Participation citoyenne – Staatlech Ënnerstëtzung fir nei Projeten

Am September 2021 gouf e Gesetzesprojet deposéiert, deen eng Reform vum Walrecht virgesäit an et auslännesche Bierger soll méi einfach maachen, bei de Gemengewalen ze participéieren. 

Kuerz drop, am Oktober, huet den Integratiounsministère en Appel à projets fir 2022 gemaach mam Titel “Zesummeliewen: lokal engagéieren a matmaachen”. Projeten aus dem Beräich vun der Participation politique oder citoyenne kënnen iwwert de Ministère eng finanziell Ënnerstëtzung kréien. Wärend Projeten aus dem éischtgenannte Beräich sollen “informer et sensibiliser les publics étrangers et notamment les jeunes électeurs”, geet et bei der Participation citoyenne ëm eng “mobilisation et implication du public cible dans des projets de vivre ensemble interculturel”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Projeten, déi vun enger Fërderung profitéiere wëllen, mussen hier Demande bis Ufank Januar 2022 era ginn hunn. Eng Reform vum Walgesetz wäert bis dohi warscheinlech net an der Chamber gestëmmt konnte ginn. Wäerten och am Joer 2023 an doriwwer eraus nach änlech Projete vum Integratiounsministère finanzéiert ginn, fir dozou bäizedroen, dass esou vill wéi méiglech auslännesch Bierger iwwert d’Reform vu Walgesetz informéiert wäerte ginn, wann de Projet bis an der Chamber gestëmmt sollt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5285

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023