Wëssen dierf kengem gehéieren. Jidderee muss d’Recht hunn, sech informéieren ze kënnen an dat bedeit fir d’Piraten, dass Wësse fräi zougänglech muss sinn an net dierf duerch Paywalls oder Abonnementer limitéiert ginn. Och Computerprogrammer sollte jidderengem zougänglech sinn, well soss Persounen, déi sech d’Programmer net leeschte kënnen, vun der digitaler Participatioun ausgeschloss ginn. D’Ofhängegkeet vu kommerzielle Programme verhënnert eng zäitgeméiss Informadounspolitik. Donnéeë kënnen nëmme benotzt ginn, wann se accessibel sinn. Nëmme wann Informatiounen an Daten net méi hannert Lizenze verstoppt ginn, kënnen si innovativ vun all Bierger:innen an Entreprisë genotzt ginn.
Accessibilitéit ass awer net alles – och d’Format muss stëmmen. Daten ëffentlech ze maachen, ouni se fir eng Weiderverwäertung brauchbar ze maachen ass zwecklos. Open Data ass kee Selbstzweck. Daten ëffentlech ze maachen, just fir kënnen ze soen, dass se ëffentlech sinn, hëlleft kengem. D’Format muss stëmmen, d’Date mussen zäitno public gemaach ginn an och à jour gehale ginn.