Nee zum CETA !

Äntwert vun de Piraten op eng doze Bréiwer betreffend der Ratifizéierung vum Fräihandelsaccord tëschent der europäescher Unioun a Kanada (CETA)

Wäert Madamm, wäerte Monsieur,

d’Piratepartei hëlt Kenntnis vun Äre Messagen, an deenen Dir eis opfuerdert géint d’Fräihandelsofkommes tëschent der europäescher Unioun a Kanada, dem sougenannte CETA-Ofkommes, ze stëmmen.

Sidd verséchert, dass d’Piraten sech de Konsequenze vun dësem Fräihandelsofkommes bewosst sinn. Wéi schonns an eisem EU-Walprogramm 2019 geschriwwe steet, ass d’Piratepartei

oppe fir eng Verbesserung vum Zougang zu alle Mäert weltwäit. Jee méi Handel a Wirtschaftsleeschtung, ëmsou besser fir Europa. Eng Beseitegung vun Handelsbarrièren ass dofir wichteg, mee dës dierf net zu engem „Nivellement vers le bas“ am Aarbechtsrecht oder am Konsumenten- an Ëmweltschutz féieren. Weiderhi musse staark Sécherheete fir eis Biergerrechter agebaut ginn an onfair Handelspraktike souwéi Präisdumping, besonnesch an de Schwellelänner, effikass besäitegt ginn. Och muss d’EU-Parlament fréizäiteg involvéiert sinn an esou Ofkommes dierfe mat kengem Land gefouert ginn, dat Mënscherechter mëssuecht. Nëmmen esou kënne mir ee gerechte Wirtschaftswuesstem an nei Aarbechtsplaze weltwäit promouvéieren.

De Fakt, dass d’CETA-Ofkommes de Konzerner sougenannte Sonderklagerechteagesteet, wann si hir Interessen duerch héich Ëmwelt- oder Aarbechtsgesetzer benodeelegt gesinn, gesi mir Pirate ganz kloer als een « Nivellement vers le bas » un.

Och de Fakt, dass de CETA hannert zouenen Diere verhandelt gouf an an Zukunft d’Gesetzer tëschent Kanada an der EU sollen am Virfeld ugepasst ginn, wat mat héijer Probabilitéit zu méi Hannerzëmmer-Deals wäert féieren, kënne mir Piraten net akzeptéieren.

An deem Zesummenhang wäerten d’Pirate bei der Ratifizéierung vum Fräihandelsofkommes an der Chamber mat Nee ofstëmmen.

Mat frëndleche Gréiss,

De Präsidium vun der Piratepartei Lëtzebuerg

Zesummenhang posts

Context: Etat de la nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës
Context: Etat de la Nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi viregt Regierung sech d’Zil gesat hat, datt bis 2030 solle 50
De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 hält fest, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum