Transparenz erlaabt et jidderengem d’Aktioun vun der Regierung a Verwaltungen ze kontrolléieren. En transparente Staat an eng änlech transparent Verwaltung ass d’Grondlag fir d’Vertrauen an d’Politik an hir Aktiounen erëm opzebauen. Lëtzebuerg huet ënnert der aktueller Regierung all Joer Plazen am Korruptiounsindex verluer, d’Vertrauen an d’Politik an d’Parteien ass weiderhin am Sénkfluch, beim Eurobarometer vun 2022 iwwert d’Korruptioun hunn 46% vun alle Befrote gesot dass et Korruptioun an der Politik zu Lëtzebuerg gëtt. E Plus vu fënnef Prozentpunkten an dräi Joer.
Generell muss de Staat vill méi Statistiken zu de Problemer hei am Land liwweren. Vill ze oft heescht et an Äntwerten op parlamentaresche Froen “De Ministère huet heizou keng Donnéeën”.
D’Pirate setzen sech fir Transparenz op allen Niveauen an, souwuel am Privatsecteur mee virun allem am ëffentleche Secteur. Domadder wëlle mir d’Vertrauen an d’Institutiounen an de Rechtsstaat rëm opbauen a virun allem verdéngen.
De „Prinzip vun der Geheimhaltung“ vum staatlechen Handele muss zugonschte vum „Prinzip vun der Ëffentlechkeet“ verännert ginn. Verwaltung a Politik mussen endlech och an der Hisiicht vun hirer Transparenz géigeniwwer vun de Bierger:innen hiren Déngschtleeschtungscharakter unerkennen an sech grondleeënd dorop ausriichten, een Informatiounszougang fir Bierger:innen effizient, komfortabel a mat niddrege Käschten ze erméiglechen.
Besonnesch vir eng Bewäertung vun der Aarbecht vu politeschen Entscheedungsträger ass et dringend noutwenneg, dass d’Grondlage vu politeschen Entscheedungen transparent gemaach ginn. Aktiv matbestëmmen an enger Demokratie ass nëmme méiglech, wa virun Decisioune souwuel den Inhalt, wéi och de Prozess vu der politescher Entscheedung ëffentlech sinn. Och nodréiglech mussen Entscheedungen zréck ze verfollege sinn – net ëffentlech Sëtzunge vu Chamberkommissiounen zum Beispill sinn enger Demokratie onwürdeg. Ofkommes hannert zouenen Diere mussen der Vergaangenheet ugehéieren, fir dass direkt a participativ Demokratie méiglech ass. An dësem Sënn setzt sech d’Piratepartei fir de Prinzip vun der Ëffentlechkeet vum staatlechen Handelen an eng komplett Transparenz vun de gewielte Vertrieder géigeniwwer de Wieler an.
Mir Piraten fuerderen:
Dat aktuellt Gesetz iwwert eng transparent Verwaltung ass de Pabeier net wäert op deem et geschriwwe gouf. D’Zivilgesellschaft kritt regelméisseg vun der „commission à l’accès aux documents“ Recht fir dass duerno um Verwaltungsgeriicht d’Dokumenter awer geheim dierfe gehale ginn. Et ass d’Manifestatioun vum Refus vun de läschte Regierunge fir Transparenz ze priedegen a Geheimniskrämerei ze liewen. Ob Google Datacenter, Foussgängersécherheet an der Stad oder d’Kontroll vu politeschen Entscheedungen, mir brauchen e wierklecht Transparenzgesetz mat Bëss.
E modernt Transparenzgesetz ass d’Basis fir en accessibele Staatsapparat an eng oppe Verwaltung. Mat Steiergelder finanzéiert Studien, Verträg tëscht staatlechen Administratiounen an der Privatwirtschaft, Verhandlungsdokumenter vu gewielte Vertrieder mussen der Ëffentlechkeet zur Verfügung stoe fir d’Handele vu Staat a Volleksvertrieder kontrolléieren ze kënnen.
Mir Piraten fuerderen:
Vill Leit am Ausland mengen nach ëmmer Lëtzebuerg wier e Standuert fir dubiéis Bankgeschäfter a komplizéiert Firmekonstrukter ouni jeeglech Transparenz. Och wann sech déi läscht Jore vill duerch den Drock vu Bausse geännert huet sou huet d’Politik bis elo de Potenzial vun enger transparenter Ekonomie fir esou méi effizient ze schaffe verschlof.
Duerch d’Méiglechkeet Daten nëmmen eemol, zentraliséiert, mussen unzeginn, kéinte vill Compliance-Prozesser an de Beräicher wéi zum Beispill Geldwäsch (AML) oder Know Your Customer (KYC) vereinfacht oder souguer automatiséiert ginn. D’Betriber, d’Banken an d’Verwaltunge kéinte vill Geld spuere wann Daten déi eemol beim Luxembourg Business Register hannerluecht goufen automatesch iwwerpréift kéinte ginn an als Basis fir Entscheedunge kéinten erugezu ginn. Dëst ouni gréisser Hürden. Dëst wier e win-win fir Entreprisen an Zivilgesellschaft. Prozesser géife méi effizient ginn an d’Zivilgesellschaft a Journaliste kéinten hirer Kontrollfunktioun besser nokommen.
Dofir mussen natierlech och staatlech a para-staatlech Prozeduren entschlaakt gi fir esou ze garantéieren dass et einfach a fir jidderee méiglech ass sech un d’Reegelen ze halen.
Mir fuerderen:
Souwuel d’Regierung wéi d’Chamber hunn dës Legislatur u méi Transparenz geschafft, et koume verschiddenste Forme vu „Transparenzregister“, ëmmer méi Date musse verëffentlecht ginn, mee all dat huet kee koherente Kader. D’Regierung mécht eppes, Beamten eppes anescht, d’Chamber nach eppes an d’Gemenge quasi näischt. D’Piraten fuerderen dofir e klore gesetzleche Kader iwwert eng transparent Politik duerch e Gesetz zur Erhéijung vun der Transparenz an der Politik. Dëst Gesetz soll zu Transparenz an de Beräicher Finanzen, Verbindlechkeeten, Geschenker an Interessekonflikter féieren a fir Regierungsmemberen, Deputéiert souwéi Beamten an der “Carrière supérieure, catégorie administrative” gëllen. Dës sollen all hier finanziell a perséinlech Interessen oppeleeë fir méiglech Interessekonflikter transparent ze maachen. Den aktuelle System souwuel bei der Chamber wéi Regierung geet net duer fir all Interessekonflikter oppen ze leeën. Dofir fuerdert d’Piratepartei eng méi komplett Reegelung, déi och fir Regierungsmemberen, Buergermeeschter a Schäffen an héich Beamte gëllt déi mussen Ulageverméigen, finanziell Investitiounen, Verbindlechkeeten, Annahmequellen, Geschenker an all potentiell Interessekonflikter oppe leeën.
Do dernieft fuerderen d’Piraten den Transparenzregister vun der Chamber a Regierung ze standardiséieren an och Strofe fir d’Betriber déi sech net registréiere virzegesinn. Den Transparenzregister vun den Entrevue muss ausserdeem mat engem Kalenner vun den Entrevuë komplettéiert gi fir esou sécherzestellen dass zäitlech Zesummenhäng kënnen novollzu ginn.
Mir fuerderen:
De Staat ass wuel een, wann net, dee, gréisste Wirtschaftsacteur zu Lëtzebuerg, an trotzdeem ass en a sengem Fonctionéieren heefeg méi ontransparent wéi eng kleng ASBL. De Budget gëtt just a grousse Lignë verëffentlecht an d’Beneficiaire vun Aiden, Subsiden oder anere Sue sinn net ëffentlech nozevollzéien. Mir Piraten gleewen dass d’Regierung, d’Verwaltungen an och d’Gemenge mam gudde Beispill musse virgoen an e méi transparenten Ëmgang mat ëffentleche Gelder liewe mussen.
Mir fuerderen:
Ob d’Nordstrooss, d’Vëlosbréck um Belval oder de Stadion: et goufen déi lescht Joren a Joerzéngten oft Planungsproblemer a Feeler bei der Realiséierung vu grousse Bauteprojete gemaach, woubäi all Kéiers de Budget fir dës Projeten explodéiert ass. Dës Beispiller weisen, dass et u Kontroll bei groussen Infrastrukturprojete feelt. Et weist och, dass grouss Projete mat méi grousser Virsiicht geplangt musse ginn.
D’Piraten fuerderen:
1a, rue de Luxembourg
L-8184 Kopstal (Koplescht)
[email protected]
Telefon: (+352) 20 33 37
22, rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
[email protected]
Telefon: (+352) 20 60 66