Nohalteg & attraktiv

Inhalt

Lëtzebuerg zu engem Wirtschaftsstanduert fir Climatetech maachen

Mir Pirate wëlle kleng Servicer wéi eis Handwierksbetriber stäerken an och de Secteur Climatetech encouragéieren op Lëtzebuerg ze kommen. Ënnert Climatetech falen zum Beispill Solaranlagen an allen Formen, (Mikro)Wandrieder a Carbon capture.
Domat erwëscht een zwou Mécke mat enger Klapp wëll een eng Léisung fir d’Klimakris weiderdreift an nohalteg Aarbechtsplaze schaaft. Fir Solaranlagen ze bauen, brauche mir qualifizéiert Handwierker. Mir ginn dovun aus, dass fir den Bau vu Solaranlagen duerch eise Programm Sunergy ronn 400 zousätzlech Aarbechter:innen gebraucht wäerte ginn. Een Deel vun dëse Leit mussen natierlech duerch fir de Bau vu Solaranlage geschoult ginn.

Dofir sti mir Pirate fir ee klimafrëndleche Wirtschaftsstanduert deen:

  • Laangfristeg Aarbechtsplaze schaaft a séchert;
  • Op eis Stäerkten als Finanzstanduert baut;
  • Eis zum Virreider mécht wat klimafrëndlech Technologien ugeet;
  • Eis Handwierksbetriber stäerkt.

Fir eng Finanzplaz déi prett ass fir d'Zukunft

D’Piraten sinn sech der Wichtegkeet vun der Finanzplaz bewosst. Mir wëllen d’Finanzplaz prett fir d’Zukunft maachen andeems mir viséiere Virreider ze si wat Green Finance ugeet. Hei gëtt bis elo vill Greenwashing bedriwwen. Fir eis ass awer kloer, dass hei nëmmen eng fortschrëttlech Taxonomie, déi Atom a Gas ausschléisst, kann als Weeweiser fir eng gréng Finanzplaz dengen.

Dofir fuerderen d’Piraten:

  • Ee kloren an ambitiéise Krittärekatalog deen d’Grenzwäerter fir de Verbrauch vu Waasser, Stroum a fossille Brennstoffer festleet
  • Eng ëffentlech zougänglech Nohaltegkeetscharta vu grousse Betriber
  • transparent Kommunikatioun iwwert déi Betriber mat deenen d’Politik verhandelt fir op Lëtzebuerg ze kommen
  • Nohaltegkeet an d’Anhale vu Mënscherechter vun engem Betrib soll bei Ausschreiwungen ee Krittär sinn. Fir hei zousätzlech Bürokratie beschtméiglech ze vermeiden, sollen d’Ministèrë bei der Ausschreiwung hei erëm mat Donnéeë schaffen, déi se duerch d’Nohaltegkeetscharta schonn hunn;
  • Ee reduzéiert TVA-Steiersaz vun 3% op Reparaturen. Dëst mam Zil d’Ressourcen ze schounen a lokal Aarbechtsplaze schafen an z’erhalen;
  • Ee konsequent Virgoe géint Greenwashing.

Nohalteg Betriber

Mir kënnen a sollen net all Wirtschaftsaktivitéit, déi um Pabeier gutt kléngt, zu Lëtzebuerg maachen, grad wann dobäi massiv Ressource gebraucht ginn, wéi Buedem, Waasser an Energie (Beispill Jughurtsfabrick, Google-Datenzenter zu Biissen oder och den Tanktourismus). D’Piratepartei steet a fir Betriber, déi an eist Land passen. 

Eis Approche fir nohalteg Betriber:

  • Ee kloren an ambitiéise Krittärekatalog deen d’Grenzwäerter fir de Verbrauch vu Waasser, Stroum a fossille Brennstoffer festleet. Betriber déi dës Grenzwäerter net respektéieren, sollen net op Lëtzebuerg kommen. D’iwwerschaffe Versioun vum PNEC gesäit schonn eng Obligatioun vun der Décarbonisatioun fir Betriber hei zu Lëtzebuerg fir, déi eng Aarbechtsfläch vun iwwer 1.000m2 hunn;
  • Projeten a Wirtschafts- oder Industriezonen, déi vill Fläche brauchen, sollen a gemeinsamen Approchen an der Groussregioun oder interkommunal realiséiert ginn;
  • Transparenz schafen, an och d’Akzeptanz vun de Bierger:inne fir nei Projeten erhéijen. Mir sinn der Iwwerzeegung, dass eng transparent Kommunikatioun iwwert Projeten déi sollen op Lëtzebuerg kommen, de Leit an de Betriber ze gutt kënnt. D’Praktik vun de Memorandum of understanding (MoU) déi tëscht de Betriber an de Ministeren ausgehandelt ginn, an déi net ëffentlech zougänglech sinn, sollen ophalen.

Kritesch Infrastrukturen an ëffentlecher Hand

Kritesch Infrastrukturen, déi déi elementaarst Bedürfnisser vun der Gesellschaft decken, solle garantéiert ginn. Dozou gehéieren ënnert anerem d’Stroossen an d’Réier déi drënner leie fir d’Waasser, den Zuch, Gas oder Stroumversuergung. D’Piratepartei fuerdert, dass d’ëffentlech Hand dës Servicer weiderhin effikass kontrolléiert, fir dass all Persoun ee qualitativen Accès zu dëse Grondbedierfnisser och an Zukunft huet.

Ofschafung vun der Zwangs-Memberschaft an alle Kummeren

Servicer solle kengem opgezwonge ginn. Gesetzer déi Firme verflichten enger professioneller Kummer unzegehéieren si weder nëtzlech nach legitim. Firwat solle Firmen zum Beispill per Gesetz gezwonge ginn enger “Chambre de Commerce” unzegehéieren? D’Piratepartei fuerdert, dass déi Zwangs-Memberschaften ophalen an dass et jidderengem soll fräistoen, op een e Service well notzen (an dofir bezuelen) oder eben net.

Neireegelung vum Glécksspill

Verschidde Länner, wéi Malta, hunn eng attraktiv Gesetzgebung, fir d’Glécksspill-Industrie op hiren Territoire unzezéien. Och an der Belsch zum Beispill ass d’Glécksspill iwwert präzis Gesetzer streng encadréiert.
Lëtzebuerg fiert aktuell een anere Wee an iwwerléisst der Lotterie Nationale ee Monopol fir all Zort vu Glécksspiller a Wetten hei am Land. Dëse Monopol funktionéiert net: Firme kommen iwwert d’europäesch Unioun trotzdeem hei eran. Queesch duerch d’Land gesäit een a Caféen illegal Spillmaschinne stoen, wou vill Suen iwwert auslännesch Serveren (Malta, Brasilien, etc.) verspillt ginn. An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°2927 hat de Justizministère d’Presenz vun 2.000 illegalen Internetbornen bestätegt. Et gi keng Efforten ënnerholl, fir dës illegal Aktivitéiten ze stoppen oder dës Bornen iergendwéi juristesch z’encadréieren.
Dës Sue ginn am Normalfall mol net deklaréiert ginn a gi soumadder dem Lëtzebuerger Staat verluer. Online Glécksspiller a Wette sinn en legitimmen a milliardeschwéiere Maart vun dem Lëtzebuerg och eppes kéint hunn.

Piratepartei fuerdert:

  • De Monopol vum Staat un de Glécksspiller ze briechen a Glécksspill Gesetz vun 1977 un d’Realitéit am 21echst Jorhonnert ugepasst sinn;
  • Eng Steier op dës Glécksspillaktivitéiten anzeféieren, fir vun dësem Milliardenmarché ze profitéieren;
  • Vun den zousätzleche Steiergelder, souwéi an der Schwäiz, een Deel ze notze fir eis Pensiounskeesen ze fëlle souwéi an d’Präventioun vun der Sucht z’investéieren.

Digitalisatioun

Den Austausch vun Daten tëscht der CNS, CCSS, Douane an der Steiererklärung muss digital an automatesch gemaach kënne ginn. Och d’Ministèren fuerderen haut nach vill ze oft Donnéeë vun de Betriber, déi sinn eigentlech schonns hunn. All dëst Kascht Zäit an Aarbecht. Mir Piraten wëlle Bürokratie esou kleng wéi méiglech halen an dofir fuerdere mir, dass bei all Demande déi ee beim Staat stellt, keng Donnéeë méi gefrot ginn, déi de Ministère oder déi Administratioun schonn huet.
Mir Piraten sinn eis och bewosst, dass duerch Digitalisatioun d’Aarbechtswelt sech verännere wäert. Beruffer an d’Kompetenzen déi fir déi eenzel Plaze gebrauch ginn, wäerten änneren.

Dofir wëlle mir Piraten:

  • Eng transversal Digitalisatioun wou net all Ministère an Administratioun sech eleng entwéckelt mee wou eng national Strategie dohannert stécht;
  • Een europäesche Reskilling an Upskilling Fong fir d’Leit op d’Aarbechtswelt vu muer virzebereeden.

