Wéi RTL an engem Artikel vum 15te November mellt, wäert et zu Wolz zu engem politesche Wiessel kommen. Déi aktuell Koalitioun, bestoend aus der CSV an DP, kéint duerch eng LSAP-DP-Koalitioun bestoend ersat ginn. Wéi scho viru Kuerzem an der Gemeng Contern huet d’DP sech erëm eng Kéier géint CSV entscheet a gewisen, dass se kee verlässleche Partner ass. De Premierminister hat an der Äntwert op meng Fro n°3022 behaapt, dass d’Verhältnis tëscht den zwou Regierungsparteien DP an CSV exzellent ass a bleift.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Huet déi weider onloyal Decisioun vu der DP Konsequenzen op d’Vertrauen an der Regierung an Auswierkungen op d’Zesummeschaffen vun der aktueller Regierung?
Wéi erkläert d’Regierung et sech, dass béid Parteien op Gemengenniveau net matenee schaffe wëllen?
QP Nummer 3201