Familljepolitik

Inhalt

Familljepolitik

Famill: dat sinn déi Mënschen, déi engem nostinn, déi a gudden ewéi a schlechten Zäite fir een do sinn an op déi een sech am Eeschtfall ëmmer verloosse kann. Et sinn déi Mënschen, fir déi een alles a Beweegung setzt, fir se frou ze maachen. Famill gëtt Gebuergenheet a Sécherheet. D’Piratepartei steet fir eng modern Familljepolitik, déi um Prinzip vun der fräier Selbstbestëmmung vum perséinleche Liewe berout an der Villfalt vun de Liewensstiler gerecht gëtt, grad bei der geschlechtlecher a sexueller Identitéit. All Familljemember muss fräi kënnen entscheeden, wéi e mat senge Léifsten zesummeliewe wëll. All Form vum Zesummeliewe muss respektéiert ginn, wann se um géigesäitegen Averständnes an dem Respekt vun de betraffene Persoune berout.

De Chèque-service d’accueil un d’Elteren ausbezuelen

Deen aktuelle Modell vun de Betreiungsstrukturen (Crèchen, Maisons relaisen, asw.) bitt den Elteren an de Kanner keng zefriddestellend Léisung. Ganz am Géigendeel, d’Eltere kréien de Choix ewechgeholl, well si et sech net leeschte kënnen, fir hir Kanner selwer z’erzéien.
Wien sech selwer ëm d‘Erzéiung vu senge Kanner këmmere wëll, dee muss ee Kompromëss maachen: entweder Suen oder Zäit fir seng Kanner. Wien sech fir d’Suen entscheet, entscheet sech fir méi Aarbechtszäit a setzt säi Kand an eng Crèche. D’Crèche gëtt zum gréissten Deel vum Staat bezuelt iwwert de Chèque-service d’accueil (CSA). Wien seng Kanner awer selwer versuerge wëll an net an eng Crèche schéckt, dee kritt guer näischt. Wéinst den héije Liewenskäschten zu Lëtzebuerg ass d’Decisioun do schnell gemaach, well een ouni zweet fest Akommes finanziell net iwwert d’Ronne kënnt. D’Eltere ginn also finanziell gezwongen, fir hir Kanner an eng Betreiungsstruktur ze schécken.

D’Piraten fuerderen ee fräie Choix bei de Kannererzéiung duerch:

  •  d’Aféiere vum bore Chèque-service d’Accueil: mir wëllen, dass een Deel vum Chèques-service d’acceuil direkt un d’Eltere soll ausbezuelt ginn, wann si hiert Kand net Vollzäit an eng Crèche schécken. D’Ausbezuelung soll nom Akommes vun der Famill gestaffelt sinn, genau esou ewéi dat elo scho beim CSA de Fall ass. Dat géif och deene Familljen zegutt kommen, déi hir Kanner net kënnen an eng Crèche oder Maison relais schécken, well keng Plaze méi fräi sinn.

Méi Flexibilitéit bei der Kannerbetreiung aféieren

Crèchen, d‘Maison Relais’en an och „Mini-Crèchen“ sinn oft onflexibel fir ausserhalb vun de regulären Aarbechtszäiten op ee Kand opzepassen. Oft rechne Crèchen d’Stonnen och am Forfait of an net pro genotzte Stonn, soudass dëse Modell net déi néideg Flexibilitéit fir verschidde Liewenssituatioune bitt. Wann Elteren onreegelméisseg Aarbechtszäiten hunn oder am Noutfall eng Persoun brauchen, fir op hiert Kand opzepassen, brauchen se aner Betreiungsméiglechkeeten.
Dagesmammen a privat Strukturen hunn do de Virdeel, dass d’Kanner an enger familiärer Ëmgéigend betreit kënne ginn an d’Auerzäite méi flexibel kënne gestallt ginn. An hirem Beruff kënnen se och profitéieren, dass se gläichzäiteg hir eege Kanner betreien an erzéie kënnen.

D’Piraten wëllen:

  •  D’Aktivitéit vun der Dagesmamm besser ënnerstëtzen an et den Dagesmammen (a -pappen) méi einfach maachen, fir hir Aktivitéit ouni vill Paperasse kënnen ze maachen;
  •  Op mannst eng staatlech Crèche an all Kanton hunn, déi exklusiv fir Leit reservéiert ass, déi irregulär Aarbechtszäiten oder Schichte schaffen (Police, CGDIS, Douane, Commerce, etc.);
  •  D’Méiglechkeet mat de Gemengen aféieren, fir sougenannt „Pausen-Crèchen“ anzeféieren. Dat si Plazen, wou Elteren hir Kanner e puer Stonne kënnen a Sécherheet loossen, wann si op ee wichtege Rendezvous musse goen oder am Noutfall keng Persoun bei Hand hunn, fir hiert Kand bei enger Vertrauenspersoun ze loossen. Dës Crèche kënnen och hëllefen, fir ee „burn-out parental“ virzebeugen.

