Projet de loi 8210 iwwer d’Bäihëllefen am Kader vun der Kris um Energiemaart

M. Sven Clement (Piraten) | Jo, merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dësem Gesetz … A merci och un d’Rapportrice fir den exzellente mënd- lechen a schrëftleche Rapport. Et ass alles gesot, wat gemaach gëtt mam Gesetz. Mir verlängeren Aiden, mir verlängere Saachen, déi am Tripartitt-Accord ent- scheet goufen, an dat bis Enn 2024.

Mir Piraten hunn awer och heibanne méi wéi eng Kéier kritiséiert, datt dës Präisdeckele fir Elektresch a Gas ze héich an net sozial cibléiert sinn, well d’Regierung mécht domadder keng Sozialpolitick. Hei gëtt emol wierklech mat der Strenz …, also u sech ass et schonn net méi d’Strenz, et ass schonn de Pompjeesschlauch, mat deem een hei eng Kéier iwwer all d’Stéit geet: ob een elo seng 80-Quadratmeter-Zweezëmmerwunneng muss hëtzen oder eng Villa mat 500 Quadratmeter a sengem Pool. Mir bezuelen d’Hëtze vum Kannerzëm- mer geneesou wéi d’Hëtze vun der Sauna oder dem Indoor-Swimmingpool. Den Deckel vu 25.000 Kilowatt- stonnen d’Joer geet duer, fir e 24-Stonnen-Haushalt (veuillez lire: fir e 24-Persounen-Haushalt) mat Stroum

ze versuergen. Dat hate mer heibanne schonn e puer- mol virgerechent.

Ech verstinn, datt mer elo nach weider opmaachen aus deem Grond, datt mer jo déi Méifamilljenhaiser haten, déi zum Deel net propper ofgedeckt waren. Mee wann ech elo einfach déi 25.000 Kilowattstonnen d’Joer, déi mer hei maximal berücksichtegen, kucken, da kann e Véier-Persounen-Haushalt domadder all Dag eng Sauna bedreiwen an en ass nach ëmmer ënnert de Seuilen. Dat ass null sozial selektiv. An deem Sënn ass de Präisdeckel dann och net effikass. En hëlleft net deene Richtegen an e gaukelt de Leit vir, datt de Klima- wandel aktuell net esou e wichtegt Theema wär.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, da steet een awer virun engem Dilemma. Prinzipiell fënnt een, datt dat heiten déi falsch Approche ass. Et fënnt een awer och eethesch, datt ee grad déi Leit, déi et am dréngendste brauchen, net dierf am Kale sëtze loos- sen. An da kënnt een zu deenen Dilemmaen, déi mir Politiker kennen. Et huet ee Bauchwéi, et seet een: U sech deelen ech net d’Approche vun der Regierung, déi hei gewielt gëtt. Et kann een awer och net aus Prin- zippiereiderei géint eppes stëmmen, wat, och wann et zum Deel deene Falschen zegutt kënnt, awer och zum Deel deene Richtegen zegutt kënnt. An dofir, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, wäerte mer, wéi d’Virgänger- projeten, mat Bauchwéi deen heite Projet dann awer matstëmmen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a