M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’éischt soen ech dem Cécile Hemmen Merci fir de gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport. Jo, de Sport! Jidderee vun eis huet mindestens eemol a sengem Liewe schonn eng Kéier héieren, wéi wichteg Sport fir de Mënsch ass.
Une voix | Nee, dat ass nei.
M. Sven Clement (Piraten) | Ech hunn Iech elo net gesot: „Jidderee vun eis huet eng Kéier Sport ge- maach“, well ech si mer net honnertprozenteg sécher, datt dat géif zoutreffen. Mee jidderee vun eis huet awer schonn dovun héieren, datt et wichteg ass. An trotzdeem ass et an eiser Gesellschaft och esou, datt vill ze vill Leit sech net genuch beweegen. Vu Sport, zum Beispill an engem Grupp oder an de Veräiner, schwätze mer do nach guer net, do schwätze mer mol scho just vun akutem Beweegungsmangel.
Zum Beweegungsmangel geselle sech dann ëmmer méi Vollekskrankheete wéi Iwwergewiicht, Häerz- kreeslaferkrankungen oder Diabetes. An et geet net duer, just op medezinneschem Niveau op dës Evolu- tiounen ze reagéieren. Do ass d’Beweegung – a jo, de Sport – e wichtege Schlëssel, fir géint dës Evolutioune virzegoen. Dowéinst gëllt et hei, méiglechst fréi unze- setzen, also scho bei de Kanner.
Elo kann e Mënsch sech natierlech och eleng bewee- gen, mee mir mussen och do usetzen, wou d’Mën- sche sech ophalen. Bei de Kanner sinn dat d’Schoule respektiv d’Betreiungsstrukturen, wou se vill Stonne pro Dag ënnerwee sinn. Et geet awer net duer, fir ein- fach de Sport oder d’Beweegung op de Stonneplang ze schreiwen. Nee, d’Personal, dat dës Aktivitéite mat de Kanner mécht, muss entspriechend qualifizéiert sinn. An do komme mer da bei dëst Gesetz.
Hei spillt nämlech dann och d’Entwécklung vu moto- resche Fäegkeeten eng Roll. Et ass also net egal, wéi ee sech beweegt. Huelt dat elo net als Appell, Iech einfach net ze beweegen, well Der Angscht hutt, Iech
falsch ze beweegen, mee huelt et als Appell, wann Der Iech beweegt, Iech de préférence richteg ze be- weegen!
Dat gëllt dann net nëmme fir d’Personal an de Be- treiungsstrukturen an an der Schoul, dat jo souwisou scho staatlech forméiert gëtt, mee och d’Veräiner an d’Federatioune sinn drop ugewisen, fir gutt Personal, zum Beispill Traineren, ze fannen. Dozou gehéieren dann natierlech och Lizenzen a Formatiounen. Well nëmmen esou kënne mer sécherstellen, datt d’Quali- téit vun der Offer, déi mer wëllen, och stëmmt. An dat féiert dann och erëm bei den INAPS.
Aus der École nationale de l’éducation physique et des sports, der ENEPS, wéi se haut nach heescht, gëtt dann den Institut national de l’activité physique et des sports. Et soll hei awer net just ëm dee Wiessel vum Numm goen, mee och d’Aktivitéite sollen aus- gebaut ginn. A genau dat kënne mer nëmme begréis- sen: datt d’Aktivitéiten ausgebaut ginn. Wéi schonn uewe gesot, brauche mer qualifizéiert Personal an eng entspriechend Offer u Formatiounen, fir dann och déi Traineren ze forméieren. „Train the trainers“, kann ee bal soen.
Eng weider wichteg Missioun vum INAPS ass den na- tionale Register vun de Breveten an den nationalen Homologatioune respektiv den accordéierten Dis- pensen. Dat ass insofern wichteg, datt dat jo an eng ganz Rëtsch vun anere Projete respektiv Aktivitéite vum Staat eraspillt, wou haut scho Federatioune res- pektiv déi eenzel Sportveräiner mat zum Beispill dem Qualité+ (ndlr: subside Qualité+ pour clubs sportifs affiliés auprès d’une fédération sportive agréée) mam Staat ze dinn hunn.
Fir eis huet dann de Projet – an do ralliéieren ech mech dem COSL – just ee klenge Bemoll, well mir gesinn et och kritesch, datt eng finanziell Participatioun fir eng Formatioun am Ausland just da méiglech ass, wann et hei am Land keng identesch oder zumindest an Deeler identesch Formatioun vum INAPS gëtt. Wéi dat ge- nau an der Praxis herno ëmgesat gëtt, wéi komplizéi- ert dat gëtt nozeweisen, datt hei eng Formatioun net identesch ass oder deelidentesch ass, dat ass eng Fro, déi ech mer haut stellen, wou ech och dem INAPS wëll d’Chance ginn ze weisen, datt dat kee bürokratesche Waasserkapp gëtt, mee datt een do relativ einfach Léisungen am Sënn vun den Trainerinnen an Trainer fënnt, well déi hu jo och deelweis net ëmmer de ganze Curriculum direkt bei Hand.
Natierlech ass et aus enger Rei Grënn favorabel, wa méiglechst vill Formatiounen hei ugebuede ginn. Dofir sollte mer och probéieren, eis Offer souwäit et geet auszebauen. Mee mir sollten de Leit um Terrain och de Choix loossen, wéi eng Formatioun fir si spezi- fesch am beschte passt. An och e méi groussen an internationale Kader kann hei duerchaus nei Iddien oder Perspektive bidden. Mir sollten eis deem also net verschléissen.
Trotz deem klenge Bemoll gesi mer ganz vill positiv Punkten a ginn deementspriechend och eisen Accord. Ech soen Iech Merci.