Individualverkéier

Inhalt

Lëtzebuerg huet en Transportproblem. Mir hunn ze vill Autoen an zevill Traffic op eise Stroossen a brauchen dofir besser Alternativen an ee besseren ëffentlechen Transport. Den Auto ass a bleift weiderhin ee wichtegt a komfortaabelt Gefier, fir vun A op B zekommen, mee mir kënnen dofir suergen, fir den ëffentlechen Transport méi attraktiv a bequeem ze gestalten an zu enger wierklecher Alternativ zum Autofuere ze maachen. Nëmmen esou kënne Bus an Zuch zu engem ëmweltbewossten an effektiven ëffentlechen Transport bäidroen.

Eng Autossteier fir all Benotzer vum Reseau

Den aktuelle Modell vun der Autossteier ass net fair, well ee groussen Deel vun den Autoen a Camionen eis Stroossen benotzen, mee net fir den Ënnerhalt dovunner bezuelen. 

D’Piraten proposéieren:

  • Fir déi aktuell Autossteier an ee Vignette-System ze änneren, soudass jiddereen, deen eist Stroossennetz benotzt, och säi finanziellen Deel zum Ënnerhalt bäidréit.
  • Dës Vignette:
  • Soll vum Präis net méi héich sinn wéi de Betrag vun der aktueller Autossteier. D’Héicht vun der Steier hänkt och dovunner of, wéi vill Emissiounen den Auto produzéiert a wéi oft den Auto benotzt wäert ginn;
  • Soll kënne fir e puer Deeg oder Méint bezuelt ginn;
  • Soll ganz einfach a bequeem online, per App oder per Telefon kënnen bezuelt ginn. Fir déi Leit, déi keen Internetuschloss hunn, kann d’Vignette, wéi eng Prepaidkaart, einfach op all méigleche Verkafspunkt ze kafe sinn;
  • Soll och fir Touriste verfügbar sinn;
  • Ass a Form vun engem QR Code liéiert un d‘Nummereschëld vum Gefier.

Elektroautoen finanziell méi attraktiv maachen

Et ass richteg a wichteg, dass d’Politik de Kaf vun ëmweltfrëndlechen Autoen ënnerstëtzt, fir den Individualverkéier méi ekologesch ze maachen. Fir méi Elektroautoen op eise Stroossen fueren ze kréien, muss een un der Präisschrauf dréinen, fir dass méi Leit sech de Kaf vun engem Elektroauto och leeschte kënnen.

Dofir setze mir eis an:

  • Dass bis 2030 keng TVA op Elektroautoen (100% Elektresch) méi soll erhuewe ginn, fir domadder de Präis vun den Elektroautoen ze reduzéieren;
  • Dass déi aktuell Subsiden fir Elektroautoen bis 2030 beibehale ginn an och, dass de Subsid net zum Profit vum Autohirsteller benotzt gëtt, mee dem Endkonsumment zegutt kënnt;
  • Dass méi Betrieber Elektroautoen ubidden andeems ee Patron, dee sengem Employé een Elektroauto als Déngschtwon zur Verfügung stellt, net zousätzlech besteiert ginn.

Ouni Luetstatiounen keng E-Autoen

Aktuell sinn d’ëffentlech Luetstatiounen (Chargy) nëmme begrenzt verfügbar. Op ville Plazen hei am Land ginn d’Kapazitéite vum Netz net duer, fir méi Luetstatiounen an de Stroossen opzebauen, ob privat oder ëffentlech. Lëtzebuerg huet och jorelaang vum Tanktourismus profitéiert, ouni, dass dovunner ee Su an d’Nohaltegkeet vun eisem Tankstellennetz gaangen ass. Nëmme mat engem gudde Ladenetz maache mer d’Elektromobilitéit méi attraktiv fir d’Leit.

D’Piraten wëllen:

  • Dass d’Stroumleitungen a Ballungsgebidder opgerëscht ginn, fir flächendeckend ëffentlech a privat Luetstatioune kënnen opzestellen;
  • Dass do, wou d’Leeschtung vum Netz net duergeet, eng separat Stroumproduktioun (zum Beispill Solaranlagen op de Parkingen) d‘Luetstatioune fiddere sollen;
  • Dass d’ëffentlech Parkplaze fir d’Elektroautoen haaptsächlech fir d’Luede genotzt ginn an net fir den Auto 24/7 gratis ze parken;
  • Dass bis 2028 op all Tankstell hei am Land mindestens eng Schnellluetstatioun muss gebaut ginn.

Stroossesécherheet erhéijen duerch Technik

All Joer stierwen am Duerchschnëtt 20 Mënschen op eise Stroossen an iwwer 1.000 Persounen ginn am Verkéier verletzt. Dës Zuele weisen, dass ee Problem op eise Stroossen besteet. Et kann net sinn, dass kleng Feehler zu mënschleche Katastrophen féieren.
An de leschte Jore sinn an der Automobilindustrie eng Rëtsch interessant Sécherheetsequipementer agefouert ginn. Ee Beispill ass de Rechtsabbiegeassistent, bei deem d‘Sensore vum Auto Vëlosfuerer erkennen, déi vun hannen ugefuer kommen an eng automatesch Bremsung ausléisen. Aner Equipementer bidden dës automatesch Bremssystemer fir d’Verhënnere vu Frontalaccidenter mat Foussgängeren un.
Selbstfuerent Autoen sinn och säit Jore keng Wahnvirstellung méi. Am Automobilsecteur ginn et Autoen ze kafen, déi d’autonoomt Fueren op drëtter Stuff erméiglechen.
All dës technesch Sécherheetsmesuren kënnen dozou bäidroen, fir d‘Zil vun null Stroossenaffer z‘erreechen. Et ass natierlech esou, dass den Abau vun esou Sécherheetsequipementer an den Autoe Geld kascht an och eis Stroossen si leider nach net fir all dës nei Technologien ugepasst.

D’Piraten setzen sech fir méi Verkéierssécherheet fir jiddereen an:

  • Mir géifen den Abau vu Sécherheetsequipementer finanziell mat enger Primm belouhnen, fir dass méi Autoen equipéiert sinn;
  • Mir wëllen d’Stroossen an d’Beschëlderung prett maachen, fir d’autonomt Fueren 100% sécher ze maachen;
  • Mir wëllen LED-Luuchten op den Autobunnen (déi een dimmen oder mat Beweegungsmelderen ausstatte kann).

Stroossesécherheet erhéijen duerch Kontrollen

An de leschte Joren goufen op ville Plazen am Land fix Radaren a souguer Streckeradaren opgestallt. Dës Radaren erreeschen zwar op der Plaz selwer, dass d’Leit méi lues fueren, mee bréngen d’Leit awer net dozou, dass sech duenro nach méi un d’Vitesslimitatioune gehale gëtt. Dës Weideren maache fix Radaren no e puer Wochen nëmmen nach ageschränkt Sënn, well d’Emplacementer bekannt sinn. Dateschutztechnesch si fix Radaren, a grad Streckeradaren, an eisen Aen bedenklech a sollten dofir net weider ausgebaut ginn. 

D’Piraten wëllen:

  • Innerorts, an engem Duerf an do wou et sécherheetsbedingt Sënn mécht, méi op d‘Tempolimitt 30 bis 40 setzen. Bei Schoulen kann een Schritttempo setzen an op geféierleche Landstroossen, déi net breet sinn, soll Tempolimitt 70 bis 80 gëllen;
  • Alkohol, Drogekonsum an Handybenotzung am Auto sinn ee No-Go, wat och vill Leit wëssen an och hei mussen d’Leit besser kontrolléiert a sensibiliséiert ginn;
  • Schwätzen sech aus Dateschutzgrënn just fir mobill Radaren aus a géint fest installéiert an automatiséiert Radarfalen a Streckeradaren;
  • Kënnen mat den Handy-Blitzer liewen, wann d’Kontrollen nom Prinzipp vun engem mobille Radar benotzt ginn;
  • Méi Kontrolle vun de Wanterpneuen wärend de Wanterméint, fir d’Leit ze sensibiliéieren an esou Accidenter ze verhënneren.

Eischt-Hëllef-Coursen fir de Führerschein

Wien éischt Hëllef leeschte kann, dee ka Liewen retten. D’Piraten sinn der Meenung, dass et sollt obligatoresch sinn, dass een an Zukunft fir den Erhalt vum Führerschein een Eischt-Hëllef-Cours muss bestoen, esou wéi et an Däitschland schonns de Fall ass. Dëse Cours sollt fir jidderee gratis sinn.

Velospisten besser schützen

Mir hunn am Land eng grouss Unzuel vu lokale Vëlosweeër, déi awer net weider ënnertenee verbonnen, nach gutt siichtbar ausgeschëldert sinn. Oftmools féieren Deelstrecke vun de Vëlosweeër awer och iwwer normal Stroossen, wou d’Autofuerer wéineg Récksiicht op Vëlosfuerer huelen, a soumat Accidenter virprogramméiert sinn. Et geet net duer e puer Strécher op d’Strooss ze molen an dës Deeler als Vëloswee ze klasséieren.

Mir Piraten fuerderen:

  • Richteg Vëlospisten op den Haaptachsen, ofgetrennt vum Autosverkéier, fir esou d’Sécherheet vun alle Verkéiersdeelhueler ze garantéieren.

Rush-Hour verhënneren

Lëtzebuerg ass Stauland. Et ass bekannt, dass grad zu de Spëtzestonnen moies an owes méi Verkéier op eise Stroossen ass. Dat leit dorunner, dass déi meescht Aarbechtsplazen tëschent 7h00 an 9h00 Auer ufänken an och d’Schoulen an d’Lycéeën um 8h00 Auer mat de Corusen ufänken. Jiddereen muss also zur nämmlechter Zäit aus dem Haus, fir op déi nämmlecht Plaz ze kommen. 

Fir dat ze änneren, wëllen d’Piraten:

  • D’Ufankszäiten staffelen, zu deenen déi meeschte Leit op d’Aarbecht oder an d’Schoul fueren, zum Beispill andeems ee verschidde Schoulen a Lycéeën zu ënnerschiddlechen Auerzäiten ufänke léisst oder andeems een déi individuell andeelbar Aarbechtszäite méi fördert.
  • D’Gesetzgebung zum “Home Office” iwwerschaffen an en zum feste Bestanddeel vun eisem Schaff-Alldag maachen.
  • Den Home Schooling am Lycée grad wärend de Moiesstonnen ausbauen.

Besseren Transport fir d’Grenzgänger

All Dag fueren dausenden vu Grenzgänger vun hierem Heem mam Auto op d’Aarbechtsplaz, wat ee vun den Haaptgrënn vun de Iwwersättegung vun eisem Stroossenetz ass. 

Fir méi Mobilitéit op eisem Stroossennetz wëllen d’Piraten:

  • Raimlech Moossnamen iwwert Dezentraliséierung huelen, andeems zukünfteg Aarbechtsplaze méi wäit ausserhalb vun der Stad entstoe mussen;
  • Op de Grenze Opfangparkinge schafen, fir esou de Stau op den Autobunnen ze verhënneren an domat den Traffik ze entlaaschten an d’Grenzgänger iwwert den ëffentlechen Transport (Bus, Zuch) méi schnell a komfortabel op hier Aarbechtsplazen ze bréngen. Dës Parkingen solle mindestens 16 Stonne gratis sinn. All Bus-oder Zuchlinn, déi zu Lëtzebuerg fortfiert oder bei engem P&R ophält, soll gratis fir d’Grenzgänger sinn.

Verkéiersinformatiounssystem national op Open Source ausbauen

Et goufe Milliounen Euro a Systemer investéiert, fir eis Autobunnen ze iwwerwaachen an d’Fuerer fréizäiteg op Stau a Geforen opmierksam ze maachen. Och a Parkhaiser ginn Informatiounen zu de Parkplaze gesammelt. Leider gouf oft vergiess, dës Informatiounen iwwer informatesch Systemer disponibel ze maachen. Mir brauchen méi Transparenz bei den Informatioune ronderëm de Verkéier, ob fir den Auto, Zuch oder Bus. Lëtzebuerg géif enorm dovu profitéieren, wann déi gesamt Verkéiersdonnéeën net nëmmen op digitale Schëlder oder an Apps géife stoen, mee och online gratis fir jiddereen disponibel wieren.

D’Piraten wëllen:

  • Dass ee Maximum un Donnéeën zum Verkéier graits ëffentlech verfüügbar sinn, fir dass jidderee eng Plattform an Alternativen zu bestoenden Apps kann opbauen;
  • Dofir d’Donnéeën zu elektronesch Staumeldungen fir jiddereen ëffentlech maachen;
  • Dofir d’Live-Informatiounen zum ëffentlechen Transport fir jiddereen accessibel maachen;
  • Dofir suergen, dass d’Live-Informatiounen zu den verfügbare Parkplazen, do wou Parkplazen gezielt ginn, obligatoresch mussen op eng zentral Plattform matgedeelt ginn, déi fir jiddereen accessibel ass.

West- an Nordcontournement

Fir de Verkéier an der Stad méi fluid ze kréien, muss d’West-Ëmgehung gebaut ginn. Och d‘Nordstad brauch direkt zwee Contournementen, fir de Verkéier besser an de Grëff ze kréien. Esou sollt ee Contournement nördlech vun Dikrech verlafen an de Stadkär, wéi och Angelduerf, entlaaschten. Donieft ass et wichteg endlech d’Verbindung Ettelbréck-Feelen ëmzeorganiséieren.

Verkéiersfloss verbesseren

Och kleng Verännerungen kënne sech positiv op de Verkéiersfloss auswierken. 

D’Piraten proposéieren dofir:

  • D’Aféierung vun enger Giel-Phase op de roude Luuchten, esou wéi beispillsweis an Däitschland, wann vu rout op Gréng geschalt gëtt.
  • D’Aféierung vun engem Zieler (Countdown) bei de roude Luuchten, esou Dass sech Verkéiersteilnehmer op d’Ufueren bereet maache kënnen.
  • Intelligent Verkéiersluuchten, déi ëmmer funktionnéieren, och an der Nuecht.