Bauer sinn ass en immens ustrengende Beruff. Jo, et ass souguer méi wéi e Beruff, et ass eng Beruffung! Lëtzebuerg brauch eng staark, modern a nohalteg Landwirtschaft. Och, wa Lëtzebuerg sech ni wäert komplett selwer ernäre kënnen, sou ass et awer vun enormer Wichtegkeet, dass mir och grad hei zu Lëtzebuerg qualitativ héichwäerteg an nohalteg Liewensmëttel produzéieren. Fir dëst ze erreechen, muss d’Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg gefërdert ginn.
Et ginn antëscht zwar schonn Labelen, mat deene Lëtzebuerger Fleesch gekennzeechent gëtt, mee et ginn ëmmer nach Produiten, wou d’Hierkonft net direkt ersiichtlech ass, zum Beispill an der fräier Vente beim Metzler. Fir an deem Fall erauszefannen, wou d’Fleesch hierkënnt, muss de Konsument nofroen. Wichteg ass am Fall vun der Kennzeechnung och, wéi eng Produktiounsofschnëtt a wéi enge Länner gemaach ginn. Um Lännercode gëtt nämlech just dat Land vum leschten Produktiounsofschnëtt genannt. Dat ass awer net transparent an och de Konsument kann dacks net erausfannen, ob et sech wierklech ëm e komplett lokal hiergestallte Produit handelt oder net.
Fir d’Piraten muss d’Transparenz gefërdert ginn:
Aktuell ginn hei zu Lëtzebuerg virun allem Fleesch a Mëllech produzéiert an d’Landwirtschaft konzentréiert sech op d’Véizuucht. Den Ubau vu Liewensmëttel, wéi Uebst a Geméis, ass nach ëmmer éischter seelen. Aus Grënn vun der Nohaltegkeet misste mir den Ubau vun Uebst a Geméis, grad am BIO-Segment, vill méi staark ausbauen. Grad verschidden Uebstbeem sinn enorm wichteg fir eis Biodiversitéit well sinn eng wichteg Nahrungsquell fir Insekte sinn.
Well den Ubau, grad bei verschidden Zorte Geméis, am Fräiland héich problematesch ass, muss mir hei op e modernen, nohaltegen an innovative Wee goen. Fir dass méi Baueren op de Wee gi fir och Uebst a Geméis unzebauen, muss de Staat seng Responsabilitéit huelen an de Bauere mat Subventiounen zur Säit stoen, well mat dem neie Produktiounszweig grouss finanziell Investment verbonnen ass.
Op Geoportail kann een haut schonn iwwert de “Potentiel solaire” kucken, op wéi engen Diech ee ka Solaranlagen installéieren. Dëse Prinzip géing sech och op den Uebst- a Geméisbau uwende loossen. Mat dësem Regëster kéinte Baueren, mee och Privatpersounen, kucken, wou de Buedem gëeegent ass fir Uebst a Geméis unzebauen a wou och genuch Waasser dofir disponibel ass.
D’Piraten wëllen den Uebst- a Geméisubau ausbauen:
Et ass eng Tatsaach, dass mir nach ëmmer ganz vill konventionell Bauerebetriber zu Lëtzebuerg hunn an direkt Transitioun op 100% Biolandwirtschaft fir vill Betriber nach net a Fro kënnt. Bei ville Kulturplanzen ass e komplette Verzicht op Sprëtzmëttel och bal ëmmer mat engem Verloscht vu Quantitéit an domat och mat engem Verloscht vu Sue verbonnen. Fir méi Baueren op de Wee a Richtung vun der Biolandwirtschaft mat ze huelen a fir sou vill wéi méiglech op Sprëtzmëttel ze verzichten, muss grad de Verloscht vu Suen duerch déi méi niddreg Recolten kompenséiert ginn.
Dofir setzen d’Piraten sech an fir:
Bis 2050 soll déi ganz Landwirtschaft hei am Land op Bio ëmgestallt ginn. Aktuell ass d’Unzuel un Biobaueren hei am Land awer nach ganz kleng. Dës läit zum Beispill dorun, dass et net genuch Ofsazmäert fir Bioliewensmëttel ginn. Ouni garantéiert Ofsazmäert wäerte vill Baueren awer net op eng biologesch Landwirtschaft ëmstellen, well si domat gravéierend finanziell Abousse missten hinhuelen, déi d’Existenz vun hire Betriber bedreet. De Choix fir op Bio ëmzestelle sollt kee finanzielle Choix sinn, mee ee fräie Choix fir zou méi Ëmweltschutz an dem Schutz vun eise Ressource bäizedroen. Grad de Staat kéint awer nach méi Verantwortung iwwerhuelen an de Baueren nach méi zur Säit stoen, fir dass eng entspriechend Transitioun esou einfach a finanziell sécher gemaach gëtt, wéi nëmme méiglech.
Produkter aus biologeschem Ubau oder Produkter, déi mat héije Sozialstandarden hiergestallt ginn, sollen TVA-fräi un den Endkonsument verkaf kënne ginn. Dëst géif mat sech bréngen, dass nohalteg Produkter präislech méi kompetitiv ginn a méi Konsumenten sech dës leeschte kéinten. Domat géif een och ee responsabelen a méi nohaltege Konsum fërderen. Gläichzäiteg léisst een dem Konsument domadder de fräie Choix beim Akaf.
Dofir fuerdere mir Piraten:
Dass kléng Bauerebetriber sech haut net méi rechnen ass eng Realitéit. Dowéinst sinn si an deene leschte Joren och ëmmer méi verschwonnen. D’Evolutioun geet dowéinst ëmmer méi a Richtung vun ëmmer manner dofir awer ëmmer méi grousse Betriber. Fir d’Piraten ass dat awer net de richtege Wee. Vill mëttelstänneg Betriber leeschten eng ganz gutt Aarbecht a produzéiere qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel. Dowéinst mussen esou Betriber och weiderhi bestoe bleiwen. Dat geet awer nëmmen iwwert de Wee vun de Primmen.
Am aktuelle Modell ginn d’Primmen haaptsächlech no der Unzuel un landwirtschaftlecher Fläch gerechent, e grousse Betrib mat vill Land kritt also automatesch vill méi wéi e méi klenge Betrib mat manner Land. Dat mëscht et grad de mëttelstännege Betriber schwéier, fir käschtendeckend ze produzéieren an herno och nach eppes iwwereg ze hunn fir selwer kënnen ze liewen an hire Betrib um Lafen ze halen. Fir eis misst eng gutt Qualitéit vun der Produktioun vill méi staark subventionéiert ginn. Dat géif net nëmmen de mëttelstännege Betriber zegutt kommen, mee géif insgesamt dofir suergen, dass sech net nëmmen d’Quantitéit vun de produzéierte Liewensmëttel lount, mee besonnesch och hir Qualitéit.
Am Moment sinn an der Landwirtschaft vill administrativ Aufgaben extrem Zäitopwänneg, zum Beispill fir Subsiden unzefroen. Duerch eng gutt Digitalisatioun an d’Schafe vun engem Guichet unique kéint hei villes vereinfacht ginn. An dësem Guichet unique wiere sämtlech Dokumenter kloer an einfach ze fannen, se kéinten do direkt ausgefëllt an ageschéckt ginn. Gläichzäiteg kéint een dëse Sitte mat engem integréierte Rechner verbannen, duerch deen eng Persoun kann direkt ausrechnen, wéi héich de Montant vun de Subsiden ass, fir déi dës eligibel ass. Dëse Guichet unique soll awer och all déi wichteg Informatiounen a Gesetzer mat engem Bezuch zur Landwirtschaft regruppéieren. Gläichzäiteg soll ee Bauer hei eng komplett betriblech Berodung kënnen ufroen, wou Experten zesumme mat dem Bauer deem seng Situatioun genau ënnersichen an him eng ëmfaassend Berodung kënnen offréieren, zum Beispill iwwert den Ubau vun neie Kulturen, Moossname fir méi Ëmweltschutz asw.
Eréischt dëst Joer gouf annoncéiert, dass eent vun deenen zwee verbleiwende Schluechthaiser hei zu Lëtzebuerg seng Dieren zou mëscht, well et sech net méi rentéiert. Fir eis Piraten ass dat eng Katastroph. Mir mussen dowéinst elo dofir suergen, dass dat lescht verbleiwend Schluechthaus hei am Land op bleift. Fir eis bedeit e Schluechthaus hei zu Lëtzebuerg, dass d’Déierequälerei méiglechst kleng ka gehale ginn an d’Déiereschutzgesetz ka garantéiert ginn.
Beim Déierentransport soll an éischter Linn un d´Wuel vun den Déiere geduecht ginn an net dorunner, déi bëllegst Handelsroute fir méiglechst vill Profit ofzefueren.
Dowéinst fuerdere mir:
Massendéierenhaltung ass schlecht fir Mënsch an Déier. Mir setzen eis fir besser Standarde bei der Haltung vu Notzdéieren an, fir op dësem Wee eng aartgerecht Behandlung ze garantéieren.
D’Piraten fuerderen:
Och an der Landwirtschaft gëtt et grousse Personalmangel. Vill Betriber fanne keng Leit méi, déi an der Landwirtschaft wëlle schaffen. Well awer d’Aarbecht an der Landwirtschaft ëmmer méi komplex gëtt, si sinn op Hëllef ugewisen. D’Piraten kéinten sech hei eng konkret Mesure virstellen, wéi de Staat de landwirtschaftleche Betriber kéint ënnert d’Äerm gräifen. Dëst ass awer natierlech och eng Fro vum Salaire. Net all Betrib kann et sech leschten, fir Leit mat engem héije Salaire anzestellen.
D’Piraten setzen sech dofir an:
1a, rue de Luxembourg
L-8184 Kopstal (Koplescht)
[email protected]
Telefon: (+352) 20 33 37
22, rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
[email protected]
Telefon: (+352) 20 60 66