Proposition de loi 7883 iwwert den informa- teschen Ekipement an de Primärschoulen

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci fir d’éischt emol dem Martine Hansen fir déi gutt Propos, déi awer muss diskutéiert ginn a wou ee sech awer Gedanken driwwer maache soll, well wat d’Buch vu gëscht war, ass d’IT-Material vun haut. Et

ass also eng Erausfuerderung an a mengen Iwwer- leeungen – an och an den Iwwerleeunge vun de Pi- raten – geet et guer net ëm d’Geld an där Geschicht, et geet einfach drëm, dass een déi selwecht Chancë muss hunn. Well ob de Staat et elo bezilt aus enger Hand vun de Steiergelder oder d’Gemeng aus där anerer, et ass kif-kif! Et geet drëm, dass einfach jid- deree soll déi selwecht Chancen hunn.

Mir hunn elo zënter gëscht 100 Gemengen am Land, da sinn et och 100 verschidde Chancen, déi déi eenzel Kanner herno um Terrain hunn. Et sinn 100 verschid- den Aarbechtsbedéngungen, déi d’Educatiounsper- sonal huet. An dat ass eppes, wou mer als Chamber mussen eng Kéier méi op de Fong goen. Wéi kann et an esou engem klenge Land sinn, dass mer 100 ver- schidde Chancen hunn, dass ee muss …? Jo, ech hat eng Kéier dem Fränk Colabianchi gesot: „Bei dir ass jo eppes wéi Disneyland! Dat ass jo super bei Dir zu Bartreng, do ass alles un IT-Material!“

Wann een d’Chance huet, do ze liewen an do an d’Schoul ze goen, huet een natierlech aner Chancen, fir an d’Liewen ze starten, wéi elo an enger anerer Gemeng – an dat ass eng Ongerechtegkeet! Dat ass eng Ongerechtegkeet, iwwert déi mir als Parlament eng Kéier musse schwätzen, well déi 60 si gewielt fir jiddereen. An dat ass déi Ongerechtegkeet, déi mer mussen aus der Welt schafen.

D’Personal ass jo och net iwwerall d’selwecht op- gestallt, dat hu mer an der Covidpandemie gesinn. Ech hunn do jo och Question-parlementairen derzou gestallt. Et gouf dem Personal gesot: „Maacht Home- schooling!“ Jo, si kruten awer d’Material net zur Ver- fügung gestallt! Dat heescht, si hu misse kucken, dass se dat privat Material dann huelen, fir iergendwéi mat de Kanner kënnen déi Schoul ze halen.

Do hat ech dann och nach ganz frech gefrot, ob de Mi- nistère da wéinstens iergendwéi do géif entgéintkom- men an an deene Situatiounen dann d’Material géif ganz schnell zur Verfügung stellen – ass awer leider net esou! Dat heescht, alleguerten déi an de Primär- schoulen, déi hu misse kucken, dass se iergendwéi als Personal eens gi sinn, well se dat net haten. An on top kënnt nach derbäi: Déi, déi dunn eppes kaf hunn, hunn dann och nach Schwieregkeeten, fir dat steierlech ofze- setzen. Dat heescht, een, deen dohinnergeet an e seet och nach: „Ech maachen et privat, ech kafen deen“, deen huet och nach esou vill Bedingungen, dass en dat steierlech emol net einfach kann ofsetzen. Dat ass deen anere Problem, dat ass d’Question parlementaire 5505 vum 22. Februar d’lescht Joer.

Déi 36 bis 45 Milliounen, déi de Staat geschat huet, jo, an déi 200 Leit – mee rechent dat emol eng Kéier ëmgedréint –: Wéi vill géift Der da spuere par rapport zu elo? Elo hutt Der 100 Gemengen, wou jidderee seng Informatiker muss astellen. Herno hutt Dir der 200 … Ech versti just Är Zuelen net, well dee CGIE – ech hunn dat elo nogesicht –, dee gëtt selwer un op sengem Internetsite, 30.000 iPads, 20.000 Computeren a 600 Serveren ze hunn. Dat ass schonn eppes Gréisseres! Dass déi mussen 200 nei Informatiker astellen, fir de Gemengen eppes ze ginn, wat den Educatiounsminis- tère jo a sech virgëtt … Den Educatiounsministère seet dem Personal: „Dir musst“, ech weess, ech sinn der- géint, „den Office 365 benotzen“, mee Dir gitt et awer vir, mee de Support kënnt awer net vum Educatiouns- ministère!

Gesitt Der, wéi vill Problemer do sinn? Ech soen net, dass deen heiten Text déi perfekt Léisung ass, mee als Chamber sollte mir awer deen dote Problem eng Kéier seriö diskutéieren, op där enger Säit fir d’Perso- nal, fir Léisungen ze sichen, op där anerer Säit awer och fir d’Schüler. Well wéi ech am Ufank gesot hunn:

jeudi 9 février 2023 11 | 40 Et ass net eng Käschtefro, déi herno soll bestëmmen,

wéi eng Chancen een am Liewen huet.

Beim Dateschutz, do muss ee jo och soen … Ech war do e bëssen iwwerrascht, wéi de Minister mer op d’Question parlementaire geäntwert huet, dass ee soll dann de private Support benotzen. Dat heescht, all déi Daten, déi d’Educatiounspersonal huet, iwwert d’Schüler, d’Auswäertungen, dee ganzen Office 365, do seet den Educatiounsministère dann an der offi- zieller Question parlementaire, dat solle se op engem private Computer benotzen. Dat ass fir eis Piraten to- tal onlogesch. An dat ass och einfach näischt vun Da- teschutz verstanen!

Wa mer gären en Dateschutz hätte fir alleguerten déi Date vun de Kanner, mee da muss den Educa- tiounsministère senge Leit – an dat ass nu mol an de Gemengen de Fall, dass den Educatiounsministère och sech ëm d’Personal këmmert –, da musse mer deenen och dee Support zur Verfügung stellen. Mir mussen hinnen dann och dat néidegt Material ginn. Wéi soll ee schaffen, wann een dat net zur Verfügung kritt? Well dat ass awer den Educatiounsminister, dee gewësse Kadere setzt, dee seet, wéi eng Software ee muss benotzen, wat ee soll maachen – mee e gëtt näischt! An dat ass eng Diskussioun, déi een eng Kéier muss féieren.

Et ass einfach, elo ze soen: „Dat dote kënnt vun der Oppositioun, dat leene mer emol of!“, mee mir hunn awer schonn e puermol opgeworf, dass et do Pro- blemer gëtt! A wat ass bis dohinner geschitt? Well dat dote war elo 2022; ech kann och nach zrécksiche goen, et sinn och nach aner Question-parlementairen do, déi de Problem opgeworf hunn. Bon, Kapp an de Sand an et geschitt näischt!

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | Et sinn der esou vill, dass e sech net méi erëmfënnt.

M. Marc Goergen (Piraten) | Genau, Här Di Bartolomeo, Dir hutt Recht, et sinn der esou vill, do géif ech se net méi erëmfannen! Dofir hat ech mer déi heiten elo erausgesicht, well ech déi nach am Kapp hat vun deemools mat där Problematik, well eeben d’Léierpersonal deemools wärend Corona schonn déi Problemer opgeworf huet. Wat ass geschitt? Näischt! Si stinn nach ëmmer haut ouni dat néidegt Material do, well de Ministère sech et einfach bequeem mécht a seet: „Dat maachen déi 100 Gemengen.“ Déi 100 Gemenge mussen eens ginn, an doduerjer, wat ass et? De Bierger huet herno net déi selwecht Chancen!

Mir sinn eeben e Parlament, wat fir jidderee gewielt ass, da solle mer och jidderengem déi selwecht Start- chancen an d’Liewe ginn, an net ofhängeg dovunner, wou ee wunnt!

Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an