Congé parental ausbauen

De Congé parental ass eng gutt Moossnam, déi den Eltere méi Zäit a Flexibilitéit fir d’Organisatioun vun hirem Familljeliewe gëtt. Allerdéngs: wat nëtzt et engem Elterendeel, ee Mol am Liewe kënnen op sechs Méint Congé parental zeréckzegräifen, wann een op mannst weider 10 Joer den Alldagsstress vun Aarbecht, Kannerbetreiung mat senger Zäit jongléiere muss? Niewebäi ass am Gesetz geschriwwen, dass en Elterendeel am Fall vum Doud vun engem Kand wärend dem Congé parental maximal e Mount Zäit huet, fir nees schaffen ze goen, wat fir eis net akzeptabel ass.

Mir Piraten:

  •  Ënnerstëtzen den aktuelle Congé parental a wäerten eis dofir asetzen, fir den aktuelle System auszebauen an ze verbesseren, andeems, d‘Eltere méi Congésdeeg kréien an och méi Urechter, fir de Congé an Deelzäit kënnen ze huelen;
  •  Wäerten eis dofir asetzen, dass am tragesche Fall vum Doud vun engem Kand d’Eltere kënne weider doheem bléiwen, bis de Congé parental eriwwer ass, fir sécherzestellen, dass d’Elteren Zäit hunn de Verloscht ze verschaffen;
  •  Proposéieren, fir de Congé, deen ee Partner bei der Gebuert kritt, vun aktuell 2 Wochen op 3 Méint z’erhéijen, fir dass de Partner oder d’Partnerin vun Ufank un der Mamm kann zur Säit ze stoen.

Méi Congésdeeg fir schwéier Situatiounen

Wenn een Elterendeel mat hirem krank Kand bei de Dokter muss fueren, kann si zu all Moment op de „Congé pour raisons familiales“ zeréckgräifen. Wenn ee Familljemember awer ee schwéier kranke Familljemember bei een Dokter muss féieren, kann en op de Congé d’accompagnement zeréckgräifen aus dem Gesetz Soins. Dat sinn aktuell fënnef Deeg pro Patient:in pro Joer.

D’Piraten wëllen:

  •  De Congé d’accompagnement am Fall vu schwéiere Krankheeten auswäiten, fir dass d‘Leit méi Zäit hunn, fir sech ëm hir krank Familljememberen ze këmmeren;
  •  De Congé pour Décès vun aktuell dräi Deeg op fënnef Deeg z’erhéijen a méi flexibel ze gestalten, fir de Leit d’Méiglechkeet ze ginn, d’Begriefnis vun hirem Familljemember propper z’organiséieren.

Reeboufamillen

D’Piraten ënnerstëtzten d’Diversitéit vun de verschiddenste Familljemodeller, wou net primär de biologesche Lien am Mëttelpunkt steet a stinn dofir kloer zum Modell vun de Reeboufamillen, wat bedeit, dass Persoune mam gläiche Geschlecht kënnen Eltere vun engem Kand sinn.

D’Piraten sti fir:

  •  Eng direkt Unerkennung vu béiden Elterendeeler bei der Gebuert vun engem Kand an dat och bei gläichgeschlechtleche Partner;
  •  D’Schafe vun enger klorer legaler Basis hisiichtlech der Filiatiounspolitik an den eventuelle Konsequenzen op d’Ofstamungs- an Ierfschaftsrecht hisiichtlech vu Reeboufamillen;
  •  D’Aféiere vu méi Optiounen op offiziellen Dokumenter, Publikatiounen a Formulaire, soudass all déi involvéiert Elterendeeler, onofhängeg vun hirem Geschlecht, kënnen op den Dokumenter stoen (z.B. zwou Mammen an ee Papp um Certificat de naissance).

Adoption simple prioriséieren

Persounen, déi engem Kand een Doheem wëlle bidden, an deem et Léift a Virsuerg kritt, sollen an all Fall ënnerstëtzt ginn. Dofir soll all erwuesse Persounen, déi de Krittäre vun den zoustännege Fachleit a Servicer entspriechen an déi dofir néideg Kompetenze besëtzen, d’Méiglechkeet kréien, sech als Elterekandidat fir eng Adoptiounsprozedur ze bewerben. Mir gesinn et awer och als e Grondrecht vu jiddwer Mënsch un, d’Identitéit vu senge biologeschen Elteren ze kennen. Et steet kengem Mënsch zou, engem aneren d’Méiglechkeet virzëenthalen seng eege Wuerzelen ze entdecken.

Aus dësem Grond maachen d’Piraten sech staark:

  •  Dass d’Adoption simple prioriséiert gëtt, bei deem d’Kand de Lien zu senge biologeschen Eltere behält an déi dem Kand déi gréissten Auswielméiglechkeete fir säi Liewe gëtt.

Fleegefamillje besser ënnerstëtzen

Ee Kand gëtt am Prinzip vu senge biologeschen Eltere versuergt a groussgezunn. Leider existéieren an all Gesellschaft Fäll, wou een d’Kanner virun hire biologeschen Eltere schütze muss a wou et besser ass, dass d’Kanner net bei hiren Eltere liewen, grad wa Gewalt am Spill ass oder d’Kanner staark vernoléissegt ginn. An dësen Extremfäll ginn d’Kanner aus hirer biologescher Famill geholl an a Foyeren oder Fleegefamillje bruecht. Fleegeelteren si Persounen, déi fräiwëlleg dës Kanner an hiert Doheem ophuelen a sech drëm këmmeren, fir deene Kanner déi Fleeg ze ginn, déi si bei hire biologeschen Elteren net kënne kréien. Fleegefamillje leeschten deemno méi, wéi nëmmen d’Garde vun de Kanner z’assuréieren: et sinn Ersatzelteren, déi sech mat Leif ëm d’Kanner këmmeren. Fir d’Kanner huet dëse System de Virdeel, well si am Géigendeel zu Foyeren eng Bezuchspersoun, also eng Famill hunn, op déi si sech 24/7 verloosse kënnen.

D’Piraten ënnerstëtzen de Modell vun der Fleegefamill a wëllen:

  •  Dass d’Wuel vum Kand op laang Siicht gekuckt am Mëttelpunkt steet;
  •  Dass et Zil soll sinn, dass all Kand ee Recht drop huet, fir eng Plaz an enger Fleegefamill ze kréien an dass de Modell vun de Fleegeeltere virum Opbau vun neie Foyere prioriséiert gëtt;
  •  Dass d’Fleegefamilljen een eegene Statut als Independant an d’Fleegeelteren déi néideg Ressourcen zu Verfügung gestallt kréien, fir hir Aarbecht am beschten Interêt fir d’Kand kënnen ze maachen;
  •  Dass d’Kanner am Placement bei gewëssene Krittären eng laangfristeg Zouso kréien, ob si bei hir biologesch Elteren zeréck mussen oder net. Wärend där Zäit soll och kloer gesetzlech gekläert sinn, wat Fleegeelteren eleng dierfen entscheeden. D’Kand soll zu all Zäitpunkt an op eegen Initiativ selwer kënnen decidéieren, ob et zeréck bei seng biologesch Eltere wëll goen;
  •  Dass méi Leit doriwwer informéiert ginn, fir Fleegefamill ze ginn.

D‘Interess vum Kand mussen am Mëttelpunkt stoen

Gescheeten Elteren hunn oft verschidden Usiichten, wéi d’Kanner erzu solle ginn an dofir ginn et oft Problemer bei der Koordinatioun tëschent gescheeten Elterendeeler. D’Interessie vum Kand mussen heibäi ëmmer am Mëttelpunkt stoen. D‘Kand huet e Recht drop mat béiden Elteren, souwéi och mat nostoende Familljememberen de Kontakt no enger Scheedung ze halen. D‘Kand huet och d‘Recht drop dee Kontakt ze verweigeren. D’Scheedungsrecht muss dofir méi dem Wëlle vun de Kanner entgéint kommen an un hir Realitéit ugepasst ginn.

D’Piraten fuerderen:

  • Dass d’Wiel vum Kand mat béiden Elterendeeler a Kontakt ze bleiwen, wann dëst gewënscht ass, muss Prioritéit hunn.
  •  Dass jidder Elterendeel, dee sech an d’Erzéiung vum Kand abrénge wëll, onofhängeg vum Geschlecht, déi selwecht Rechter zougestane kritt.

Familljeplanung a Verhütung

Zënter dësem Joer kënnen d’Fraen d’Anti-Baby-Pëll gratis an der Apdikt kréien. Dëst Verhütungsmëttel gëtt schonn zënter Joerzéngte vu Millioune vu Fraen op der Welt all Dag geholl. Mee ëmmer nach brauch ee fir d’Pëll eng Ordonnance vum Dokter. Anerersäits kritt een d’Pëll fir de Schwangerschaftsofbroch (Pëll vum Dag duerno) ouni iergendwellech Verschreiwung an der Apdikt, obwuel den Hormongehalt vun där Pëll vill méi héich an de Risiko vun engem Impakt op der Kierper méi grouss ass, wéi bei der Anti-Baby-Pëll.
An anere Länner, wéi zum Beispill Portugal, brauch ee keng Ordonnance méi, fir d’Anti-Baby-Pëll an der Apdikt ze kafen. Duerch déi professionell Berodung vun engem ausgebilten Apdikter bleift ee Kontrollmechanismus erhalen a gläichzäiteg entlaascht een d’Gynekologen, well d’Fraen net extra fir eng Ordonnance bei de Gynekolog mussen, fir ee regulären Traitement ze huelen.

D’Piraten setzen sech dofir an:

  •  Dass d’Anti-Baby-Pëll an Zukunft ouni Ordonnance vum Dokter soll an der Apdikt erhältlech sinn;
  •  Dass och d’Männer iwwert hier Méiglechkeete fir ze verhüten opgekläert an ënnerstëtzt ginn.