Name-shaming duerch d’CSSF

“Name-Shaming” ass d’Praxis, d’Nimm vun Entreprisen oder Entitéiten ëffentlech ze publizéieren, wann si administrativ Strofe kréien, wat zu engem Reputatiounsschued féiert.

Eng japanesch Bank soll decidéiert hunn, hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ze stoppen, dat anscheinend och, nodeems si 2023 am Kader vun enger administrativer Strof, haaptsächlech wéinst engem “IT-Organisatiounsproblem”, ëffentlech benannt goufen.
Op der CSSF-Websäit gesäit een, dass et vu Säite vun der CSSF eng anscheinend inkohärent Praxis bezüglech der Verëffentlechung vun Nimm gëtt. Wärend verschidden Entreprisë mam Numm genannt ginn, ginn d’Nimm vun aneren Entitéiten anonym gehal, obwuel och géint si héich Strofe verhaang gi sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Verëffentlechung vun Nimm bei administrative Strofen eng zwéngend rechtlech Obligatioun op europäeschem oder nationalem Niveau?

  2. Wéi gëtt entscheet, wéi eng Entitéiten anonym gehale respektiv wéi eng Entitéiten ëffentlech benannt an domat named and shamed ginn?

  3. Gëtt et e Mechanismus, deen d’Proportionalitéit tëschent der Schwéiert vun der Infraktioun an der ëffentlecher Bekanntgab vum Numm evaluéiert?

  4. Wéi evaluéiert d’Regierung den negativen Impakt vum “Name-Shaming” op d’Attraktivitéit vum Lëtzebuerger Finanzplaz, besonnesch wann iwwer 200 Entitéiten zënter 2019 bestrooft goufen?

  5. Wéi vill Entitéiten, déi zënter 2019 eng administrativ Strof vun der CSSF kritt hunn, hunn zënter hir hir Aktivitéiten hei am Land agestallt? Wéi vill dovunner goufe mat Numm genannt?

  6. Géif d’Regierung eng Iwwerpréiwung vun dëser Praxis am Fall vu méi klengen oder trivialen Infraktiounen a Betruecht zéien, wann dës net vun europäeschen Direktive gefuerdert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2534

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene