Konsumenteschutz

Inhalt

Liewensmëttelwarnunge méi breet verëffentlechen

Zu Lëtzebuerg wéi an Europa kënnt et ëmmer erëm zu Réckriff vu Liewensmëttel. Um Site vum Konsumenteschutzministère an op dem Facebooksite vum Ministère kann een iwwert dës Réckriff informéiert ginn. Och d’Press kritt alt mol Communiquéen dozou geschéckt. Déi versprachen Alert op GouvAlert ass awer bis elo net disponibel. 

Dofir fuerdere mir Piraten:

  • Liwwensmëttelwarnungen déi och kënne per GouvAlert un d’Leit geschéckt ginn;
  • Méi Mëttel fir de Kampf vu frauduléise Liweensmëttel. Hei geet ëm de Schutz vun eise Matbierger:innen an dofir mussen hei d’Ressource vum Konsummenteschutz an der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) erhéicht ginn.

Géint zoue Banken a Postbüroen

D’Piratepartei bedauert, dass ëmmer méi Guicheten uechter d’Land zougemaach ginn. Mir wëllen eis dofir asetzen, dass déi Banke wou de Lëtzebuerger Staat Aktionär ass, op mobil Guichete setzen, déi esou d’ganz Land ofdecken. Esou hunn méi Leit d’Chance fir mat enger Persoun am Guichet ze schwätzen an Hëllef ze froen, ouni dass Guichete wéinst ze wéineg Leit onattraktiv fir d’Banke ginn. D’Post muss entweder och op mobil Guichete setzen oder an aner Commercen – zum Beispill an den Duerfbutteker – integréiert ginn.

Dofir fuerderen d’Piraten:

  • Hëllef an de Guichete vun de Banke fir de Leit de Webbanking z’erklären;
  • Mobil Guicheten;
  • Biergerzentre wou d’Post grad wéi aner Commercen hir Plaz fannen.

Net nëmmen d'Recht op eng Réckerstattung vu sengem Geld

Am Moment kann de Keefer vun engem Produit innerhalb un der Garantie nëmmen eng ganz oder deelweis Réckerstattung vu sengem Geld vum Produit deen e kaaft huet, froen. Am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft, si mir Piraten der Meenung, dass et och muss ee Recht op Reparatioune ginn. Ëmmer méi Mënsche wëllen hire Foussofdrock reduzéieren an si net drun intresséiert de ganze Produit ewech mussen ze geheie wéinst engem Defekt. Och soll ee Remplacement vun engem Deel vum Produit ëmmer méiglech sinn.

Keng Reklamm w.e.g.

D’Offallgesetzer gesi fir den 1te Januar 2024 vir, dass d’Leit, nëmmen nach Reklammen an hir Bréifkëscht kréien, wann se dat op engem Sticker op hirer Boîte explizitt froen. Dat gëllt awer just fir “imprimés à vocation commerciale”. Gratis Zeitunge wäerten dofir nach ëmmer an all d’Boîten kommen an et besteet de Risiko, dass d’Commercen hir Reklammen dann als “gratis Zeitungen” ëmdeefen a verdeele loossen.
Et geet awer och anescht: a Kanada existéiert eng Méiglechkeet, fir sech bei enger Agence vum Staat an ee Regëster androen ze loossen, fir ganz aus dem Verdeeler fir « Envois toutes boîtes » eraus geholl ze ginn.
D’Piraten wëllen och zu Lëtzebuerg esou ee System aféieren, deen da vun alle Postservicer muss respektéiert ginn. D’Demande soll einfach iwwert MyGuichet kënne gemaach ginn.