M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. A schwieregen Zäiten, an dat gesi mer elo mam Ukrain- Konflikt, ass et wichteg, dass mer eng staark Arméi hunn an dass mer se och weiderhi stäerken. Et ass och richteg, dass eis Arméi méi Leit brauch, an et ass awer och leider richteg, dass déi a leschter Zäit ge- feelt hunn.
Ech hat eng Question parlementaire gestallt am Au- gust d’lescht Joer, dat war d’6520, op déi de Minister mer geäntwert huet, dass bei de Karriärsmilitären am Moment 120 Leit géife feelen. Dat heescht, et muss esou oder esou eng politesch Reaktioun kommen, wa mer wëllen, dass eis Arméi och an Zukunft ka weider- hi fonctionéieren. Wëssend, dass en neit Gesetz ën- nerwee ass – dat deelen ech och, dass et ze laang dauert an dass eis Arméi dat scho laang gebraucht hätt –, musse mer eis Gedanke maachen, wéi mer déi Arméi kënne méi attraktiv gestalten. Ob dat elo mat méi zivillem Personal ass, dat sief dohinnergestallt.
Ech hu mer déi eenzel Avisen, virun allem dee vum SPAL, och ugekuckt, wou de SPAL natierlech och zu Recht kritiséiert huet, dass e net gefrot gi war, obwuel dat awer rechtlech eigentlech hätt misse sinn, an duerno den Avis immens laang gedauert huet, bis en dann de Wee an d’Chamber fonnt huet. E werft och Froen op, déi berechtegt sinn. An ech rechnen der Madamm Empain dat och héich un, dass se am Detail nach eng Kéier op den Avis agaangen ass. Et huet eis awer trotzdeem elo net derzou beweegt fir ze soen: Mir stëmmen d’Gesetz net mat.
Mir wäerten d’Gesetz haut matstëmmen. Et ass net déi bescht Léisung. Et bleift fir eis nach ëmmer, dass een d’militäresch Karriäre muss ausbauen an dass déi musse méi attraktiv ginn, och fir d’Karriären duerno. An dat heiten ass elo eng Léisung, déi een aus der Si- tuatioun eraus muss fannen. Et muss ee sech do och bewosst sinn, dass eis Arméi zesumme mam CGDIS, mat der Police, mat der Douane quasi eng Konkur- renzsituatioun huet, dass mer e bëssen an deene selwechte Filièren, dem selwechte Personal fëschen an dat et net onbedéngt méi einfach mécht, fir Leit ze fannen.
Eng Kritick awer och nach op aner Projeten herno, déi mer dës Woch a viru 14 Deeg presentéiert kruten – ech hat et och an der Kommissioun du scho gefrot –, dat ass zum Beispill den neien SES-Satellitt oder de Cloudcomputing, wou ech mech elo net iwwert de Projet selwer äusseren, mee wëll soen, dass do a sech och just eng Aart Outsourcing ass. Dat heescht, dat si Projeten, déi eist Militär zwar kritt, mee wou awer keen Zaldot agestallt gëtt, kee fir eis Arméi herno wäert agestallt ginn. Dat heescht, mir huelen do
jeudi 9 mars 2023 13 | 42 zwar – aus dem Kapp eraus – eng Kéier 200 an eng
Kéier 250 Milliounen an de Grapp, mee mir schafe keng Attraktivitéit, fir dass Leit bei d’Arméi ginn, well déi schaffen net do.
Dat heescht, et si Projeten, wou mer op enger Säit d’SES hunn an eng Privatfirma herno sech wäert drëm këmmeren. Dat ass eeben eng Fro, déi ee sech och eng Kéier politesch muss stellen, ob ee mat esou Projeten awer net d’Attraktivitéit vun eiser Arméi schwächt. Op där enger Säit: Mir hunn net genuch Leit, déi bei d’Arméi ginn. Op där anerer Säit: Wann d’Regierung seet, mir huele Privatfirmen, mir huelen Externer, déi fir eis Arméi schaffen, mécht dat se net esou attraktiv wéi et eigentlech misst sinn. An dat ass och warscheinlech dat, wat sech vill Jonker froen.
Dann nach e bësse méi aktuell: Mir haten déi Diskus- sioun jo ronderëm en Dokter an der Arméi, wou dee selwechte Problem erëm war. Dat war och erëm Outsourcing, en Externen, deen dohinnerkomm ass. An do muss een awer … Ech ginn elo net op den Dossier selwer an, mee ech ginn awer op dat an, wat mer an der Kommissioun duerno diskutéiert hunn, wéi et iwwerhaapt gestallt ass am Generellen ëm d’Medezinn, ëm d’Dokteren an der Arméi, ob mer do net missten emol e bëssen eng Reform maachen, well et si jo net genuch Dokteren, wéi mer gewuer gi sinn, déi an der Arméi täteg sinn. D’Arméi kënnt och do net no. Infirmiere sinn der do, Doktere sinn der net ge- nuch do. A wéi mer dann domadder an Zukunft sollen ëmgoen, well fir eis Piraten ass et net esou, dass mer mussen op Externer oder sollten op Externer zréck- gräifen.
Mir hu gesinn, dass dat schifgaangen ass. An do ginn ech dem Minister emol net d’Schold, well dat ass jo och bei de Kontrolldokteren op enger anerer Plaz mat där selwechter Persoun geschitt. Mee et muss ee sech awer eng Kéier iwwerleeën, wa mer eng Arméi hunn, déi gewëssen Aufgabe soll erfëllen, firwat mer do esou oft, sief et elo bei de Projeten, déi presen- téiert ginn an déi deemnächst an d’Chamber wäerte kommen, sief et bei – wat fir mech eigentlech intern misst sinn – der Infirmerie, den Dokteren, op extern Leit zréckgräifen.
Ech hoffen, dëst Gesetz verbessert eppes un der Situatioun, well eis Arméi huet et eeben duerch d’Rekrutementsproblemer net einfach, mee mir brau- chen aktuell eis Arméi. Mir gesinn an engem Konflikt, wéi wichteg et ass, dass e Land sech och weiderhi verteidege kann.
Merci.