Soziales

Inhalt

Offices sociaux

D’Pirate wëllen dat Soziaalt an den Offices sociaux erëm méi no vir bréngen. D’Mataarbechter:innen vun den Officë respektiv der ARIS mussen ze vill Zäit op administrativen Demarche verbrénge wat hinne manner Zäit fir d’eigentlech Sozialaarbecht léisst. Dat muss sech änneren.
D’Pirate fuerderen eng harmoniséiert Prestatiounslëscht fir all Bierger:innen. Et ginn wéineg national Richtlinnen an esou decidéieren déi eenzel Office Sociaux iwwert wat fir eng Hëllef an fir wat vir en Montant den Demandeur eppes zu gutt huet an kritt. Esou kann de President vun engem Office social maximal 5.000€ un finanziellen Aiden ginn wärend een President an engem aneren Office kann en Aiden d’urgence fräisetzen wou den Verwaltungsrot duerno eréicht ëm Erlaabnis freet an dann an nach anere Fäll déicdéiert de President alleng a freet just bei delikate Fäll den Avis vun sengem Verwaltungsrot. 

Dofir sti mir Piraten:

  • Fir manner administratif Démarchen an den Offices sociales an méi Zäit fir d’Sozialaarbecht. D’administrativ Aarbecht muss do wou et geet vun den Assistant(e)s social(e)s op administrativ Poste verlagert ginn. Vill administrativ Aarbecht ass och duerch konstant Kontrolle bedéngt, fir eis Pirate muss d’Prioritéit awer drop léien, dass d’Leit gehollef kréien;
  • Fir eng Opwäertung vum Beruff vum Assistant social duerch d’Schafe vun engem Masterstudiegang esou wéi engem méi praktesch orientéierte Bachelorstudiegang op der Uni.lu;
  • Fir eng harmoniséiert Prestatiounslëscht fir all Bierger:innen an alle Gemengen;
  • Fir een Ausbau vun dem Service assistance vu Myenergy.

Hëllefen vum Fonds national de solidarité

D’Piraten sinn der Meenung, dass d’Hëllefen vum Fonds national de solidarité (FNS) sollen méi dobaussen kommunizéiert ginn an och automatesch un d’Leit déi se ze gutt hätten verdeelt ginn.
Een Beispill: 2018 hätten 108.000 Stéit d’Allocation de vie chère ze gutt gehat. Nëmmen 19.500 Stéit hunn d’Aide ugefrot. 138 Milliounen Euro huet den Letzebuerger Staat sech eleng duerch d’Onwessenheet vun den Leit erspuert.
Mir Piraten sinn dann och der Meenung, dass generell am Zweifel sollt zum Virdeel vun der betraffener Persoun décidéiert ginn. Esou zum Beispill am Fall wou Zweifel un der Kompositioun vum Stot bestinn.Vill Leit verléieren hir Hëllefen, well hir Liewensgemeinschaft ännert. Sierf et wëll se engem Kolleeg oder Familjemember kuerzzäiteg een Ënnerdag bidden, sierf et wëll se selwer kuerzzäiteg bei engem ënner kommen. Hei wëllen mir eng Karrenzzäit vun e puer Méint schaafen, an deenen een dierf mat Leit zesummenliewen, déi eng Paie verdengen, ouni dass een säin Revis verléiert. 

Dofir sti mir Piraten:

  • Fir een automatescht Ausbezuele vun Aide wéi der Allocation de vie chère an eng indexéierung;
  • Fir eng Opstockung vun den Disponbilitéiten vum Guichet vum FNS. Et kann net sinn, dass een ëmmer nëmmen Moies bis 11h30 accessibel ass. Ze vill Leit brauchen mëttlerweil d’Hëllefen vum FNS;
  • Fir eng Karrenzzäit am Fall vu neien Liewensgemeinschaften.

Fir ee Guichet wou jiddereen Hëllef kritt

Donieft soll et och fir d’Leit méi einfach ginn, fir un Hëllef vum Staat ze kommen, sierf dat iwwert de FNS, sief dat iwwert aner Administratiounen. Dofir ënnerstëtze mir Piraten d’Iddi vun engem analoge Guichet nom Virbild vu Guichet.lu, wou een op all seng Froen eng Äntwert ka kréien. Donieft soll op der digitaler Versioun vu MyGuichet och ëmmer novollzéibar sinn, wien wéini wéi eng Entscheedung zu enger Demande getraff huet.

Dofir sti mir Piraten:

  • Fir een analoge Guichet;
  • Fir een Contenu op MyGuichet deen een och an Liichter Sprooch ka liesen;
  • Fir eng novollzéibar Entscheedungsstruktur bei Demande beim Staat.

Keen op der Strooss zreck loossen

Mir Piraten sinn géint Verbidden vun der Heescherei. Mir wëllen dass d’organiséiert Kriminalitéit bekämpft gëtt, kënnen awer net aktzeptéieren dass Leit als kriminell ofgestempelt ginn, déi anzwou op der Strooss mat hirem Becher sëtzen.
Mir wëllen, dass jiddereen d’Méiglechkeet vun engem Dach iwwert dem Kapp huet, dofir mussen Programmer wéi Housing first (ee Projet wou de Leit eng Wunneng ugebuede gëtt) ausgebaut ginn. Esou dass jiddereen dee wëll, och gehollef kritt säin Wee zréck an d´Gesellschaft ze fannen.

Méi Noutlogementer

D’Offices sociales sinn am Moment dofir zoustänneg fir d’Leit a Noutlogementer ënnerzebréngen. Oft hu si awer guer keng Logementer a musse bei der Gemeng nofroen oder sech no Hoteller orientéieren. Mir Pirate sinn der Meenung, dass d’Unzuel vun Noutënnerkënft muss opgestockt ginn an dës entweder dann den Offices sociaux ënnerstinn oder d’Gemengen dës Roll ganz iwwerhuelen

Verbëtzen vun Liewensmëttel bekämpfen

Mir Piraten wëllen areeschen, dass hei am Land manner Liewensmëttel ewesch gehäit ginn. Wann een décidéiert fir frësch Produiten oder soss Haushaltsgéigenstänn bei enger staatlech unerkanntener ONG ofzeginn – an d’ONG dës unhëllt – sollt d’ONG wéi bei den Don’en haut schonn een Zerfitikat ausstellen. Dësen Zerfitikat soll op Rechnungen déi een dee Moment virleeën muss ausgestallt ginn, an dann kann een den Zertifikat bei senger Stéiererklärung bäiléeën.
Supermarchéen sollen och mussen e puer Cent fir all Tonn déi se ewesch gehéien als Don un d’ONGen wéi d’Croix rouge an d’Caritas iwwerweisen mussen. Esou sollen d’Supermarchéen motivéiert ginn, fir opezehaalen vill ze vill Produiten ze kaafen an dës da spéider ewesch ze gehéien. 

Dofir sti mir Piraten:

  • Fir Liewensmëttelspenden déi kënnen vun der Stéiererkläerung ofgesat ginn;
  • Fir ee puer Cent déi de Supermaché fir all Tonn Iessen déi en ewesch gehäit muss spenden.