Den ale Plan national de lutte contre le tabac ass ausgelaf a sollt, no den engagéierte Verspriechen, evaluéiert ginn ier en neie Plang ausgeschafft gëtt. Bis haut sinn d’Informatiounen, déi der Ëffentlechkeet zur Verfügung stinn, awer ganz limitéiert. Eng Äntwert op eng fréier parlamentaresch Fro (Fro n° 3023 vum 13. Oktober 2025) huet zwar confirméiert, datt un engem neie Plang geschafft gëtt, ouni awer Detailer zum Zäitplang, de geplangte Prioritéiten oder der Zesummesetzung vun der Aarbechtsgrupp ze nennen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass d’Evaluatioun vum ale Plan national de lutte contre le tabac ofgeschloss? Wa jo, ginn d’Resultater vun dëser Evaluatioun den Deputéierte presentéiert respektiv der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach?
Wat sinn d’Haaptléieren aus dëser Evaluatioun, déi als Grondlag fir den neie Plang déngen?
Wéi ass den aktuelle Comité de pilotage respektiv d’Aarbechtsgrupp fir d’Ausaarbechtung vum neie Plang zesummegesat (bedeelegt Ministèren, Experten, Verbänn, asw.)?
Wéi eng Prioritéiten si fir den neie Plan national de lutte contre le tabac festgehal ginn?
Waart d’Regierung d’Ëmsetzung vun der neier europäescher Direktiv iwwert Tabakprodukter (TPD3) of, ier de neie Plang finaliséiert gëtt? Wann nee, aus wéi enge Grënn net?
Wéini ass geplangt, de finale Plang ze presentéieren?
QP Nummer 3947