An de leschte Joren hu verschidden Etüden erausfonnt, dass d’Reduktioun vun de CO2- Emissiounen eleng net méi duer geet, fir eist Klimazil vu maximal 1,5 Grad Äerderwiermung z’erreechen. Parallel zur Reduktioun vun den Zäregaser mussen also och Ustrengungen ënnerholl ginn, fir de bestoende CO2, deen elo schonn an der Atmosphär ass, eraus ze kréien. Mir schwätzen heibäi vum Carbon Capture oder negativen Emissiounstechnologien.
Beim Carbon Capture geet et dorëm, fir de CO2 aus der Loft eraus ze filteren an an anere Forme fest ze setzen, wou en dann net méi zur Äerderwiermung bäidréit. Da kann ënnert verschiddene Forme sinn: a Steeschichten oder a Baumaterialie wéi dem Bëtong. Et existéiert och d’Méiglechkeet fir d’Hierstellung vun E-fuels. Dës Dreifstoffer sinn op mannst CO2-neutral an eegnen sech, fir den Undeel vu fossillen Dreifstoffer kuerz- a mëttelfristeg nach ee Mol ze reduzéieren.
D’Piraten: