Projet de loi 8027 iwwert d’Eisebunnsinfrastruktur an d’Regula- tioun vun deem Marché

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Och merci dem Chantal Gary. A sécherlech hätt ech och mäi Bauch wéi bei dësem Gesetz, wann déi Liberalisatioun esou géif drastoen, wéi dat elo gesot ginn ass.

Et ass awer esou, dass mer zu Lëtzebuerg en anere Modell gewielt hunn, an zwar dass d’CFL eng ge- wësse Sécherheet kruten, dass se eeben dierfe wei- derhin eisen Zuchreseau huelen. Well ech mengen, heibanne géif jo och keen zoustëmmen, wa muer ier- genden anere wéi CFL géif eis Zich operéieren oder fueren. Deementspriechend sinn déi Dispositiounen zum Schutz vun eisen nationalen CFL, déi elo dra sinn an déi och den Zouschlag kruten an dat och iwwert déi nächst zéng oder zwanzeg Joer wäerte maachen.

Deementspriechend kann een haut berouegt zous- tëmmen. Anescht hätt ech natierlech haut och Nee gesot, mee esou stëmmen ech och zou. Merci.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt