Privat Buedzëmmeren an Alters- a Fleegeheemer – Nofro

An der Äntwert op meng Fro n°4733 hat d’Familljeministesch mech informéiert, dass Stand August 2021, 271 Logementer an Alters- a Fleegeheemer keng eege Toilette haten. Dës Weideren haten 495 Logementer weder Toilette nach Dusch. An der Sëtzung vum 8ten Dezember sot d’Ministesch dës Zuelen wieren net méi aktuell.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keng eegen Dusch, déi ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass?
    A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

  2. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keng eegen Toilette, déi ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass?
    A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

  3. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keen eegent Buedzëmmer mat Toilette, Lavabo an Dusch, dat ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass?
    A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7346

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt