ver- fassung, déi souwuel bei Sonn wéi bei Ree fonctio- néiert an déi eeben net dervunner ausgeet, datt mer permanent an enger Krisesituatioun sinn.

Ech hätt gären eng Verfassung, déi et eis erméiglecht, besser zesummenzeliewen, déi et eis erméiglecht, als Land zesummen de Wee no vir ze goen, an net dervun- ner ausgeet, datt mer permanent mussen iergendeng Kris bewältegen. Ech wënsche mer eng positiv Appro- che zu eiser Verfassung, eng Approche, déi seet: „Mir hunn eng Verfassung, fir datt et eis als Land besser geet, fir datt mer keng Krisen hunn“, anstatt ze soen: „Mir hunn eng Verfassung, fir d’Krisen ze meeschte- ren.“ Well dat setzt viraus, datt mer ni aus de Krise géi- fen erauskommen, an dat ass eng Vue op d’Welt, déi ech mer selwer net wëll operleeën.

Mir hate bei deene véier anere Proposen eng kloer Positioun. Mir hunn déi zesumme mat eiser

Parteibasis ofgestëmmt. Iwwer 80 % vun eise Mem-

beren hu sech fir déi vun der Majoritéit an der CSV proposéiert Verfassungsproposen ausgeschwat. An dofir gesi mir haut och kee Grond, fir vun deem Vott ze deviéieren. An obwuel et ganz gutt Punkten an der Verfassungspropos vun déi Lénk gëtt, gëtt et e puer Punkten, déi eis awer schwéier um Mo géife leien, an dofir wäerte mer se net matstëmmen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen