Projet de loi 8170 iwwert d’Fixatioun vum Montant vun der Dotatioun vum Grand-Duc

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt de Grand-Duc be- zuelt muss ginn, dat steet ausser Fro. Datt seng Famill muss kënne vun eppes liewen, dat ass Deel vun enger constitutionneller Monarchie. Ech hu mech och e bësse schlau gemaach duerch Erëmfroen a vun deene Sue gi jo och zum Beispill Krankekeessbäiträg fir de Rescht vun der Famill bezuelt, fir déi, déi elo net an de Bene- fiss vun deenen heiten Dispositioune kommen.

Elo stellen ech mer awer eng Fro an dat ass: Virdru war et kloer opgedeelt. Et ass eng Liste civile ginn an et si Frais de représentation ginn. D’Frais de représentation ware fir ze representéieren, fir Ausgaben ofzedecke wéi zum Beispill vun Evenementer. An d’Liste civile war fir den Ënnerhalt vum Grand-Duc respektiv senger Fa- mill. Elo puche mer dat zesummen an een Dëppen a mir soen: „Dee ganze Montant ass steierfräi.“

Ech wär der Meenung gewiescht perséinlech, a mir als Piraten wären der Meenung gewiescht, datt een et änlech hätt misse reegelen, wéi et bei der Fonction publique ass, wéi et bei de Ministeren ass, wéi et bei den Deputéierten ass, dass een doriwwer hätt kënne schwätzen: Een Deel, dat ass d’Remuneratioun, an op déi gëtt Steiere bezuelt, an d’Frais de représentation proprement dits, dat si jo Ausgaben, déi ufalen, déi wäre steierfräi gewiescht. Dat wär eng Léisung ge- wiescht, mat där mir eisen Accord hätte kënne ginn. Esou bleift eis keen anere Wee, wéi eis ze enthalen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an