Projet de loi 8212 iwwert d’Ausbezuele vum equivalente Crédit d’impôt bis den 31. Dezember 2024 fir REVIS- an RPGH-Beneficiairen

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, jo, mat dësem Geset- zesprojet leeft dann de Steierkreditt fir d’Leit, déi de REVIS oder den RPGH kréien, ab elo erëm weider.

Merci als Éischt un de Gilles Baum fir déi exzellent Ze- summenaarbecht an der Tripartitt-Kommissioun, wou et ëm vill Geld och fir d’Leit geet. A genau dorëm geet et hei: D’Leit wäerten elo réckwierkend natierlech dat Geld kréie vun deene leschte Méint, op dat se u sech gewaart hunn. A vill vun hinne wäerte sech doriwwer freeën. Also, wie vun eis géif sech net doriwwer freeën, wann e réckwierkend Geld ausbezuelt kritt?

Mee et huet awer laang gedauert. Fir eis huet et u sech ze laang gedauert. Mir hate schonn am Fréijoer Direkthëllefe gefrot, well mer dervun ausgaange sinn, datt dat heiten dauere géif. Konkreet hate mer eng Léisung a Form vun enger Direkthëllef gefuer- dert. D’Leit hätten déi Suen direkt kéinten notzen a bräichten net all Mount drop ze waarden. Grad fir déi Leit, déi mam REVIS oder mam RPGH auskomme mussen, wier dat eng direkt Entlaaschtung anstatt enger retroaktiver Entlaaschtung gewiescht.

De Steierkreditt hei ass natierlech nëmmen eng Drëps op de waarme Stee fir déi Leit, déi wierklech mat engem Minimum mussen auskommen, vun deem, wat se kréien. Duerfir fuerdere mir Piraten weider- hin, datt d’Aiden, wéi eng Allocation de vie chère oder d’Subvention loyer, automatesch un d’Leit ausbezuelt ginn, déi se zegutt hätten. Wa mer d’Donnéeën net hunn, da musse mer d’Donnéeë schafen. Wa mer net wëssen, wéi et geet, da musse mer Weeër schafen, datt et geet.

Mir acceptéieren net, datt hei u sech mam Argument „Mir evitéieren en Déchet fiscal“ – dat muss ee sech emol virstellen! – geschafft gëtt, andeems een op Basis vu Leit, déi eppes zegutt hunn, déi awer net

wëssen, wou oder wéi et ufroen, u sech en Déchet fiscal evitéiert. Mir sinn der Meenung, datt dës Re- gierung, gradewéi déi nächst, eppes dorunner muss änneren a Weeër muss fannen, fir datt déi Leit, déi eppes zegutt hunn, et och automatesch guttge- schriwwe kréien.

Här President, beim Vott vun haut geet et awer just ëm dëse Steierkreditt, an dee gëtt jo automatesch be- zuelt. An dofir kann ech och den Accord vun de Pira- ten fir dëse Projet ginn.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen