Ordre du jour vun haut de Moien ass d’Verfas- sungsofännerung 7700, déi d’Kapitelen iwwert d’Or- ganisatioun vum Staat, dem Territoire, de Bierger, de Staatschef, d’Monarchie, an d’Gemengen

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dann hoffen ech, datt mer haut den zweeten Deel an da kuerz drop och den drëtten Deel vun der Verfassungsrevisioun kën- nen accouchéieren, an dann de Mëtten och nach de véierten hanner eis bréngen, soudatt mer endlech, no ganz ville Joren, eng nei, eng e bësse méi modern Verfassung hunn.

Et ass kee Geheimnis, ech hunn et och schonn e puermol gesot, datt mer net der Meenung sinn, datt déi Verfassung hei dee ganz grousse Worf ass, dee sech erhofft gouf. Mee et ass sécherlech e wichtege Schrëtt no vir.

An där Propositioun, déi mer elo de Moien diskutéie- ren a stëmmen, ass definitiv eppes Positives dran: Mir hu Beruffskummeren, déi an d’Verfassung opgeholl ginn, an domat gëtt de Sozialdialog kloer an der Ver- fassung verankert. Dat ass sécherlech eppes, wat mer begréissen.

Dann hu mer d’Verhältnis tëscht dem Staat an de Re- liounsgemeinschaften, dat kloer gekläert gëtt a wou och ganz kloer gesot gëtt, datt keng Relioun méi fa- voriséiert gëtt. Well mir mussen eis bewosst sinn: Lëtzebuerg ass e pluralistescht Land. An eis Verfas- sung soll a muss deem Rechnung droen.

A jo, och bei de Sprooche verankere mer Lëtzebuer- gesch nach eng Kéier offiziell als Sprooch vum Land. Et ass awer esou, datt mir eis – an dat hunn ech och gëschter schonn, virgëschter, pardon, bei den Diskus- siounen zu der Propos vun deene Lénke gesot – méi Ouverture gewënscht hätten, ënner anerem, wat e méiglecht Aschreiwe vum Englesche gewiescht wier.

An da komme mer zu deene Saachen, déi d’Parla- ment betreffen: d’Aféiere vum Mësstrauensvott, eng kloer Reegelung vum Mësstrauensvott, eng kloer

Reegelung och, wéi dat Ganzt soll oflafen. Mir hoffen, datt mer et ni brauchen. Mee et ass gutt, et ze hunn, well dee Moment, wou een et eng Kéier bräicht, géif een da feststellen, datt et net do ass.

(Interruption)

An där Saachen hate mer an der Lescht vill ze hee- feg, datt mer op eemol Problemer haten an, wa mer d’Gesetzer vu méi no gekuckt hunn, gemierkt hunn: „Hm, do feelt eppes. Do feelt eng Disposition légale.“ Ech sinn also frou, datt mer dëse Projet haut kënne stëmmen.

An zum Grand-Duc, mengen ech, gouf scho vill gesot, virgëschter, haut. Mir bleiwen eng Monarchie. Och do: Mir hätten eis gewënscht, mir hätten dat nach eng Kéier per Referendum bestätege gelooss. Mee Fakt ass: De Grand-Duc gëtt net ofgeschaaft mat dë- ser Verfassung. An esou wéi bei der éischter Kéier ginn d’Piraten och bei der zweeter Kéier hiren Appui fir dës Propos.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an