Méi Wunnenge BAUEN

Inhalt

Wunnen zu Lëtzebuerg: Méi Wunnenge BAUEN

D’Wunnengspräisser um Privatmarché sinn zënter 2018 richteg explodéiert, mam Resultat, dass vill Mënschen hei am Land all Mount ganz vill Sue fir ee Kredit oder ee Loyer opbrénge mussen. Verschidde Persounen hunn iwwerhaapt keng Chance méi, fir um private Wunnmarché eppes ze fannen a mussen aus dem Land plënneren.
Et dierf net sinn, dass Mënschen, déi hei am Land opgewuess sinn, aus finanzielle Grënn mussen auswanderen ! Fir d’Piraten ass d’Léise vun der Wunnengskris eng kloer Prioritéit. Piraten wënschen sech eng Wunnengspolitik, an där net den décke Portmonni entscheet, mee wou jiddereen een Daach iwwert dem Kapp ka kréien.

Ee Masterplang fir de Logement

102 Gemengen, eng Rëtsch Ministèren an zwee ëffentlech Promoteure sinn aktuell um Bau vun ëffentleche Wunnenge bedeelegt. D’Gemengen hunn a villen Entscheedungen am Wunnengsbau dat lescht Wuert an dat mécht d’Situatioun um Wunnmarché net méi einfach.
Den offiziellen Zuele vum STATEC no bréichte mer aktuell ronn 8.000 zousätzlech Wunnengen d’Joer, fir dem demografeschem Wuesstem an eisem Land gerecht ze ginn. Souguer, wou d’Zënsen nach niddreg waren, goufen awer mol net 4.000 Wunnengen d’Joer gebaut. Et gëtt vill geschwat vun iwwer 4.000 Hektar u verfügbarem Bauland, mee de Staat weess aktuell mol net, op wéi vill vu sengen Terrainen an noer Zukunft eng Wunneng wäert stoen.

D’Piraten wëllen ee Masterplang Logement, aus deem ervirgoe soll:

  • Wat den aktuelle Stand um Wunnmarché ass;
  • Wouhin de staatlechen a private Wunnengsbau histeiere soll (wéi vill soll pro Joer privat gebaut ginn a wéi vill staatlech ?);
  • Wien responsabel ass a wien dat lescht Wuert beim Bau vum Logement ze soen huet;
  • Wéi eng Virgabe fir de Bau vun all weiderer Wunnunitéit musse gëllen (Bau vun zousätzlechen Infrastrukturen, wéi Dokteschcabineten, Crèchen, Schoulen, Butteker, etc.);
  • Dass bei all gréisserem Bauprojet, eng Mindestzuel u Wunnenge fir sozial Zwecker virgesi gëtt. Dës Wunneng muss un de Staat goen a soll dann den ASBLen fir Sozialprojete genotzt ginn;
  • Wien vum ëffentleche Wunnenge profitéiere kann an och zu wéi enge Konditiounen (mam Nationale Register fir Wunnengen = RENLA).

Méi Suen an den ëffentleche Wunnengsbau investéieren

Verschidde Fonge beim Staat, wéi de Pensiounsfong, hu riseg Reserven, déi zum groussen Deel an auslännesch Projeten investéiert ginn, déi weder d’Mënscherechter, d’Ëmwelt an de Klima respektéieren.

D’Piraten wëllen:

  • Mindestens 5% vun de Reserve vum Pensiounsfong notzen, fir ëffentlech Wunnengen hei am Land ze bauen;
  • Méi Suen aus dem Staatsbudget an den ëffentleche Wunnengsbau investéieren;
  • Fongen fir bezuelbare Wunnraum opstellen, wou privat Investisseure géint ee fixe Rendement kënnen hir Sue placéieren.

Ee Code de la Construction aféieren

Aktuell reegele verschidde Gesetzer d’Bauen hei am Land (Landesplanungsgesetz vun 2004, Naturschutzgesetz, Denkmalschutzgesetz, etc.). Dobäi kënnt, dass och all Gemeng säin eegene Bautereglement huet, wat et fir Architekten a Bauhären zu méi Bürokratie féiert. D’Piraten wëllen eng besser Iwwersiicht iwwert all d’Reegelen an och eng Harmoniséierung tëschent de Gemengereglementer bewierken. An d’Baute-Reegele gehéiert an eisen Aen déi gewënschte Benotzung vum Terrain souwéi déi erwaarte Besiedlungsdicht, ma net, wéi eng Faarf den Daach oder eng Garagëpaart soll hunn.

D’Piraten fuerderen:

  • Dass déi bestoend Gesetzer all an engem Code de la Construction ënnert een Hutt bruecht ginn, fir méi Kloerheet an dësem Beräich ze suergen;
  • Dass d’Gemengebautereglementer an dësem Code de la Construction harmoniséiert ginn, soudass an alle Gemengen op 90% déi gläich Aschränkungen a Méiglechkeete fir d’Bauhäre gëllen;
  • Dass d’Bebauungspläng, ausser an historesche Quartieren, net mat Virschrëften iwwerlaascht ginn, esou dass d’Proprietäre méi Fräiheete kréien, wéi se op hirem Terrain wëlle bauen;
  • Dass an neie Lotissementer méi héich ka gebaut ginn, fir esou méi Mënschen eng Méiglechkeet op eng erschwénglech Wunneng ze ginn.

Nei Wunnformen erméiglechen

Wat méi Wunnengen op engem Terrain gebaut ginn, wat all Wunneng méi bëlleg ka verkaf ginn, well een den Terrainspräis op all Wunnunitéit kann opdeelen an d’Baukäschten normalerweis stabil bleiwen (ronn 4.000€/m2 +/-). Gläichzäiteg hu méi héich Gebaier de Virdeel, dass een hei och Servicer op verschiddene Stäck direkt mat abaue kann, déi dann alle Bewunner vum Quartier Liewensqualitéit brénge mat Crèchen, Epicerien, Bäckeren, Cabinets médicaux oder Kinéen.
Op anere Plazen, grad am ländleche Raum, sollte mer d’Kierch am Duerf loossen an op aner Léisunge setzen, déi sech an d’Landschaftsbild afügen.

D’Piraten:

  • Sinn oppe fir och nei Weeër am Wunnengsbau ze goen, wa se technesch realiséierbar sinn, vun de Leit op der Plaz gewollt sinn a Sënn maachen;
  • Wëllen d’Gesetzer an d‘Reglementer (Code de la Construction) un den aktuelle Stand vun der Technologie upassen an nei Formen an vun energeetescher Renovatiounen (zum Beispill duerch d’Vergréisserung vun der Aussenhüll vun engem Gebai) erlaben.

Bauprozedure vereinfachen an digitaliséieren mam Baute-Guichet

D’Bauprozeduren hei am Land sinn oniwwersiichtlech a komplex. Dëst ëmsou méi, well nieft der Gemengeverwaltung och d’Verwaltunge vu véier Ministèrë mat an ee Bauprojet kënnen involvéiert ginn. Vill Bauhäre verléieren den Iwwerbléck a frustréieren am Pabeierdschungel. Dobäi si Prozedure richteg a wichteg, fir ze verhënneren, dass hei am Land egal wat an egal wou gebaut gëtt.

D’Piraten schwätze fir eng Ännerung vun de Prozeduren aus, andeems een op d’Digitaliséierung setzt:

  • Mir ënnerstëtzen d’Iddi vun engem Guichet unique (engem Baute-Guichet), wou vun der éischter Demande bis hin zur Geneemegung déi ganz Bürokratie digital verlagert gëtt. Den Demandeur soll op dësem Portal kënne gesinn, bei wiem seng Demande leit;
  • Dës Plattform soll fir méi Transparenz beim Baue suergen, well mat den Donnéeë Statistiken opgebaut kënne ginn, fir ze kucken, wéi schnell Bauprojete virukommen. D’Bierger:inne kënnen esou objektiv novollzéien, bei wéi enger Verwaltung d’Demanden hänken an domadder kënne mer dann d’Prozedure fir alleguerten déi Bedeelegt verbesseren;
  • Mir setzen eis dofir an, dass endlech Friste gesat ginn, bis dass eng Baugeneemegung muss erdeelt oder ofgeleent ginn. Fir dass déi Fristen agehale ginn, muss dann entweder d’Prozedur méi schlank gemaach ginn oder méi Personal an de Ministère kommen, fir d’Demandë méi schnell kënnen ze behandelen.

Mam Privatsecteur zesummeschaffen

Aktuell existéieren um nationale Plang just zwee grouss ëffentlech Promoteuren: de Fonds de Logement (FDL) an d’Société National d’Habitations à Bon Marché (SNHBM). D’Waardelëschten, fir hei eng gënschteg Wunneng kënnen ze kréien, si laang an déi zwee Promoteure kommen zënter Joerzéngten net mam Bauen no. De grousse Besoin un erschwéngleche Wunnenge mécht et néideg, dass de Staat och mam Privatsecteur zesummeschafft, wou iwwer 90% vun de Wunnengen all Joer gebaut ginn.

D’Piraten sinn oppen dofir:

  • Dass och privat Promoteuren d’Offer gemaach kréien, fir bezuelbar Wunnprojete fir de Staat ze bauen. D’Bauen duerch de private Promoteur muss ënnert strengen Auswielkrittären an enger Konventioun festgehale ginn an d’Gewënnmargë fir de Promoteur mussen attraktiv, awer limitéiert bleiwen. D’Wunneng dierf herno net méi deier ginn, wéi wann de Staat selwer gebaut hätt. Den Terrain vum Bauprojet muss an all Fall an ëffentlecher Hand bleiwen.

Baulandleasing

Fir Bauterrainen esou schnell wéi méiglech kënnen ze notzen, bis dass genuch staatlech Wunnengen do sinn, sollt ee bestoend Terrainen elo schonn notzen:

  • D’Piraten schloen ee Leasing vum Bauland vir, woubäi de Staat privat Terraine fir e puer Joer least an dann do drop schnell modular Wunnenge fir e puer Joer kann opriichten.

Méi Aarbechter:innen gi gebraucht am Bausektor

Obwuel de Bausektor hei am Land mat ee vun de gréissten an Europa ass, feelen op alle Schantje Leit, fir méi schnell ze bauen. Gläichzäiteg sinn d’Salairen am Bausektor mat déi niddregst, wann een Zuele vum STATEC kuckt. Och den Internationale Wärungsfong an d’Konkurrenzautoritéit hunn de selwechte Constat gemaach.

Fir eis Piraten mussen d’Aarbechtskonditiounen am Bausektor verbessert ginn, fir méi Leit unzelackelen. Mir proposéieren:

  • Een temporäre Steierkredit fir Salariéeën am Bausektor, deen de Netto-Salaire erhéicht;
  • D’Aféiere vun enger Reduktioun vun de Jore bis d’Pensioun;
  • Eng Verbesserung vun de Congésdeeg souwéi ee bessere Schutz am Fall vu Krankheet;
  • De Bau an d’Bereetstelle vun temporären Déngschtwunnengen (modular Bauten) fir Bauaarbechter:innen, déi aus dem wäiten Ausland heihinner kommen.

Méi Transparenz bei Baugeneemegungen

Aktuell gesäit d’Gesetz vir, dass de Buergermeeschter an enger Gemeng d’Baugeneemegunge muss ausstellen, wann all d’Reegele vum PAG a PAP erfëllt sinn. An der aktueller Wunnengskris, wou Terraine Gold wäert sinn, féiert dat awer ganz schnell zu Situatiounen, déi zu Interessekonflikter a Korruptioun féiere kéinten.

Mir Piraten wëllen:

  • Dass d’Baugeneemegungen an Zukunft vun enger Majoritéit vu Leit am Gemengerot gestëmmt ginn. Dëst géif de Buergermeeschter entlaaschten an et géif de Gemengerotsmemberen et erlaben, kritesch Froen zu verschiddene Projeten anzebréngen an de Bierger:inne erlaben, eng besser Kontroll doriwwer ze kréien, wat wou gebaut gëtt, éiert et autoriséiert ass;
  • Dass d’Nopere vun den Terrainen, wou ee Bauprojet realiséiert gëtt, virun der Baugeneemegung automatesch iwwert de Projet informéiert ginn, fir Asproch kënnen anzereechen.

Schafe vun engem Conseil Supérieur du Logement

An dësem Gremium solle Vertrieder aus Proprietären, Locatairen, Wëssenschaftler, Immobilienprofien a Finanzinstituter soll als ‘Denkfabrik’ funktionéieren an duerch onofhängeg Avis’en d’Politik beroden, fir de Wunnengsmaart besser plangen ze kënnen. De Conseil soll onofhängeg vu politesche Faarwen zesummegesat sinn: e soll d’Zivilgesellschaft representéieren an net d’Politik.

D’Potenzial vun der Groussregioun notzen, fir Drock vum nationale Wunnmarché ze kréien

Mir kréien de Wunnengsproblem net geléist, andeems mer nëmmen um hei am Land plangen a maachen. D’Groussregioun muss aktiv an d’Bewältegung vun der Wunnengsproblematik matagebonne ginn. Et geet dorëms, d’Liewensqualitéit grenziwwerschreidend z’erhéijen. D’Potenzial vun der Groussregioun muss genotzt ginn, fir Drock vum nationale Wunnmarché ze kréien.
Mir Piraten kéinten eis gemeinsam Bau- an Infrastrukturprojeten iwwert der Grenz virstellen, wou Gemengen op béide Säite mam Staat gemeinsam matmaachen.

Perimetererweiderunge verhënneren

D’Rapporte vum Observatoire de l’Habitat weisen, dass zu Lëtzebuerg nach ronn 4.000 Hektar Land fir de Wunnengsbau kënne benotzt ginn an deemno Bauterraine fir 300.000 weider Persounen hei am Land verfügbar sinn. Iwwer 500 Hektar sinn am Besëtz vum Staat an de Gemengen ! Dorobber kënnen déi nächst 20 Joer nach zéngdausende Wunnenge gebaut ginn!

Dofir ass eisen Usaz:

  • Léiwer déi bestoend Grondstécker benotzen, wéi weider Bëscher ofzeholzen an d’Natur zouzebetonéieren;
  • D’Wunnengskris dierf net op Käschte vun eiser Natur an Ëmwelt goen: mir Piraten si skeptesch, fir nach méi Flächen hei am Land als Bauland auszeweisen. Perimetererweiderungen dierfen ausschliisslech fir d’ëffentlech Hand a fir sozial Wunnenge genotzt ginn.

De Bausektor nohalteg gestalten

Aus der Rubrik Ëmwelt iwwerhuelen

Bauschutt reduzéieren

Aus der Rubrik Ëmwelt iwwerhuelen

Historesch Gebaier erhalen a mat Liewe fëllen

Aus der Rubrik Ëmwelt iwwerhuelen