Ëffentlech Ausschreiwungen bei staatlech subventionnéierte Projeten – Nofro

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°399 hunn déi zoustänneg Ministeren gekläert, dass eng privatrechtlech Entitéit, déi vum Wunnengsbauministère eng finanziell Bäihëllef vu bis zu 75% vun hirer Gesamtinvestitioun fir en Immobilieprojet als “Aides à la pierre” krit, net verpflicht ass eng ëffentlechen Ausschreiwung fir dëse Projet ze maachen, ausser fir den Déifbau Deel, wann dësen Deel de Betrag vu 5.538.000 € (ouni TVA) iwwerschreit a fir Servicer am Zesummenhang mat den Déifbauaarbechten wann dës de Wäert vun 215.000 € (ouni TVA) iwwerschreiden. De Wunnengsbauministère huet an deem Zesummenhang eng Circulaire publizéiert (Circulaire 4/2024 aux promoteurs sociaux sans but de lucre).
Am Sënn vum “parallélisme des formes” missten dës Reegele deemno och fir Projete gëllen, déi vun anere Ministèrë cofinanzéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fale Bauteprojeten (z.B. de Bau vun engem Foyer duerch eng ASBL oder Fondatioun), déi méi wéi 50% vum Staat cofinanzéiert ginn, ënnert d’Gesetz vun de Marchés publics a mussen hir Projeten ëffentlech ausschreiwen?

  2. Gëllt d’Reegel vun der Circulaire 4/2024 fir Projeten, déi vun anere Ministère mat méi wéi 50% co-finanzéiert ginn?

  3. Wäert d’Regierung eng weider Circulaire verëffentlechen, fir ze klären, ab wéini een duerch eng Verwaltung co-finanzéierte Projet ëffentlech ausgeschriwwe muss ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 598

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene