Orientéierungsdebatt iwwert déi grouss Infrastrukturprojete vum Staat

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Chantal Gary fir säi gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. Dofir ginn ech och net méi op déi 52 Projeten am Eenzelnen an, mee hu mer der just e puer erausgepickt.

Dass d’Investitiounen elo héichgehale ginn, dat ge- fält eis Piraten immens gutt, well et ass grad elo, wou mer musse kucken, dass d’Ekonomie och weiderdréit an dass mer elo d’Infrastrukture schafe fir a 5, 10, 15 Joer. Dofir sinn dës 52 Projete gutt a mir wäerten déi Motioun och matstëmmen.

Wat mir an der Kommissioun och gutt gefall huet, wéi ech d’Fro opgeworf hunn, ob dann elo op déi eenzel Diecher vun deene Projeten, wou et méiglech ass, soll Solar drop kommen, ass, dass d’Verwaltung souwéi de Minister versprach hunn, dass do, wou et geet, dat och wäert esou geschéien. Eng rezent Question parlementaire vun eis Piraten hat jo public gemaach, dass de Staat eigentlech net wierklech eng Virbildroll bei den erneierbaren Energien ageholl huet. An elo, an dëse Projeten zumindest, gëtt iwwerall awer eng Prioritéit dorop geluecht, dass do, wou Solar méig- lech ass, dat och wäert zustane kommen.

Zum Beispill koum an eiser Question parlementaire eraus, dass iwwert d’Hallschent vun den Heizungen nach mat Gas géif fonctionéieren.

M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics | Här Goergen, ech hunn Iech awer och geschriwwen, firwat. Well mer e Parc immobilier hunn, wou jo net alles aus den 2000er-Joren ass. Do si ganz al Gebaier derbäi, a fir dat ze sanéieren, do wësst Der jo och, datt Der do eng Zäit braucht. An ech hunn Iech och geschriwwen an der Question parle- mentaire, dann zitéiert dat och, datt mer e Programm hunn, wéi mer dat déi nächst Joren alles wëlle sanéie- ren an och an d’Rei setzen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Här Bausch, ech war

grad amgaangen, Iech ze luewen, dass Der an der Kommissioun versprach hutt, dass mer …

(Hilarité)

… Solar géifen op déi Diecher kréien, an dat ass eigentlech alles, wat ech gefrot hunn. Also, ech si ganz bei Iech an deem Sujet. Ech verstinn awer, dass Der Iech elo e bëssen doriwwer opgereegt hutt. Wéi gesot, mir sinn …

M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics | Ech hu mech net opgereegt. Ech wollt just gär, datt mer bei der Wourecht bleiwen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Bei der … Ech hu jo awer näischt Falsches gesot!

M. Dan Kersch (LSAP) | Et wëll vläicht och net jidd- weree vun Iech gelueft ginn.

M. Marc Goergen (Piraten) | Do hutt Der vläicht Recht, Här Kersch. Mee bei der Zilsetzung si mer awer richteg, dass mer déi erneierbar Energië virzéien, anstatt dass mer weiderhi Gasheizungen oder soss iergendeppes benotzen.

Zu de Projeten: D’Police Diddeleng, NeiSchmelz, 56 Agente kréien do nei Büroen, wat ganz positiv ass a sécherlech vill Leit wäert freeën. Ob elo esou vill Leit sech freeën, dass och 27 Agente vum Steierbüro wäerten do e Büro kréien, dat ass eng aner Fro an der Populatioun, mee zumindest d’Police wäert do an engem super Gebai ënnerkommen an natierlech d’Steierbürosagenten och.

Wou mer awer scho bei de Policebüroe sinn, an do ass haut och eng Question parlementaire beäntwert ginn – dat ass elo puren Zoufall, dass déi haut beänt- wert ginn ass –, déi gewisen huet, dass och nach en aneren Eck am Land, an zwar de Policebüro Péiteng- Käerjeng, dréngend Renfort bräicht, dréngend en neit Gebai bräicht an dréngend eng Léisung bräicht fir déi Situatioun, well eis Kriminalitéitszuelen am Ver- glach zu anere Gemengen, wéi d’Question parlemen- taire haut beluecht huet, méi héich sinn. Do géif ech mer da wënschen, dass mer bei den nächste Projeten och e Policebüro Péiteng-Käerjeng géife virfannen.

(Interruptions)

Dann zum Härebierg: Et ass wichteg, dass mer eiser Arméi déi néideg Infrastruktur zur Verfügung stellen. Dofir ass et gutt, dass elo d’Hal, den Atelier an d’Büroen ausgebaut ginn, 1.100 m2, an dass och en Datenzenter dohinner kënnt an – wat d’Arméi laang vermësst huet – e Sécherheetsraum fir hir Berodun- gen, bezéiungsweis wann eng Krisesituatioun antrëtt, soudass mer eisen Zaldoten och kënnen e gewëssene Confort bei hirer Aarbecht ginn, wat sécherlech och zur Attraktivitéit wäert bäidroen, fir dass mer nei Zal- dote fannen.

Dann e Projet, bei deem ech mech schonn zënter 2016 eigentlech gefrot hunn, firwat et eidel steet: Dat ass d’Schlass zu Suessem, wou ech awer elo wierklech frou sinn, dass eng Antenn vun der Hotelschoul do- hinner kënnt an dat schéint Schlass – et ass mat ee vun de schéinste Sitten, dee mer am Süde fannen, wat Schlässer ubelaangt –, dass mer do elo wierk- lech Neel mat Käpp gemaach hunn an dass elo eng Antenn vun der Hotelschoul dohinner wäert kommen an dat nationaalt Monument esou wäert eng Valeur kréien an herno och jiddereen do wäert Zougang kréien.

Dann zur A13, wou Der de Projet hutt: Dee kléngt an éischter Linn gutt. Mir léise vläicht e puer Problemer Richtung Suessem, Richtung Käerjeng, mee do kënnt nach eng aner Gemeng hannendrun, an zwar d’Péiten- ger Gemeng, déi eigentlech am Trafick erstéckt, virun

allem wann Der den Echangeur elo nach eng Kéier méi zentréiert, soudass nach méi Leit iwwert d’Biff herno duerch Péiteng am Rond-point beim – ech soen nach ëmmer LTMA, mee et ass jo elo LMA – Lycée Mathias Adam landen an deementspriechend do de Verkéier vill méi grouss wäert sinn. Dofir hunn ech och haut eng Motioun matbruecht, dass mer do endlech dee Projet uginn, fir eng Ënnerféierung ze maachen, fir dass déi A13 net an engem Rond-point endegt, mee dass mer endlech dee Verkéiersknuet doënne kënne léisen.

Dann zu den Diskussiounen, wat d’Zommen ube- laangt, déi an der Kommissioun och kuerz opkomm sinn, ob mer bei deene 40 Millioune solle bleiwen. Also, mir Piraten sinn der Meenung, déi 40 Millioune sollen trotz Inflatioun bleiwen, well et eng gewëssen Aart vun Transparenz ass, wann esou e Projet duerch d’Chamber muss goen a wann esou e Projet eeben am Public diskutéiert gëtt. Dat ass fir eis ganz einfach eng Aart vun Transparenz, eng Aart, wou de Bierger och eng gewësse Kontroll iwwert d’Regierung huet. An et muss een nun emol soen, déi Projeten, déi hei duerchginn, hunn och vill méi Ëffentlechkeet, wéi wann elo e Projet einfach iwwert d’Regierung selwer géif goen, wa mir déi 40 Millioune géifen hiewen.

Dann zur zweeter Motioun, déi ech matbruecht hunn, do geet et ëm de Wi-Fi an den Zich, bekanntlech en Theema, wat mer och an der Kommissioun er- kläert kritt hunn, an dass do elo eng Etüd gemaach gëtt an e Projet. Mee wéi ech do och schonn an der Kommissioun opgeworf hunn, gëtt am Moment drop gewaart, dass op verschiddene Strecken, wou am Moment kee Stroum läit a keen Handynetz méiglech ass – dat muss ee sech emol virstellen! –, wa bis do de Wi-Fi méiglech ass, dass dann eréischt de kom- plette Wi-Fi kënnt.

Ech sinn awer der Meenung, dass mer net sollte waarden, bis op deene Strecken de Wi-Fi soll méig- lech sinn – natierlech solle mer schnellstméiglech schaffen, fir dass déi endlech Stroum hunn –, mee dass mer op deene Strecken am Süden, wou et op verschiddene Strecken scho méiglech wär, de Wi-Fi elo schonn aféieren, fir dass déi Leit elo scho kënnen am Zuch bequeem hiren Internet benotzen.

Ech soen Iech Merci.

Motion 2

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– Den Trafic op der Péitenger Collectrice (Avenue de l’Eu– rope; N31) hëlt zënter Joren zou a belaascht d’Liewens– qualitéit vu ville Mënschen an de Kordall-Gemengen am Süde vum Land;

– de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 3847 er– kläert, dass d’Ënnertunnelung vum Streckenofschnëtt beim Lycée Mathias Adam eng Pist ass, déi schonn 2014 an engem Dossier de synthèse ausgeschafft gouf;

– a senger Äntwert op d’Fro N° 7082 huet de Minister geschriwwen, dass eng Ënnerféierung vu besotem Stre- ckenofschnëtt de Verkéier duerch d’Avenue de l’Europe zu gewëssen Auerzäiten definitiv méi fléissend géif maachen, ënnert der Bedingung, dass d’Rond-pointen hannendrun (Richtung Grenz) vergréissert ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung,

– d’Entscheedung ze fällen, fir en Tunnel ënnert dem Rond-point beim LMA ze bauen a weider baulech Mooss- namen op der N31 souwéi verkéierstechnesch Mooss- namen op der N5 ze huelen, fir d’Traficsituation ze verbesseren.

(s.) Marc Goergen.

Motion 3

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– De Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten hat am Joer 2016 op d’parlamentaresch Froen N° 2628 an N° 2337 geäntwert, dass de Wi­Fi an den Zich sollt ge– test ginn an op där Basis dat entspriechend Fuermaterial wäert ausgewielt ginn;

– a senger Äntwert op d’Fro N° 1758 aus dem Joer 2020 hat de Minister geschriwwen:

„Et ass geplangt, fir zukünfteg een Deel vun eisem Zuch– material mat Wi-Fi ze ekipéieren. Heibäi mussen awer nach verschidde Funktionstester duerchgefouert ginn, soudatt et momentan nach net méiglech ass, fir kon- kreet ze soen, ab wéini dëse Service kann an eisen Zich ugebuede ginn. Et sief awer an deem Zesummenhang bemierkt, datt d’Qualitéit vun enger Wi­Fi­Verbindung och vun enger gudder Netzofdeckung duerch de GSM-Reseau ofhängeg ass.“

– an der Äntwert op d’Fro N° 4863 aus dem Joer 2021 hat de Minister geschriwwen:

„D’Méiglechkeet, fir Wi­Fi am bestoenden Zuchmaterial nozerëschten, gouf effektiv analyseiert, wouropshin awer decidéiert gouf, fir Wi-Fi an enger éischter Phas just an den neien Automotricë vun de Serien 2400/2450, dei progressiv tëschent 2023 an 2025 a Betrib geholl ginn, unzebidden. […] Laanscht d’Zuchstrecken ass d’Eisebunn ofhängeg vum Fortschrëtt an der Netzversuergung duerch déi ëffentlech Operateuren.“

– an der Äntwert op d’Fro N° 5139 vum leschte Joer huet de Minister Erklärunge geliwwert, op wéi enge Plazen am Land eng stabill Wi-Fi-Verbindung haut scho méiglech wier;

– am Joer 2022 existéiert an den Zich vun den CFL nach ëmmer kee funktionéierende Wi­Fi an de Projet N° 41 (veuillez lire: de Projet N° 42) vun den lnfrastrukturprojete gesäit eng weider Etüd a Pilotprojete vir, fir eng stabill Wi­Fi­Verbindung an den Zich ze erméiglechen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung,

– op deene Strecken, wou et Stand haut méiglech ass, endlech déi néideg Moossnamen ze ënnerhuelen, fir de Wi­Fi an den Zich vun den CFL ze realiséieren.

(s.) Marc Goergen, Sven Clement.

M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an