Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413
Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268
Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520
Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220
Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501
Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243
Deprecated: Using ${var} in strings is deprecated, use {$var} instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/forms/submissions/database/query.php on line 103
Deprecated: trim(): Passing null to parameter #1 ($string) of type string is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/custom-css/module.php on line 76
Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124
Een Thema, wat hei zu Lëtzebuerg dacks net gär ugeschwat gëtt, ass d’Drogeproblematik. Mat Droge verbanne vill Leit just klischeehaft Virstellunge vu kriminellen Drogendealeren a Sans-Abrisen. Dës Virstellungen entspriechend awer net ganz der Realitéit. D’Drogeproblematik hei zu Lëtzebuerg ass vill méi villfälteg wéi dës deels falsch Virstellungen an deem muss politesch och Rechnung gedroe ginn. Nëmmen esou kann sech un der Situatioun wierklech eppes änneren.
Méi Präventioun a Sensibiliséierung
Vill Problemer mat Droge kéinte verhënnert ginn, wann vill méi fir eng gutt Präventioun gemaach géif ginn. Eng konsequent Opklärungs- a Suchtpräventiounsaarbecht ass de Grondstee vun enger moderner Drogepolitik.
D´Piraten fuerderen an dësem Kontext:
Eng Sensibiliséierung déi bei de Kanner an der Schoul ufänkt, wou een net nëmmen op d´Geforen hiweist, mee och doriwwer informéiert, dass ee mat Droge keng Problemer ka léisen;
Eng Sensibiliséierung iwwert d´Gefore vum Alkohol, déi iwwert Initiativë wéi «Dry January» erausgeet;
Eng obligatoresch Formatioun am Kader vun der zweejäreger Proufzäit fir den definitive Führerschäin virgesäit.
Géint Klischeeë virgoen
Dass vill Drogekonsumenten net den traditionelle Virstellunge vu vill Leit entspriechen, ass eppes, wat seelen thematiséiert gëtt. Grad d’Analyse vum Ofwaasser weisen awer, dass an de Wirtschaftszentren d’Konzentratioun vun de Réckstänn am Waasser mat am héchsten ass. Dowéinst ass et wichteg, dass den Dialog iwwert d’Drogeproblematik éierlech gefouert gëtt. Nëmmen esou kann een de Problem wierklech bei der Wuerzel packen.
Drogenofhängegkeet als medezinesche Problem gesinn
Drogenofhängeg Persounen si krank an dierfen net méi wéinst hirer Krankheet kriminaliséiert ginn. Dës Krankheet soll behandelt ginn, ouni dass déi ofhängeg Persoun muss fäerten, fir hir Sucht och nach penal bestrooft ze ginn. Eng Kriminaliséierung stéisst déi betraffe Persoune just nach méi an d’Prekaritéit. Och opgrond vun dëser Angscht verzichten ofhängeg Persounen nach ze dacks op eng Behandlung.
Dofir fuerderen d´Piraten:
Eng proaktiv Propose vun alle verfügbare medezinesche Méiglechkeete fir Persoune mat engem Suchtverhalen;
Eng méi grouss Offer u sozialen Agliederungsmoossnamen, déi enger Persoun et erméiglechen, sech nees eng sécher an drogefräi Existenz opzebauen an esou Réckfäll an d’Sucht ze vermeiden.
Méi spezialiséiert Strukturen
Lëtzebuerg brauch méi Strukturen, bei deenen sech ofhängeg Persounen kënnen Hëllef sichen. Eng Persoun muss sech zu all Moment un eng vun dësen Statiounen wende kënnen, fir en Entzuch unzefänken.
Dofir fuerderen d´Piraten:
Méi Fixerstuffen mat enger professioneller Berodung duerch spezialiséiert Personal, wou d’Leit an enger gréisst méiglecher Sécherheet kënnen consomméieren;
Méi Statiounen a Spideeler, wou ofhängeg Persounen sech kënnen hi wenden, fir een Entzuch ze maachen, begleet vu qualifizéiertem Personal, dat hinnen am Kader vun den Entzuchserscheinungen an domat verbonnene Problemer kann hëllefen;
Méi Programmer, déi Persounen no hirem Entzuch begleeden an hinnen dobäi hëllefen, hire Wee zréck an een drogefräit Liewen ze fannen a méiglech Réckfäll ze vermeiden.
Gläichstellung vu medezineschem Cannabis mat anere Medikamenter
Zu Lëtzebuerg ass d’Verschreiwung vu medezineschem Cannabis zënter véier Joer méiglech. Trotzdeem sinn dës Medikamenter nach ëmmer net komplett mat de gängege Medikamenter gläichgestallt. Medezinesche Cannabis kritt e Patient am Moment just an enger Spidolsapdikt.
D´Piraten fuerderen an dësem Kontext:
Eng Gläichstellung vu cannabinoidhalteg Medikamenter mat anere verkéiersfähege Medikamenter;
Eng Offer déi et erlaabt, dass Patienten hir cannabinoidhalteg Medikamenter och sollen an Apdikten uechter d’Land kënne kréien;
Eng Vergréisserung vum Stock, esou dass zu all Moment genuch cannabinoidhalteg Medikamenter disponibel sinn.
D’Legaliséierung vum Besëtz vu Cannabis
Fir volljäreg Persoune muss de Besetz vu Cannabis endlech legaliséiert ginn. Zënter Jore schleeft de Projet, mee nach ass kee Resultat do. Hei muss nogebessert ginn. Mat der Legaliséierung vum Cannabis entkriminaliséiert ee ganz vill Leit an och d’Police gëtt entlaascht.