M. Sven Clement (Piraten), coauteur | Merci, Här Pre- sident. Merci och dem Rapporter Charles Margue. Ech mengen,mirsinneisdeemProblembewosst,deenelo e bëssen entstanen ass, deen e bësse malgré nous ent- stanen ass, datt … Et ass u sech eng Dispositioun, wou et Unanimitéit an der Chamberskommissioun gouf, fir ze soen: Mir wëllen u sech keng Familljen … oder zu- mindest keng direkt Familljemembere gläichzäiteg an der Chamber sëtzen hunn, well mer awer e relativ klengt Parlament sinn. Doriwwer ware mer eis alle- guerte politesch eens. Et ass eeben elo duerch formell
Reegelen, datt dat dann awer méiglech gëtt. Mir hunn eis dann och alleguerte jo e bëssen an d’Ae gekuckt a gesot: Et ass net dat, wat mer wëllen!
Bon, elo kann ech awer der Madamm Oberweis zum Beispill soen, datt hire Papp dann awer elo an Zu- kunft erëm dierft an d’Chamber kommen, wann en nach eng Kéier wéilt matgoen, a si gläichzäiteg och hei dierft sëtzen. Idem bei ganz anere Leit, déi hei- bannen och familiär an der nämmlechter Partei oder och deelweis parteiiwwergräifend engagéiert sinn. An dat géif vläicht och fir déi eng oder aner interes- sant Konstellatioun suergen. Et ass awer net dat – an dat wëll ech nach eng Kéier soen –, wat mir als Legis- lateur, wat mir heibannen och an der Kommissioun eis u sech als Zil gesat hunn, a mir wäerten och, sou wéi ech d’Kommissioun verstanen hunn, nach eng Kéier op déi heiten Dispositioun um Verfassungs- niveau mussen zréckkommen. Dat wäert awer net méi dës Legislatur a sécher net virun dëse Wale ge- schéien.
An dofir, mat all deenen aneren Ännerungen, op déi mer am Detail agaange sinn, si mer averstanen, an ech ginn eisen Accord.