M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt merci dem Rap- porteur éternel vun eise Covidgesetzer fir de mënd- lechen a schrëftleche Rapport. Nee, ech mengen, dat ass mëttlerweil schonn onendlech, datt en dat mécht. Ech hoffen, datt et iergendwann endlech ass an datt mer net nach e puermol mussen heirop zréckkommen.
Bon, déi puer Ännerungen, déi mer dann haut maa- chen, sinn, mengen ech, schonn erkläert ginn, datt mer den Term „Pandemie“ sträichen, dat féiert zu ganz ville redaktionellen Ännerungen. Wéi ech déi éischt Versioun krut vum Texte coordonné, hunn ech geduecht: „O mäi Gott, wat gi se elo hei alles änne- ren?“ An a Wierklechkeet war et op ganz ville Plazen einfach, den Term „Pandemie“ ze sträichen, wat faarf- lech an der Version consolidée no immens vill ausge- sinn huet, wat am Endeffekt awer ganz wéineg un der Substanz geännert huet.
Et ass awer definitiv eppes, wat jiddwereen heibanne begréisst, datt d’OMS d’Enn vun der Pandemie dekla- réiert huet. Och wann de Covid-19 nach ëmmer net zu 100 % fort ass, sou kann een dann awer wéinstens net méi vun enger Pandemie schwätzen, mee mir schwätzen elo vun engem weidere Stadium vun deem blöde Virus.
Wat mir Piraten dann awer och weider ausdrécklech begréisse kënnen, ass, datt et weider Ausname gëtt fir Leit, déi wëllen eng Mask droen an datt se domadder net automatesch ënnert d’Vermummungsverbot falen. Grad wärend der Pandemie hunn d’Maske gewisen, datt se – ënnert de Konditiounen, datt se richteg be- notzt goufen – e ganz gudde Schutz bidde kënnen, an dat net nëmme virum Covid, mee virun enger ganzer Rëtsch u Krankheeten. All Joer erëm hu mer am Wan- ter Grippesaisonen an do kann de Mask och an Zukunft hëllefen, datt eebe grad ee sech schütze ka respektiv, wann ee sech selwer e bësse krank fillt, een och déi aner viru sech selwer schütze kann. A mir mussen do- wéinst jidderengen – mee grad de vulnerabele Mën- schen – d’Méiglechkeet ginn, sech och weiderhi mat engem Mask kënnen ze schützen.
Ech wëll elo … Ech wollt mer u sech op d’Zong bäissen an elo näischt méi dozou soen, wat ech elo grad hei vu menger Virriednerin héieren hunn. Ech fannen et im- mens bedenklech, wann hei op der Tribün en Discours gefouert gëtt, deen awer eng ganz Rëtsch Froen op- werft, ënnert der Hypothees, datt et op déi Froe keng Äntwerte gëtt, obwuel een als vollwäertege Member vun der Santéskommissioun Äntwerten op déi Froe kritt hätt, Accès zu den Experten hat, se konnt froen. Jo, et konnt ee keng Show op enger Tribün maachen, op enger Bün, wou ee sech dann nach selwer hätt kën- nen als Moderateur en scène setzen, mee et hätt een all déi Leit kënne froen, et hätt een all déi Leit kënnen interviewen, et hätt een all Informatiounen …, op all déi Froe kënnen Äntwerte fannen. An ech fannen et ganz schlëmm, datt een dann heibannen … Knapps ass deen een net do, deen ëmmer …, deen den duussen Omikron wollt mat heembréngen, scho kënnt et vun der anerer Säit vum Spektrum. Ech hunn dat heiban- nen e puermol gesot: Ech fannen dat ganz schlëmm!
(Interruption)
Ech mengen, ech hunn iergendee getrëppelt heiban- nen, Här President. Et ass awer ok.
(Interruption)
Wann ech dann awer iwwer Transparenz schwätzen, da wëll ech awer eppes soen, an dat ass: Jo, mir kën- nen als Santéskommissioun all d’Froe stellen. Ech wär awer ganz frou, wa mer vun der Madamm Ministesch iergendwann eng Kéier och déi Kontrakter vun den Impfbeschafunge géife kréien, well do geet et net ëm d’Wierksamkeet, do geet et net ëm weider Secreten. Do geet et drëm, ob mer nach ëmmer Impfstoffer kafen, obwuel mer se net méi asetzen, an ob mer eis dozou kontraktuell verflicht hunn. Well dat huet en Impakt op de Staatsbudget. Dat ass net eng Fro, mat wiem mer en Deal gemaach hunn, firwat mer deen Deal gemaach hunn. Dir wësst, ech hunn heibannen all Commande ënnerstëtzt. Ech hu mech bei Minus- graden an d’Rei gestallt, fir an engem PopUp kënnen zu deem Zäitpunkt geimpft ze ginn, wou et méiglech war. Dat dierf awer e parlamentaresche Contrôle vun der Beschafungsstrategie vun deenen Impfstoffer net aushiewelen.
Dat gesot, wäert ech da mat der neier Verfassung – an den Här President weess et, datt hien nach virun der nächster Conference e Bréif wäert vu mir hunn – nach eng Kéier à charge goen zu deem heite Gesetz.
Ech mengen, ech hunn et kloer gemaach, mir wäer- ten et ënnerstëtzen a mir hoffen, datt mer net nach zéng weider Iteratiounen dovunner brauchen. Ech soen Iech Merci.