Ënnerstëtzung vu Betriber, déi Servicer no vun bei de Leit ubidden

Fir Piraten sinn et kloer eis kleng Betriber, déi mir all an eisem Alldag brauchen, déi mussen zu Lëtzebuerg vum Staat ënnerstëtzt ginn. Heibäi handelt et sech fir eis ëm Handwierksbetriber a kleng Commercen, wéi Coiffeuren oder Bäckereien. Dës Betriber sollen an de Bebaungspläng (PAG, PAP) hir Plaz fannen, well hir Aarbechte sinn oft manner flächenintensiv wéi déi vu groussen Industriebetriber.
Hei ass eng Kreeswirtschaft (Circular Economy) gefrot, fir sécherstellen, dass d’Liwwerketten do wou et geet, lokal gehale ginn. Hei ass et och wichteg, z’analyséieren a wéi fern dës Kreeswirtschaft kann op Niveau vun der Groussregioun gefërdert sinn.

Ablösesumme

Mir Piraten ënnerstëtzen d’Fuerderung no enger Ablösesumme, wann een Aarbechter:innen, déi am Betrib ausgebilt ginn, dëse fir eng Plaz beim Staat oder an de Gemenge verloossen. Wann de Patron kann noweisen, dass de Léierjong:meedchen seng Léier bei him erfollegräich op een Enn bruecht huet oder dass en seng Mataarbechter:innen a Formatiounen déi mat hirem Beruff ze dinn haten, ausgebilt huet, da soll dëse Patron eng Entschiedegung vum Staat bezuelt kréien.

Respekt vum gesetzleche Kader an de Verwaltungsréit

Ëmmer nach feelt et a ganz ville groussen Entreprisen u Membere vum Personal an de Verwaltungsréit, obwuel d’Representatioun vun de Salariéeën eigentlech gesetzlech virgeschriwwen ass. 2022 waren awer an 13 vu 27 Gesellschafte mat Staatsbedeelegung wou d’Personaldelegatioun net hir Plaz am Verwaltungsrot hat. Mir Piraten fuerderen, dass hei d’Gesetzer respektéiert ginn.

D'Boergeld muss bleiwen

Fir eis Piraten ass kloer, dass ee muss och an Zukunft iwwerall kënne mat Boergeld bezuelen.

Wuesstum intelligent gestalte fir méi Liewensqualitéit fir jiddereen

Zënter Jore gëtt de Wuesstem als eppes duergestallt, wat einfach esou vun uewen erof op eist Land eroffält. Dobäi ass de Wuesstem zu Lëtzebuerg politesch gewollt, hausgemaach an net an allen Hisiichte schlecht. De Wuesstem, dee politesch gewollt ass, ass virun allem quantitativ: méi Wirtschaft, méi Aarbechtsplazen an um Enn méi Steierrecette fir eise Sozialsystem um Lafen ze halen.

Zënter e puer Jore mierke mer awer, wéi sech dëse quantitative Wuesstem op d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg auswierkt. De Problem ass net de Wuesstem u sech, mee d’Ampleur an d’Richtung vum Wuesstem an, well mer dem quantitiative Wuesstem fräit Feld iwwerloossen an déi negativ Konsequenzen, wéi d’Präisser um Wunnmarché, den Trafic, d’Zersiidlung vun eisem Land an den onmoossege Ressourcëverbrauch ignoréieren an net an eis Rechnungen eranhuelen.

D’Piraten sinn der Meenung, dass de Staat de Wuesstem muss lenken:

  • Mir kënnen a sollen net all Wirtschaftsaktivitéit, déi um Pabeier gutt kléngt, zu Lëtzebuerg maachen, grad wann dobäi massiv Ressource gebraucht ginn, wéi Buedem, Waasser an Energie (Beispill Jughurtsfabrick, Google-Datenzenter zu Biissen oder och den Tanktourismus). Projeten a Wirtschafts- oder Industriezonen, déi vill Fläche brauchen, sollten a gemeinsamen Approchen an der Groussregioun oder interkommunal realiséiert ginn;
  • De Wirtschaftswuesstem muss an enger ganzheetlecher Approche gekuckt a gemooss ginn. Dofir musse Moossinstrumenter, wéi de PIB du bien-être entwéckelt an och konsequent genotzt a kommunizéiert ginn;
  • Et geet net duer d’Bruttoinlandprodukt an d’Steierrecetten ze kucken, mee et muss een dovunner och d’Käschten ofrechnen, déi zustane kommen, well de Staat weider Investitioune muss ënnerhuelen, fir de Wuesstem um Liewen z’erhalen. Et muss dann d’Rechnung gemaach ginn, ob sech Investitiounen am Verglach mat der Aktivitéit an dem Wirtschaftswuesstem lounen;
  • D’Nodeeler vum Wuesstem, wéi de Verkéier oder de Wunnengsbau, mussen duerch de Staat kompenséiert ginn;
  • De Wuesstem kann duerch eng gemeinsam intelligent Wirtschafts- an Siidlungspolitik an der Groussregioun fir méi Liewensqualitéit suergen. Aarbechtsplaze sollten éischter do geschaaft ginn, wou d’Leit wunnen. Et muss een och emol op eppes verzichte kënnen.