Verkéiersberouegung op der Lonkecher Strooss zu Rodange (N5)

D’Nationalstrooss 5, och Route de Longwy genannt, ass eng vill befuere Strooss, déi vu Käerjeng un queesch duerch d’Gemeng Péiteng verleeft, bis erop op den Dräilännereck zu Rodange. D’Lonkecher Strooss ass bekannt dofir, eng Transitstrooss fir de Verkéier ze sinn. Grad zu Spëtzestonne benotze vill Autosfuerer dës Strooss als Ausweechstrooss, fir net mussen iwwert d’Avenue de l’Europe (Collectrice) ze fueren. Dëst huet zur Konsequenz, dass d’Verkéierssituatioun op verschiddene Plaze laanscht d’N5 méi dicht ass. Op verschiddene Plazen, sou zum Beispill bei der Porte de Lamadelaine, entstinn dobäi richteg geféierlech Plazen, well hei eng grouss Unzuel u Foussgänger (zum Beispill Schüler, déi an de Lycée ginn) mat der grousser Unzuel un Autoen openeen treffen. Op dëser Plaz ass keng Verkéiersberouegung virgesinn, soudass et oft virkënnt, dass Autoe mat ze héijer Geschwindegkeet hei laanschtfueren, wat eng Gefor fir d’Passanten ass. Dee selwechten Zenario spillt sech op anere Plazen of an impaktéiert d’Liewensqualitéit an den Uertschaften, déi d’Strooss passéiert, staark.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. De Schäfferot vu Péiteng huet an enger Äntwert vum 26ten Oktober op meng Fro vum Gemengerot geäntwert, dass ee mat der Stroossebauverwaltung wéilt analyséieren, wéi een d’Situatioun kéint verbesseren. Ass d’Gemeng wéinst dëser Problematik schonns un de Mobilitéitsminister erugetrueden?

  2. Wéi wëll de Mobilitéitsminister verkéierstechnesch dofir suergen, fir den Trafic vun der Route de Longwy ewechzekréien an op d’Avenue de l’Europe ëmzeleeden?

  3. Wéi géif eng Ënnerféierung (Tunnel) ënnert dem Rond-point beim Lycée Mathias Adam d’Traficsituatioun op der N5 beanträchtegen? 

  4. Ass de Mobilitéitsminister gewëllt, fir d’Maximalgeschwindegkeet op der N5 op 30 Stonnekilometer ze begrenzen an op verschiddene Platzen (z.B. Porte de Lamadelaine) rout Luuchten z’installéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7082

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt