Projet de loi 7995 iwwert d’Qualitéit vum Drénkwaasser

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Weltwäit hunn iwwer 2 Milliarde Mënsche kee ree- gelméissegen Zougang zu Waasser, Millioune Leit hu keen Zougang zu propperem Waasser, wat leider och zu ganz ville Krankheetsfäll a virun allem leider och zu Doudesfäll féiert.

Zu Lëtzebuerg hu mer déi Situatioun net, an dofir musse mer eist Waasser schützen an och fir d’Zukunft virbereeden. Well och zu Lëtzebuerg verschount de Klimawandel eis net an och fir eis wäerten nei Eraus- fuerderunge kommen.

D’Drénkwaasser zu Lëtzebuerg hat bekanntlech, wann een et vergläicht mat internationalen Etüden, schonn ëmmer ee vun den héchsten Uspréch. Eist Drénkwaasser war och elo schonn onbedenklech, et ass et elo net réischt ab deem Gesetz haut. Scho fréier konnt een ouni Problem – ech liewen nach ëm- mer, ech drénke vu Kand u vum Krunn – vum Krunn drénken, et war ni e Problem. Et ass eeben heiansdo méi hip, wann een iergendwellech gréng Fläsche mat italieeneschen Nimm komme léisst, fir déi dann ze drénken, wéi aus dem Krunn. Mee dat aus dem Krunn ass warscheinlech nach méi gesond wéi dat anert, ge- panscht vun iergendenger grousser Schwäizer Firma, déi mat „N“ ufänkt.

Dofir ass et wichteg, dass mer de Message ginn, dass mer soen: „Drénkt Waasser aus dem Krunn, et ass kon- trolléiert an et wäert jo elo nach besser kontrolléiert ginn!“

Natierlech stellt sech d’Fro vun de Gemengen, et stellt sech d’Fro vum Kanal an et stellt sech d’Fro vum Präis. Domat sinn ech bei mir am Gemengerot scho länger amgaangen, ech hunn awer och schonn an

der Chamber e puermol uklénge gelooss, dass mir

Piraten kee Fan si vun der aktueller Präisstruktur. An do ginn ech elo net op den Eenheetspräis an, mee am Moment sinn einfach déi Fixkäschte vum Kanal esou héich, dass d’Verbëtze vum Waasser net genuch ge- strooft gëtt par rapport zu deem, wat ee scho fix be- zilt.

Do muss eng Ännerung kommen, soudass déi, déi ze vill Waasser verbrauchen – sief et fir Swimming- poolen, fir den Auto dräimol den Dag ze wäschen, ech iwwerdreiwen elo –, déi einfach d’Waasser ver- bëtzen, méi mussen an de Portmonni gräife wéi déi, déi waasserschounend doheem wirtschaften an awer iwwert d’Kanalkäschten, iwwert déi Fixkäschten nach ëmmer en héije Präis bezuelen.

Gefillt sinn et 80 %, 90 % quasi, wat ee vu Fixkäsch- ten huet, an de Rescht ass just variabel. Do misst den Taux komplett anescht sinn, dat heescht, quasi keng Fixkäschte méi an dofir immens héich d’Fudderen, déi ee benotzt.

En anere Problem, deen ech ëmmer gesinn, an dat hunn ech och bei de staatleche Gebaier schonn ubruecht: Et gefält mer einfach net, dass mer esou vill Drénkwaasser, wat jo propper ass, huele fir eis Toilet- ten! Dat ass ee Punkt! Anerer, ech hunn et virdru gesot, zwou Milliarde Leit op dem Planéit, hu keen Zougang zu propperem Waasser, a mir spullen et d’Toilette erof!

Wa mir nei Gebaier bauen, an ech hunn dat, oder mir am Gemengerot hunn dat elo fäerdegbruecht: Do hu mer elo eng Maison relais, déi fänkt d’Waasser op an da geet dat an d’Toilette. Et geet schonn an d’Bewäs- serung, mee et geet awer och elo nach zousätzlech an d’Toiletten. Well et ka jo net sinn, dass mir, …

(Interruption)

… dass mir Drénkwaasser benotzen, fir d’Toiletten erofzespullen! Dat ass e wichtege Punkt, wou mir och an Zukunft eng Kéier an all den Infrastrukturen, déi de Staat baut, eng Hand mussen upake fir dat Waas- ser.

Ech hat mer nach d’Restauranten opgeschriwwen. Jo, bei der Petitioun, do war ech deemools derbäi, et ass awer gefillt e bëssen esou ageschlof iergendwou der- tëscht. Et hätt ee vill méi kënne maachen. Wann een e bëssen am Ausland ënnerwee ass, kritt ee scho mol d’office ëmmer Waasser dohinner gestallt.

M. Fernand Etgen, Président | Här Goergen, … M. Marc Goergen (Piraten) | Jo.

M. Fernand Etgen, Président | …d’Madamm Arendt …

Une voix | Jo.
M. Fernand Etgen, Président | … protestéiert direkt,

an ech mengen, och mat Recht.

Mme Nancy Arendt épouse Kemp (CSV) | Ech wollt just soen: Ech hat de Minister och gefrot, wou en da géif mat senger Sensibilisatiounscampagne bleiwen. Här Goergen, Dir wësst jo awer, datt mer eng Pande- mie dertëschent haten, tëschent dem Debat vun der Petitioun an der Sensibilisatiounscampagne. Et ass net grad ganz glécklech, wann d’Restauranten zou sinn, wa Karaffen, déi gedeelt ginn, eigentlech zu engem Moment, wou een net soll vill Kierperkontakt hunn, da lancéiert ginn. An dofir ass d’Campagne en retard geroden.

Une voix | Très bien!
M. Fernand Etgen, Président | Merci, Madamm

Arendt. An d’Wuert geet zréck un den Här Goergen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Dat gesinn ech ge- nau anescht, well wärend der Pandemie hätten

d’Restaurateuren Zäit gehat, fir sech drop virzeberee- den.

Une voix | O!
M. Marc Goergen (Piraten) | An, op där anerer Säit,

Dir kënnt mer awer elo net …

M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

M. Marc Goergen (Piraten) | … soen, dass eng Fläsch, déi Der offëllt hannert dem Comptoire, méi geféierlech ass, wéi wann Der eng Fläsch vun engem Softdrink oder soss iergendeppes erausschëtt. Et ass jo just de Garçon, deen dee Kontakt huet. Dee geet jo net mat där Fläsch duerch de ganzen …

Mme Nancy Arendt épouse Kemp (CSV) | Déi waren zou, d’Restauranten, wärend enger laanger Zäit!

M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, mee dee geet jo net duerch de Restaurant an deelt dat aus. Et steet jo um Dësch, ganz normal, wéi eng Fläsch. Dir hutt jo scho verschidde Restauranten, déi maachen dat, …

(Brouhaha)

… dat ass eng ganz normal Fläsch, do ass hire Logo drop, oder de Logo vun där Pompel. A bon, ech ge- sinn do kee Problem, dass iergendwellech Bakterie géifen drakommen, net méi, wéi wann Der eng vun enger Mark oder soss iergendeppes, oder eng Fläsch Wäin, géift bestellen, déi jo och de Serveur Iech bréngt.

Ech verstinn Är Argumentatioun, ech sinn awer dach der Meenung, dass mer scho kéinten d’Waasser an de Restauranten hunn an dass dat e ganz gudde Projet wär, deen och eisem Tourismus an eiser Gas- tronomie gutt géif stoen, wann een dat Waasser géif kréien.

Ech soe jo mol net, dass et muss gratis sinn. Et muss jo mol net gratis sinn, mee dass een dat Drénkwaas- ser kritt, anstatt dass een – an dat hunn ech oft, wann ech eng Pizza iesse ginn – keng aner Wiel huet. Da kritt een eeben dat Waasser vun deem Schwäizer Konzern dohinner gestallt. An da freet een nach: „Däerf ech da Krunnewaasser kréien?“, an da seet de Restaurateur: „Nee.“ Bon, do hunn ech eng ganz aner Opfaassung. Mir hu gutt Drénkwaasser, dat kann och.

A jo, zum Projet wäerte mer natierlech Jo soen. Merci. M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a
Vill Leit maachen sech eng Photovoltaikanlag op den Dach, fir selwer Energie hierzestellen. Nodeems d’Anlag um Dach installéiert ginn ass, muss een awer e