Pressekonferenz Walgesetz

D’Piratepartei hat de 5te Februar eng Pressekonferenz zum Thema “Reform vum Walgesetz”. D’Präsentatioun gouf vun de Koordinatore Starsky Flor a Ben Lomel, wéi och dem politesche Beroder Tommy Klein ofgehalen. Hei e Resumé vun eise Fuerderungen.

Absenteismus bei de Walen

D’Walflicht zu Lëtzebuerg ass ëmmer erëm am ëffentlechen Dialog opkomm, schlussendlech ass et souwuel an der Gesellschaft als och op politeschem Niveau awer ni zu engem Konsens komm. Trotz der Walflicht kënnt et, och zu Lëtzebuerg, bei Walen ëmmer erëm zu engem héijen Absenteismus. Bei de Gemengewalen 2023  hu ronn 15% vun de Wieler:innen kee Bulletin deposéiert . Am Walgesetz, Kapitel 8, Artikel 90, ass an dësem Fall eng Amende virgesinn, déi awer säit 1964 net méi applizéiert gëtt:

Dans le mois de la proclamation du résultat du scrutin, le procureur d’Etat dresse, par commune, le relevé des électeurs qui n’ont pas pris part au vote et dont les excuses n’ont pas été admises. Ces électeurs sont cités devant le juge de paix dans les formes tracées par la loi. Une première abstention non justifiée est punie d’une amende de 100 à 250 euros. En cas de récidive dans les cinq ans de la condamnation, l’amende est de 500 à 1.000 euros.

Eng Amende, déi net applizéiert gëtt, verdéngt laut eis keng Dispositioun am Gesetz. Aus dësem Grond wéilte mir dëse Punkt reforméieren an d’Modalitéite vereinfachen a besonnesch d’Strof sëlwer an den Interêt vun der Gesellschaft stellen. Am Plaz e Betragals Amende virzegesinn, proposéieren d’Piraten eng Unzuel u Sozialstonnen am Fall vun engem net justifiéierten Absenteismus bei de Wale virzegesinn. Kënnt ee senger sozialer Flicht bei de Walen onentschëllegt net no, soll een dëst am soziale Beräich dann dono fir d’Gesellschaft nohuelen. 

Gemengewalen – Wielerlëschten

Wiesselt e Bierger mat Lëtzebuerger Nationalitéit säi Wunnsëtz innerhalb vu Lëtzebuerg, bleift dëse Bierger automatesch op de Wielerlëschte vu senger neier Gemeng ageschriwwen. Wiesselt e Bierger mat net-Lëtzebuerger Nationalitéit säi Wunnsëtz innerhalb vu Lëtzebuerg, muss dëse Bierger och d’Prozedur vun enger Aschreiwung op d’Wielerlëschten nei lancéieren, och wann hie virdru schonns mat wiele gaang ass. Mir Pirate fuerderen hei eng kohärent Prozedur a plädéiere fir een automatescht Iwwerdroe vun den Donnéeën op de respektive Wielerlëschten. 

Repartitioun vun den Deputéierten op d’Bezierker zu Lëtzebuerg  – Artikel 117 (opbauend op Artikel 51 vun der Constitutioun)

Bei der Repartitioun vun den Deputéierten op Lëtzebuerger Territoire, wor dat allgemengt Zil ëmmer 1 Deputéiert op 5000 Residenten ze hunn. Haut si mir, well d’Bevëlkerung gewuess ass an d’Unzuel vun Deputéierten net ugepasst ginn ass, op 1 Deputéierten fir méi wéi duebel esou vill Awunner:innen. Mir Pirate verschléissen eis kenger Diskussioun op d’Unzuel un Deputéierten am Parlament nach ubruecht ass, plädéieren an dësem Kontext hei virun allem fir eng nei Gewiichtung vun den Deputéierten am Bezierk Osten an am Bezierk Norden. Konkret soll evaluéiert ginn, opbdéi Unzuel nach dem aktuelle Gewiicht vun der Bevëlkerung gerecht gëtt, besonnesch wann een sech d’Bevëlkerungsentwécklung vun ageschriwwene Wieler an deene Bezierker an de leschten 15 Joer ukuckt: 

Norden

  • 2009: 39.743 ageschriwwe Wieler
  • 2023: 52.922 ageschriwwe Wieler  (entsprécht engem Plus vun 33%)

Osten

  • 2009: 30.814 ageschriwwe Wieler
  • 2023: 40.246 ageschriwwe Wieler  (entsprécht engem Plus vun 31%)

Matbestëmmung fir eis auslännesch Matbierger – Nei Dispositiounen

Lëtzebuerg huet eng speziell Situatioun: mir liewen an engem Land, wou manner wéi d’Hallschent vun den Awunner wielen dierfen. D’Resultat vun de Chamberwalen ass deemno net representativ fir d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg. D’Piraten respektéieren d’Walresultat vum Referendum 2015 ganz kloer, wëllen d’Biergerbedeelegung fir jiddereen dofir iwwert aner Weeër an am Respekt mam Referendum weider ausbauen. An dësem Kontext wëlle mir bei der Reform vum Walgesetz besonnesch 2 Punkten uschwätzen.

Éischtens soll de bestoenden Conseil national des étrangers (CNE) reforméiert ginn, besonnesch wat d’Kompositioun an de Statut ugeet. Den CNE vertrëtt d’auslännesch Matbierger zu Lëtzebuerg op politeschem Niveau, gëtt säin Avis zu Projets de loi of, déi och net-Lëtzebuerger concernéieren a kann och aus eegener Initiative Propositiounen ausschaffen. D’Kompositioun vun dësem Conseil entsprécht eiser Meenung no net engem reellen demokratesche Prozess. Esou ginn d’Memberen vu Gewerkschaften, dem Syvicol oder virun allem och dem OLAI a senge Membere bestëmmt a gewielt. Vill auslännesch Matbierger sinn awer a kenger vun dësen Associatiounen ageschriwwen oder kennen se net. Konkret wëlle mir, dass de CNE der Chamber wäert an Zukunft ënnerstoen, an d’Membere vun dësem Conseil och demokratesch vun allen auslännesche Matbierger zu Lëtzebuerg gewielt ginn, eventuell nom Modell vun de Sozialwalen. Hei kann een natierlech och iwwert eng passend Residenzklausel nodenken. Et geet eis awer virun allem ëm den demokratesche Prozess, wou all auslännesche Matbierger dat passiivt an aktiivt Walrecht an dësem Kontext zougeschwat gëtt an d’Onofhängegkeet vun dësem Conseil bei der Chamber séchergestallt gëtt. 

Am Kontext vun der Matbestëmmung wëlle mir och d’Prozeduren op lokalem Niveau adaptéieren. Op Gemengenniveau exigéiere mir, dass den auslännesche Matbierger mat sengem Stot bei Aschreiwung op enger Gemeng automatesch och op d’Wielerlëscht mat agedroe gëtt. Déi betraffe Bierger hunn dann an engem Opt-out System d’Méiglechkeet sech bis 90 Deeg virun de Walen aus der Lëscht erëm auszedroen. Op dësem Wee wëlle mir d’Representativitéit vun dem demokratesche Prozess op lokalem Niveau verbesseren an och d’Onwëssenheet vun dem Walrecht als Grond fir eng net-Participatioun bei de Wale vun den auslännesche Matbierger ausschléissen. 

Eligibilitéit – Walrecht ab 16 Joer – Artikel 285

D’Iddi de Walalter erofzesetzen ass net nei, an ass fir d’lescht op politeschem a gesellschaftlechem Niveau beim Referendum 2015 zum Vott gestallt ginn. D’Baisse vun 18 op 16 Joer als Mindestalter gouf deemools allerdéngs majoritär refuséiert. D’Piraten hunn sech och schonns 2015 kloer fir eng Bedeelegung vun de Jonken ausgeschwat. Vill Beweegungen op nationalem Niveau weisen, dass et e kloren Interêt säitens der Jugend op politeschem Niveau gëtt an deem soll  dann elo endlech och am Walgesetz Rechnung gedroe ginn. An dësem Kontext wëlle mir och hei bei der Reform vum Walgesetz fir eng besser politesch Inklusioun vun de jonke Matbierger plädéieren. Esou fuerdere mir op fakultativem Niveau souwuel en aktiivt als och e passiivt Walrecht fir Jonker ab 16 Joer. 

Legislaturperiod op Gemengeniveau – Artikel 186

Eng demokratesch Gesellschaft muss sech och mat der Demokratie beschäftegen. Dofir geet et net duer nëmmen all 6 Joer wielen ze goen, mee mir musse méi vum Walrecht kënne Gebrauch maachen. D’Gemengerepresentanten ginn zu Lëtzebuerg per Walgesetz, anescht wéi op nationalem Niveau, fir eng Period vu 6 Joer gewielt. D’Piraten fuerderen, dass d’Gemengewalen am System vun de Parlamentswalen all 5 Joer duerchgefouert ginn. Doduerch wär och par rapport zu den national organiséierte Walen eng Kohärenz ze erkennen. D’Walen op Gemengeniveau sollen awer net am selwechte Joer wéi d’Nationalwalen stattfannen.  Doduerch kann all Wieler de regéierende Parteien a Persounen a senger Gemeng, wou e lieft, méi reegelméisseg d’Vertraue schenken oder entzéien an domadder d’politesch Landschaft an der Gemeng beaflossen.

Duebelmandater

D’Mandat vum Deputéierten, Buergermeeschter a Schäffe vu grousse Gemenge soll komplett professionaliséiert ginn. All dës Mandater sollen op 40 Stonne Congé politique gehuewen an no hirer Leeschtung a Verantwortung entschiedegt ginn. Een/Eng Mandatsdréier:in soll awer net méi wéi 40 Stonne Congé politique sammele kënnen. Dëst géing z.B. bedeiten, datt d’Buergermeeschteren aus de grousse Gemengen ewéi der Stad Lëtzebuerg oder Esch/Uelzecht net och nach an der Chamber setze kënnen. An dësem Kontext sief notéiert, dass d’Piraten sech och vir e Vollzäit-Deputéiertemandat ausschwätzen, esou dass mat dëse 40 Stonnen Duebelmandater de facto net méi méiglech sinn. 

Ouni Duebelmandater riskéiert een an der Chamber déi lokal Stëmm ze verléieren, de Gemengen hier Stëmm op nationalem Niveau staark ze limitéieren. An dësem Kader verschléissen sech d’Piraten net enger Diskussioun iwwert eng méiglech Kummer vu Gemengerepresentanten, déi änlech enger Beruffskummer géing funktionéieren a sech aus lokal gewielte Vertrieder géing zesummesetzen. Déi technesch Dispositioune sollten hei an Zesummenaarbecht mat de Gemengen, den Associatiounen op lokalem politeschen Niveau an allen anere pertinenten Acteuren ausgeschafft ginn. 

Digitalisatioun an de Walkabinnen

D’Digitalisatioun gëtt zu Lëtzebuerg op allen Niveaue promouvéiert, sief et an der Schoul, am wirtschaftleche Beräich oder och op politeschem Niveau an den Administratiounen. Fir d’Piraten muss d’Digitalisatioun och am Walgesetz verankert ginn an de Wee fräigemaach gi fir digital Léisunge bei de Walen. Éischtens proposéiere mir an de Walkabinne vun de Walbureauen digital Ecranen ze installéieren, déi en digitale Choix erméiglechen. E Virdeel vun esou enger Approche wier, ënnert anerem, dass duerch automatesch Kontrollen d’Zuel vun ongültege Walziedel héchstwarscheinlech staark kënnt reduzéiert ginn, well net méi Stëmme kënne verdeelt ginn, wéi de Wiehler zegutt huet. Vum Vott gëtt dann,an der Kabinn selwer, een Ziedel ausgedréckt, deen engersäits zur Kontroll déngt vum digitale Resultat an, anerersäits, och fir de Wieler nach eng Preuve duerstellt, déi en dann an de virgesinne Urnen kann ofginn. Och am Beräich vun der Inklusioun bitt esou eng Solutioun nei Méiglechkeeten, zum Beispill gëtt blanne Leit duerch speziell Virkéierungen um Ecran en autonome Vott erméiglecht. De klassesche Bulletin op Pobeier soll op Demande an och fir d’Bréifwal awer nach bestoe bleiwen. 

Eng alternativ Méiglechkeet wier de klassesche Bulletin op Pobeier bäizebehalen, awer esou ze gestalten, dass de Bulletin herno beim Awerfe mam Resultat no ënnen (aus Grënn vun der Confidentialitéit) per OCR Modul gescannt gëtt. Esou eng Solutioun ass op internationalem Niveau och schonns am Asaz a misst net komplett nei opgestallt ginn. Och hei kéint d’Ausziele vill méi effikass gestalt an d’Digitalisatioun op mannst prinzipiell am Walgesetz verankert ginn. Mat esou enger Solutioun kéint d’Bréifwal och net méi vun der Wal sur place ënnerscheet ginn. 

Legitimitéit vu Kandidaturen a Lëschten – Artikel 135 fir d’Parlamentswalen, Artikel 228 fir d’Gemengewalen

D’Kandidaturen an d’Lëschte bei Wale gi per Ënnerschrëfte legitiméiert, sief et vun eligibele Wieler:innen oder Vertrieder op de respektiven Niveauen. Fir d’Gemengewale sinn et 50 Ënnerschrëften oder déi vun engem Gemengeconseiller. Fir d’Chamberswale sinn et 100 Ënnerschrëften oder déi vun engem Deputéierten oder 3 Gemengeconseilleren aus dem nämmlechte Bezierk. Bei de leschte Walen ass et hei zu Konfusioune komm, ob eng Persoun gläichzäiteg ka Kandidat sinn a fir dës Lëscht als Wieler ënnerschreiwen dierf. Op Nofro vun de Piraten ass dëst vun den Autoritéite per Circulaire esou och erlaabt ginn Dëst soll natierlech och elo konkret am Walgesetz esou festgehale ginn. 

Zousätzlech soll de Seuil un néidegen Ënnerschrëften adaptéiert ginn, fir esou eng politesch Participatioun ze vereinfachen. Déi genau Zuel ass ze diskutéieren, mir proposéieren hei 25 Ënnerschrëfte fir d’Gemengewalen a 50 Ënnerschrëfte fir d’Chamberswalen. Fir e weider staarkt Zersplécke vun eiser politescher Landschaft an och e méiglechen Abus ze verhënneren, soll zousätzlech d’Konditioun agefouert ginn, dass all Partei bei de Chamberswalen op mannst 30 Kandidat:innen am ganze Land presentéiere muss. 

Déi weider Legitimitéit vun der Eligibilitéit vun de Kandidaturen op de Lëschte fält an d’Responsabilitéit vun der Partei an der Persoun, déi d’Lëscht representéiert. Dëst féiert zu ganz villen zousätzlechen administrativen Demarchen, déi an eisen Aen onnéideg sinn, wann ee bedenkt, dass de Walleeder  Accès zu sämtlechen Donnéeën huet, déi fir esou eng Kontroll néideg sinn. Dofir plädéiere mir dofir, dass d’Kontroll vun de Lëschten, wat d’Eligibilitéit betrëfft, an d’Responsabilitéit vun den Zentralbureauen fält. 

De Vote (par correspondance) vu Leit, déi aktuell net zu Lëtzebuerg domiciliéiert sinn

Aktuell ass et esou gereegelt, dass déi betraffe Leit bei de Chamberswalen an där Gemeng wielen, wou se fir d’lescht ugemellt waren. Falls dat net de Fall ass, dann an der Gebuertsgemeng,wann applikabel, soss eben an der Stad Lëtzebuerg, also dem Bezierk Zentrum. Fir d’Piraten soll et an Zukunft de Wieler:innen am Ausland sëlwer iwwerlooss sinn, a wéi engem Bezierk se per correspondance wiele wëllen. 

Zousätzlech wëlle mir den Envoi vun de Walbréiwer méi einfach maachen . Wärend de Gemengewalen am Joer 2023 sinn eis Temoignagen zougedroe ginn, wou Leit (zum Beispill Studenten) Problemer haten, fir d’Bréifwal aus dem Ausland zeréck op Lëtzebuerg ze schécken. An eisen Ae misst am Walgesetz festgehale ginn, dass esou eng Bréifwal zukünfteg och un eng Ambassade oder e Konsulat an de jeeweilege Länner ka geschéckt ginn, fir esou och Käschte fir d’Wieler:innen z’evitéieren. 

Schlussendlech wëlle mir an dësem Kontext och nach op déi Leit ze schwätze kommen, déi hir lëtzebuergesch Nationalitéit per Recouvrement kritt an nach ni zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. An de leschten 10 Joer ass d’Unzuel u betraffene Leit staark gewuess, Leit, déi trotz lëtzebuergescher Nationalitéit awer vun der Walflicht ausgeschloss sinn. Mir wëllen, dass dëse Phänomen, an d’Méiglechkeet vun engem plötzlech staarken Undrang vun neie Wiehler:innen bei enger Wal,an der Chamber diskutéiert gëtt. Méiglech Problemer, wéi Walmanipulatioun, zum Beispill well e gréissere Grupp dozou géing motivéiert ginn, solle kënne besser detektéiert an evitéiert ginn. 

Zesummenhang posts

Digital Plattforme wou een eng Wunnecht fir d’Vakanz loune kann, sinn an de leschte 5 Joer exponentiell gewuess. Besonnesch Plattforme wou privat Leit ouni
Elteren, déi hier Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn, kréien eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat iwwert de Chèque-Service d’Accueil (CSA). Wien säi
An der Käler Gemengerotsitzung vum 12te Mäerz hat ee Vertrieder vum TICE erkläert, dass de Staat – also de Mobilitéitsministère – d’TICE-Buslinn 17, déi