Primärschoul a Lycée

Inhalt

De Schoulprogramm un aktuell Erausfuerderungen upassen

Nieft der wichteger Kompetenzvermëttlung an den Haaptfächer, ass et vu grousser Bedeitung, dass de Schoulprogramm och op déi aktuell global Erausfuerderungen ageet, wéi z. B. de Klimawandel oder d’Aartestierwen, an zousätzlech mussen och Theme behandelt ginn, déi wichteg sinn, fir d’Gesondheet an d’gesellschaftlecht Zesummeliewen.
Doduerch, dass méi Thematike solle behandelt ginn, géifen d’Kanner an déi Jonk besser op eis Gesellschaft virbereet ginn a sech laangfristeg an eiser komplexer Gesellschaft besser zurecht fannen. 

Dofir fuerdere mir:

  • D’Fach Vie et Société notzen, fir wichteg individuell a gesellschaftlech Erausfuerderunge méi ze thematiséieren, wéi z. B. d’mental Gesondheet oder de Problem vun der Gewalt;
  • D’Punkte vum Klimawandel an dem Schutz vun der Ëmwelt an de Schoulprogrammer stäerken an deene Jonken d’Natur nobréngen duerch Schoulgäert an Ausflich;
  • D’Mediekompetenz vun de Jonke stäerken;
  • Éischthëllefscoursen op de Schoulprogramm setzen.

D’Bildungsoffer u gesellschaftlech Besoinen upassen

D’Bildungsoffer muss um Niveau vun de Sektiounen am Lycée un d’Besoine vum Terrain ugepasst ginn. A verschiddene Beruffssparte feelt et aktuell massiv u qualifizéiertem Personal; An den Handwierksberuffer an an de Gesondheetsberuffer feelen de Moment besonnesch vill Leit. Hei geet et net duer, fir just Werbecampagnen ze maachen, an der Hoffnung, fir méi Jonker fir dës Secteuren ze begeeschteren. Hei muss scho bei der Formatioun an de Schoulen ugesat ginn an d’Beruffsausbildunge musse ganz kloer valoriséiert ginn. Bei der Orientéierung vun de Jonken am Lycée ass et wichteg, no den Interesse vun de Schüler:innen ze kucken an d’Beruffsausbildungen net just deene Schüler:inne virzeschloen, déi fir aner Klassen net genuch Punkten haten. Eng Karriär am Handwierk ass net manner Wäert wéi eng Universitéitsausbildung. Wichteg ass, dass een dat, wat ee mécht, mat Spaass mécht. D’Piraten ënnerstëtzen dofir och d’Iddi, et de Schüler:innen ze erlaben, eng 1ère gläichzäiteg mat engem DAP-Ofschloss ze maachen. Op all Schoulniveau – och am Classique – sollt et eng Filière gi fir d’Handwierk a fir d’Gesondheets- a Fleegeberuffer. All Jonke soll eng Formatioun an engem vun dëse Branchë kënne maachen, wann e wëll, egal op en am Classique ass oder an engem vun den Niveaue vum General. Esou erméigleche mir et, dass all Interesséierten ee Gesondheets- oder Handwierksberuff ka léieren.

Dofir fuerdere mir:

  •  D’Beruffsausbildunge valoriséieren an en DAP-Ofschloss zesumme mat enger 1ère ubidden;
  •  Eng Filière op all Schoulniveau fir d’Handwierk an d’Gesondheets- a Fleegeberuffer ubidden;
  •  De Besuch vun der järlecher Léierfoire fir all Schoulniveaue verflichtend maachen;
  •  Stage promouvéieren.

Der Méisproochegkeet Rechnung droen

D’Schoul huet sech an deene leschte Jore ganz vill verännert, dëst och duerch déi gesellschaftlech Ännerungen, mat deene Lëtzebuerg konfrontéiert ass. Vill Leit sinn nei an d’Land komm, dëst mat an ouni Kanner. Lëtzebuergesch ass a ville Famillen net méi déi Sprooch, déi primär geschwat gëtt. Dës Realitéit huet natierlech och ganz grouss Auswierkungen op d’Schoul an de Schoulalldag. D’Schoule mussen sech un dës Realitéiten upasse – an zwar net nëmmen déi international Schoulen. Lëtzebuerg ass duerch eng grouss Sproochevillfalt gepräägt an d’Méisproochegkeet ass ee vun de ganz groussen Atouten, déi mir hunn. Där Méisproochegkeet muss och an der Schoul Rechnung gedroe ginn a gläichzäiteg dierf d’Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch awer net verluer goen – am Géigendeel.

Dofir fuerdere mir:

  •  D’Alphabetiséierung net just op Däitsch ubidden;
  •  Verschidde Couren a verschiddene langues véhiculaires ubidden;
  •  Lëtzebuergesch als Fach net nëmmen op de Stonneplang vun der 4ième, mee och nach vun der 3ième setzen;
  •  Iwwerdenke vun der aktueller Trennung vun den internationale Schoulen an den traditionelle Lycéeën, well laangfristeg dierf et net d’Zil sinn, de klassesche lëtzebuergesche Schoulsystem engersäits an de System vun den internationale Lycéeën anerersäits parallel vun eneen (an dat heescht och laanscht eneen) lafen ze loossen.

E moduläre System fir de Secondaire

Haut ass et a verschiddene Fächer scho méiglech, dass d’Schüler:innen sech tëscht Basis- an Opbaucoure kënnen entscheeden. Dëse moduläre System muss nach weider ausgebaut ginn, fir dass dëst nach a méi Fächer méiglech gëtt. D’Module bidde jidderengem d’Fräiheet, an deem Tempo ze léieren, deen him entsprécht. Gläichzäiteg verhënnert dee System, dass déi Jonk ganz frei entspriechend hirer Leeschtung a fix Klasse getrennt ginn, ouni dass Deelstärke gefërdert kënne ginn. Problemer kënnen an eenzele Beräicher frei erkannt ginn, esou dass cibléiert Hëllefsstellunge méiglech sinn an d’Schüler:innen hier Schwieregkeeten net einfach „weiderschleefen“. Feelt z. B. an enger Sprooch eng gutt Basis, huet et kee wäert op e méi schwéieren Niveau weider ze goen a scho grouss literaresch Wierker virgesat ze kréien, just well een an en nächst Schouljoer kënnt. Andeems ee Flichtmoduller, Walmoduller a méi spéit och Spezialiséierungsmoduller géif ubidden an dës och nach a Basis- an Opbaumoduller opdeelt, kéint een a vill méi Fächer eng wierkungsvoll Differenzéierung ubidden.
Fir dës villfälteg Coure kënnen unzebidden, kann et sënnvoll sinn, Schoulen, déi op dem selwechte Campus oder zumindest no beienee leien, zesummen ze schléissen oder eng Kooperatioun unzereegen. Zudeem sollt et beim Bau vun neie Schoulen am Fondamental méi einfach gemaach ginn, dass sech verschidde Gemengen zesummen dinn, fir eng méi grouss gemeinsam Schoul ze bauen. Dëst géif laangfristeg wichteg Ressource schounen a nei Synergien tëscht Gemengen oder Schoulen entstoe loossen.

Dofir fuerdere mir:

  • En Ausbau vum moduläre Schoulsystem an eng besser Differenzéierung;
  • D’Ausschaffe vun enger Orientéierungshëllef an Zesummenaarbecht mat de Beruffskummeren, déi weist, wéi eng Moduler, fir wéi eng Ausbildung/Beruffswënsch noutwenneg sinn;
  • D’Ënnerstëtze vun Zesummeschlëss a Kooperatiounen tëscht Schoulen, fir méiglechst villfälteg Couren ubidden ze kënnen a Synergien ze fërderen.

Eng Upassung vum Horaire am Fondamental

D’Pirate maachen sech staark fir Schoulen, déi un d’Besoine vun de Kanner an hiren Elteren ugepasst sinn. Déi aktuell Schoulzäiten am Fondamental, wou d’Kanner u verschiddenen Deeg no enger laanger Mëttespaus nach emol d’Schoulbänk mussen drécken, hunn Nodeeler fir d’Kanner, d’Elteren an d’Personal. Eng Upassung vun de Schoulzäiten, wou all Dag vun 8h00 bis 13h00 Schoul wier, géif bei de Kanner de Stress reduzéieren, deen de Wiessel Schoul-Maison Relais-Schoul mat sech bréngt. Den Elteren, déi mi-temps schaffen, géif dat erlaben, Mëttes méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen a fir d’Personal an de Maisons Relaise géif et de Planning méi einfach maachen. Doduerch, dass net u verschiddene Mëtteger nach Schoul ass, kënnt et net méi zu Coupuren, esou dass d’Maisons Relaisen och d’Méiglechkeet hätten, fir nach méi divers Aktivitéiten unzebidden, zum Beispill a Kooperatioun mat Kulturinstitutiounen oder Sportveräiner. Doduerch, dass dës Coupuren am Horaire ewechfalen, kënnen dann och d’Aarbechtskonditioune verbessert an d’SAS-Kontrakter bei allen Träger strikt applizéiert ginn.

Dofir fuerdere mir:

  •  Eng Upassung vum Horaire vun de Grondschoulen: All Dag Schoul vun 8h00 bis 13h00;
  •  Eng verbessert Zesummenaarbecht tëscht de Maison Relaisen an de lokale Kulturschafenden a (Sports)Veräiner.

D’Digitaliséierung an de Schoulen ausbauen

All Schoul hei am Land, egal ob aus dem Fondamental oder dem Secondaire, muss iwwert eng gutt digital Infrastruktur verfügen. Dëst geet vum Internetuschloss iwwert modern Computere bis zu de benotze Programmer. Et ginn nach ëmmer Schoulen hei am Land, déi net iwwert e gutt funktionéierenden Internet verfügen an dat muss sech änneren. Wichteg ass och, dass d’Schoul onofhängeg vu grousse Megakonzerner bleift. D’Schüler solle mat verschiddene Programmer vu verschiddenen Hiersteller kënnen ëmgoen an do, wou et méiglech ass, mat Open-Source Programmer schaffen.
Schoulbicher sollen de Schüler:innen an digitaler Form gratis zur Verfügung stoen. De Ministère soll mat de Verlager, déi d’Schoulbicher fir d’Schüler:innen erausginn, Zougangsberechtegungen ausschaffen, déi et de Schüler:innen erlaben, een zäitlech begrenzten Zougrëff op d’Bicher ze kréien. Dat géif et de Schüler:innen erméiglechen, fir och vun doheem aus Accès op hir Bicher ze hunn, ouni dës mat Heem mussen ze schleefen. Um Enn vum Schouljoer géif de Login fir den digitalen Zougang zu de Bicher automatesch verfalen. Déi digital Versioun soll awer déi geprinte Bicher net ersetzen, wien wëll, soll natierlech och weiderhi kënne geprinte Schoulbicher notzen.

Dofir fuerdere mir:

  •  Ee séieren a stabillen Internetzougang an allen Klassen;
  •  Eng Stäerkung vun Open Source;
  •  Käschtefräien digitalen Accès op Schoulbicher.

Verständlech Bilanen

D’Bilane mussen d’Elteren an d’Kanner kloer a verständlech doriwwer informéieren, wou d’Kand steet. Aktuell si vill verschidden Evaluatiounssystemer an der Lëtzebuerger Schoullandschaft ze fannen an net all System ass gläich gutt.

Dofir fuerdere mir:

  •  d’Ausschaffe vun engem en eenheetlechen Evaluatiounssystem fir de Lëtzebuerger Enseignement.

Upassung vun der Bewäertung vum Dossier de vacance

Huet een an engem Fach eng Ongenügend an der Moyenne muss een aktuell e sougenannten Dossier de vacance schreiwen. E gëtt bewäert a mécht e Véierel vun der Gesamtnott vum Noexamen aus. Dësen Dossier ze schreiwen, erlaabt et de Jonken d’Inhalter vum Examen a Rou doheem ze widderhuelen an ze weisen, wat si kënnen ouni Prüfungsstress. Gläichzäiteg gëtt et, wéi bei bei Hausaufgaben am allgemengen awer de Problem, dass fir d’Schoul ni sécher ass, wien se gemaach huet. War d’Bomi villäicht méi an d’Schreiwe vum Dossier involvéiert wéi den/d‘ Schüler:in oder gouf et eng bezuelten Nohëllef? Gouf den Dossier villäicht souguer vun engem Chatbot verfaasst? Well de Bot alle Schüler:inne gläichermoossen zur Verfügung steet, wier seng Verwendung villäicht souguer méi fair, wéi de Réckgrëff op déi traditionell Hëllef duerch Frënn a Famill, mee kloer ass, dass all dës « Hëllefsmëttel »Ongläichheeten tëscht de Schüler:inne schafen. Well et beim Noexamen net soll drëm goen, wat d’Frënn, d’Famill oder e Bot kënnen, soll den Dossier net méi an d’Berechnung vun der Nott vum Noexame mat afléissen, mee just nach en onbewärte Leeschtungsnoweis fir den Zougang zum Exame sinn.

D’Situatioun vun de Chargé(e)ë verbesseren

Et ass wäitreechend bekannt, dass d’Situatioun vun de Chargé(e)s de cours hei am Land ganz schlecht ass. Den Educatiounsministère hëlt sech hei verschidde Rechter eraus, déi esou an der Privatwirtschaft net méiglech wieren. E Beispill sinn hei d’Aarbechtskontrakter, wou den Educatiounsministère vill ze dacks iwwert Joren ëmmer nees zäitlech begrenzte Kontrakter ubitt. Wärend der Summervakanz hunn d’Chargé(e)ë mat befriste Kontrakter net nëmme keen Akommes, mee si sinn och net sozial verséchert. Zousätzlech mussen d’Chargéë méi Stonne Cours halen an dat fir manner Geld wéi d’Fonctionnairen. Och aner Avantagë bleiwen de Chargé(e)n hei am Land virenthalen. Den Educatiounsministère notzt d’Chargé(e)s de course schamlos aus. An dat, obwuel ouni d’Chargé(e)s de cours hei am Land d’Beschoulung net kéint assuréiert ginn, well ganz vill Stonnen am Enseignement vu Chargé(e)ë gehale ginn. D’Ausbeutung vun dësen Aarbeschtskräft muss endlech ophalen.

Dofir fuerdere mir:

  • Den Asaz vun zäitlech limitéierte Kontrakter (CDD) fir d’Chargé(e)s de coursen esou wéi an der Privatwirtschaft och fir den Educatiounsministère begrenzen: No zwee zäitlech begrenzte Kontrakter muss automatesch en zäitlech onbegrenzte Kontrakt ugebuede ginn;
  • En Zougang zu allen Dechargë fir d’Chargé(e)ën;
  • Eng Upassung vun den ze leeschtende Stonnen, fir dass d‘Chargé(e)ën net méi Stonne musse schaffe wéi aner Enseignanten;
  • De Chargé(e)ën d‘Méiglechkeet ginn, no enger bestëmmter Zäit am Beruff och un der Affektatiouns- bzw. Mutatiounsprozedur deelzehuelen, woubäi d’Fonctionnairen eng Prioritéit solle behalen;
  • Eng Passerelle fir Chargé(e)ën am Fondamental, déi et erlaabt, zum Enseignants-Concours zougelooss ze ginn, wann ee genuch Beruffserfarung gesammelt an zousätzlech Couren absolvéiert huet.

Quereinsteiger- a Remplacementsformatioune reforméieren

Nieft de Chargé(e)s de cours gehéieren och d’Quereinsteiger an d’Kuerzzäit-Remplaçanten zu de Realitéite vum lëtzebuerger Schoulsystem. Grad am Fondamental muss all ze dacks op si zréckgegraff ginn, fir dass d‘Coursë kënnen assuréiert ginn. Mir kënnen also net op si verzichten, mee si mussen awer besser encadréiert a forméiert ginn. D‘Zil soll et sinn, d‘Quereinsteiger laangfristeg zu vollwäertegen Enseignanten auszebilden (an dat net just um Pabeier) an och de Remplaçante wichteg pedagogesch Kenntnisser mat op de Wee ze ginn, éier si virun enger Klass stinn. Nëmmen esou kann ee fir déi néideg Qualitéit ze suergen. Dowéinst gesi mir déi aktuell Reform vum Quereinsteiger ganz kritesch. Hei soll innerhalb vun engem Joer déi gesamt Pedagogik nogeholl ginn, déi aktuell iwwert véier Joer am traditionelle Bachelor vermëttelt gëtt. Zudeem ass hei net genuch Stagezäit virgesinn. Amplaz weider um aktuelle System vun de Quereinsteiger ze pléischteren, misst hei zesumme mat de Gewerkschafte gekuckt ginn, fir eng seriö a laangfristeg Léisung ze fannen, déi am Interêt vun den Enseignanten, der Schoul a virun allem och de Kanner ass.

Dofir fuerdere mir:

  • Eng enk Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften, fir e Quereinsteiger-Programm op d’Been ze stellen, deen d’Qualitéit vun der Léier garantéiere kann;
  • De Bachelor an de Sciences de l’Education och en cours d’emploi ubidden;
  • Eng Ënnerscheedung bei der Formatioun/Stage vu Persounen, déi als Remplaçant fir eng länger Zäit agesat solle ginn a Surveillanten, déi just e puer Stonnen oder e puer Deeg punktuell asprangen: Remplaçanten, déi iwwert eng méi laang Zäit Klassen iwwerhuele kënnen, musse besser forméiert ginn, wéi dat aktuell de Fall ass.

De Beruff vum Enseignant nees méi attraktiv maachen

Vill Leit wollte fréier an den Enseignement goen an Schoul halen, sief et am Fondamentale oder am Secondaire. Haut huet Lëtzebuerg mat engem Mangel u qualifizéierten Enseignanten ze kämpfen an et muss vill op Quereinsteiger a Chargé(e)s de coursen zréckgegraff ginn, fir eis Schoulen um Lafen ze halen an d’Coursen ze assuréieren. Wärend Joren huet den Educatiounsministère et verpasst, de Beruff vum Enseignant nees méi attraktiv ze maachen, an huet aplaz op Quereinsteiger gesat a Chargé(e)s de coursen mat zäitlech limitéierte Kontrakter a schlechten Aarbechtsbedingungen ausgebeut. Hei muss dowéinst elo endlech eppes geschéien.

Dofir fuerdere mir:

  • Eng Vereinfachung vun den administrativen Tâchen duerch den intelligenten Asaz vun digitalen Outilen an enger Upassung vun den administrativen Demarchen am Zesummenhang mat Kanner mat spezifesche Besoinen;
  • Besser Hëllefsstellunge fir Enseignanten, déi opgrond vu Schüler mat Verhalensopfällegkeeten oder anere spezielle Besoinen Ënnerstëtzung froen;
  • En Ausbau vun de Formatiounen op der Universitéit, fir méi Kandidate kënnen zouzeloossen iwwert de Wee vum Concours fir de reelle Besoine vum Terrain gerecht kënnen ze ginn, esou dass och manner Iwwerstonne gemaach musse ginn;
  • Keng Benodeelegunge vu Persounen, déi Hallefzäit schaffe par Rapport zu Vollzäitmataarbeschter:inne beim Wiessel vum Lycée;
  • Iwwerstonnen zur Ausnam aplaz zur Reegel maachen an Iwwerstonne mat engem erhéichte Korrekturkoeffizient ausbezuelen, falls se dann awer ufalen;
  • De Betreiungsmodell aus dem Precoce, wou eng Equippe aus engem/enger Educateur/-trice an engem/enger Enseignant(e) zesummen d’Prise en charge vun de Kanner iwwerhuelen, op verschidde Cyclen aus dem fondamental auswäiten;
  • D‘Reegele fir d’Notzung vum CET (Zäitspuerkont) esou upassen, dass en och effektiv benotzt ka ginn an Demanden net systematesch ofgeleent ginn.

Eng besser Prise en charge vu Schüler:inne mat spezifesche Besoinen

Kanner mat verschiddenste Besoinen einfach zesummen an ee Klassesall ze setzen, geet net duer, fir vun enger gelongener Inklusioun ze schwätzen. D’Schoulpersonal muss och op déi nei Heterogenitéit reagéiere kënnen, fir all Kand, esou gutt et geet, gerecht kënnen ze ginn, mee dat ass haut leider net ëmmer méiglech. Obwuel et um Pabeier eng ganz Rei vun Ënnerstëtzungsforme gëtt, vun deene Kanner mat spezifesche Besoine profitéiere kënnen, ass d’Hëllef um Terrain trotzdeem nach ëmmer ganz limitéiert. Gläichzäiteg ginn et ëmmer méi Schüler:inne mat Verhaalensopfällegkeeten an de Schoulen an a ville Fäll ass d’Léierpersonal domat iwwerfuerdert a weess sech senger Hänn kee Rot méi. Si froen zwar no Hëllef, mee leider kënnt dës oft – wann iwwerhaapt – ze spéit um Terrain un. Souguer bei physeschen Attacke vu Kanner géint aner Kanner oder géint d’Schoul- a Léierpersonal gëtt et oft keng Reaktioun. Dat dierf zum Wuel vun de Kanner a vum Schoul- a Léierpersonal awer net esou weider goen.

Dofir fuerdere mir:

  • All Gebai oder Schoul muss spezialiséiert Personal a Form vun enger „Task Force“ zougewise kréien, déi kuerzfristeg an de Klassen intervenéiere kann, wann e Besoin besteet. D’Member vun der Task Force sollen Educateuren an Infirmière sinn, déi Kanner an eng Klass siche kommen an ausserhalb vun der Klass betreie kënnen, bis et de Kanner besser geet;
  • D’Méiglechkeet schafen, eng Assistance à l‘inclusion fir Schoulkanner unzefroen, esou wéi et aktuell schonns fir Erwuessener an der Aarbechtswelt méiglech ass;
  • Eng Verflichtung, beim Bau vun neie Schoulen Inklusiounsräim (z.B. Entspaanungsräim, Ecker fir sech ofzereagéieren etc…) anzeplangen;
  • Eng Evaluatioun vun de Beruffsgruppen, déi aktuell mat Kanner mat spezifesche Besoine schaffen (Enseiganten, I-EBS, ESEB, Personal aus de Kompetenzzentren…) fir festzestellen, wéi eng Ressource sollten ausgebaut ginn a wou eventuell Reformbedarf besteet;
  • Envisagéieren, dass Upassunge vun de Klasseneffectifer an dem Contingent néideg sinn, wann sech erausstelle sollt, dass d’Problemer trotz zousätzlechem zukünftege Support um Terrain persistéieren.

Verhënneren, dass d’Schoul virzäiteg ofgebrach gëtt

Och wann d’Kompenséiere vun Notten net grondsätzlech an allen Hisiichte schlecht ass, esou gouf an deene leschte Joren awer e System geschaf, an deem vill ze vill vun dësem Outil gebrauch gemaach gëtt. Grad am General ass et esou, dass ee vun der 7e bis op 5e quasi net méi kann duerchfalen – och wann een a ganz ville Fächer eng ongenügend Nott huet. Dat ass fir eis e falscht Signal un d’Schüler:innen. Doduerch, dass d’Schüler:innen all Joer weiderkommen, gi vill Problemer iwwert Joren accumuléiert an zu engem oniwwerbréckbaren Hindernis. Soubal d’Kompenséieren net méi méiglech ass, ginn d’Problemer nämlech da richteg un. D’Lacunnen no Jore mat Kompensatiounen nach nozehuelen ass ganz schwéier, well da jo net nëmmen de Retard muss opgeholl ginn, mee jo och nach de Programm vum lafende Joer bewältegt muss ginn. Dat ass a ville Fäll onméiglech. Nach méi schwéier gëtt dann, wann och nach Problemer aus dem Fondamentale matgeschleeft goufen an/oder d’mental Gesondheet vun de Jonke leit. Dëse Cumul vun de Problemer féiert dann dacks dozou, dass d’Schüler:innen esou iwwerfuerdert sinn, dass si keen aneren Auswee méi gesinn, wéi d’Schoul ofzebriechen. An un där Iwwerfuerderung an hire Konsequenzen op d’Schüler:innen ännert sech och näischt, wann een d’Schoulflicht op 18 Joer eropsetzt.

Dofir fuerdere mir:

  • Eng Reduzéierung vun de Méiglechkeete fir ze kompenséieren;
  • Den Ausbau vun Hausaufgabenhëllefen, déi dësen Numm och verdéngen an net just eng Étude surveillée sinn;
  • En Ausbau vun de Cours d’appuien, fir dass a méi klenge Gruppen u Problemer geschafft ka ginn, amplaz dass de Proff pro Kand just e puer wéineg Minutten zur Verfügung huet;
  • D’Offer vu Programmer wéi „Schüler hëllefe Schüler“ ausgebauen;
  • Stigma vu Servicer wéi bspw. dem Sepas reduzéieren. Et muss de Schüler:inne méiglech sinn an de Sepas ze goen, ouni vun hire Matschüler gesinn ze ginn an d‘Informatiounen aus dem Sepas musse streng vertraulech behandelt ginn;
  • Ausserschoulesch Ulafstelle wéi Jugendhaiser oder de Kannerjugendtelefon ausbauen.