M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här Presi- dent. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och dëst Ge- setz ass wéi dat viregt eng Verlängerung vun enger
Dispositioun, déi mer hei an der Chamber schonn am Juli eng Kéier ugeholl haten. Dëst ass also och e Ge- setz, dat am Kader vum Tripartite-Accord 2.0 läit, dat den Entreprisë soll hëllefen, déi héich Energiekäsch- ten hunn.
Bon, d’Aidë ginn elo bis Juni 2023 verlängert a mir hoffen iergendwéi, datt et bis dohinner besser geet. Ech hu virdrun a menger Ried zur Verfassungspropos vun déi Lénk gesot, datt ech en Optimist sinn an datt ech gären an eng positiv Zukunft kucken. An esou ku- cken ech positiv an d’Zukunft an ech hoffen, datt mer tatsächlech am Juni 2023 kee weidert Gesetz brau- chen.
Wann ee bedenkt, datt mer hei just vun den Aidë fir déi éischt sechs Méint vum nächste Joer schwätzen, dann ass d’Enveloppe vun 375 Milliounen Euro dach substanziell. Do gesäit een, wéi grouss dësen Hëllefs- pak ass. D’Hëllefe goufen ausgeweit, esoudatt net nëmme méi d’Hëtzen, mee och d’Kille vun engem Betrib kann drënnerfalen. Jo, bei minus néng Grad dobausse stellt ee sech vläicht d’Fro: Killen? Mee mir maachen dat heite jo net just fir haut a fir muer, mee fir déi nächst sechs Méint, an do wäerten och Killag- gregater erëm gebraucht ginn. An et kann een dem Metzler och net soen, e soll seng Ham oder seng Ries- lingspaschtéit einfach virun d’Dier setzen, well ech mengen, da géif se ganz séier ëmgoen!
Och de Biogas ass elo Deel vun den Hëllefen. A wann eng Firma déi Hëllefe kritt an dës iwwer 50 Millioune leien, da muss dës Firma och innerhalb vun engem Joer dem Staat e Plang virleeën, wéi se méi klima- frëndlech wëll ginn a wéi se op erneierbar Energië wëll setzen. Dat ass eppes, wat mir Piraten nëmme begréisse kënnen, well et ass am Interessi vun all Firma, och vun deenen, déi net ënnert déi Krittäre falen, fir den Energieverbrauch esou nohalteg wéi méiglech ze gestalten. A bei esou héije Montanten ass och eng gewësse Verantwortung vis-à-vis vum Staat als Bailleur d’urgence u sech ginn.
D’Firme musse sécherstellen, datt se bei enger nächs- ter Energiekris besser opgestallt sinn, andeems se haut schonns op erneierbar an dezentral Energië set- zen, déi eis net ofhängeg vu fossillen Energien a virun allem net ofhängeg vun autoritäre Staate maachen.
Här President, dës Aidë si wéi d’Coûts non couverts néideg, fir eng Krisesituatioun ze iwwerbrécken. Si weisen an eisen Aen och, datt cibléiert Politik méig- lech ass. D’Betriber kommen an deenen nächste Wochen a Méint net laanscht dës Käschten an dofir brauche se kuerzfristeg a cibléiert Hëllefen.
Mir Piraten wäerten dofir dës Mesuren, grad wéi déi aus dem Juli, déi mer och schonn eng Kéier matge- droen hunn, och haut erëm matdroen. Mir bleiwen eiser Linn trei, an dat net, ouni dem Rapporter vill- mools Merci ze soe fir säi mëndlechen a schrëftleche Rapport. Ech soen Iech Merci.