Projet de loi 8178 iwwert de Finanzement vum negative Bäitrag am Kader vum Kompensatiounsmechanismus fir 2023

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President, och merci der Rapportrice. Bon, wéi gewinnt kënne mir dozou eisen Accord leider net ginn. Mir si jo net averstanen, dass et bis op 25.000 KWh eropgeet. Dat ass fir eis einfach eng Verschwendung vun Energie, wann ee kuckt, datt Enovos selwer seet: „Zu véier Leit huet een doheem normalerweis 5.000 KWh.“ Elo ginn déi 110 Millioune genotzt bis zu 25.000 KWh fir do- heem. Dir kënnt Iech virstellen, wat een do alles der- mat bedreiwe kann.

Deementspriechend ass et fir eis net sozial gerecht. Déi 110 Milliounen hätte kënnen anescht agesat ginn. Et hätt ee missen an d’Gesetz schreiwen, bis och nach 10.000 KWh, do wäre mir och nach dermat averstane gewiescht, fir e bëssen driwwer ze sinn, awer 25.000 KWh ass einfach vill ze vill! An do sinn et einfach herno ze vill Leit, déi matfinanzéiert ginn, déi eigent- lech schonn en Abus vun der Energie bedreiwen.

Mir sinn averstanen, dass Leit, déi en normale Stroumverbrauch hunn, solle gehollef kréien, mee mir ginn net mat bis op déi 25.000. Dofir wäerte mir eis enthalen.

Merci.

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister