Piraten zu Käl/Téiteng froen gratis Parking tëschent 12h00 a 14h00

Här Buergermeeschter, wäert Membere vu Schäfferot,

esou wéi den Artikel 13 vum Gemengegesetz et virgesäit, wëll ech ee Punkt op den Ordre du Jour vum nächste Gemengerot setzen, wou et drëms geet, fir eng Ännerung um Verkéiersreglement an eiser Gemeng virzehuelen, fir esou d’ëffentlech Parkingen an der ganzer Gemeng tëschent 12h00 a 14h00 Auer gratis ze maachen.

Dës Moossnam soll geholl ginn zum Wuel vun der Geschäftswelt an de Clienten an der Gemeng Käl/Téiteng. Et géif eiser Geschäftswelt a virun allem de klenge Geschäfter, Caféen a Restaurante méi Clientë bréngen, wann d’Parken an der Mëttegstonn gratis wier. Zousätzlech Clienten bréngen zousätzlechen Ëmsaz fir d’Geschäfter a bréngen och der Gemeng duerno méi Steiergelder (Impôt commercial communal) eran.

Zesummenhang posts

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) wäert déi nächst véier Joer eng staatlech Finanzéierung vu ronn 180 Milliounen
An der parlamentarescher Fro n° 3044 hat ech nogefrot, no wéi enge Krittären Héichsëtzer fir d’Juegd dierfen opgestallt ginn an a wéi enge Situatioune
Zënter 2023 dierfen d’Leit Cannabis legal zu Lëtzebuerg ubauen a konsomméieren, dëst allerdings nëmmen bei sech doheem ëmmer ënnert strenge Bedingungen. Wat de Stroosseverkéier