Mëssbrauch duerch virtuell IBAN-Konten (vIBAN)

D’Problematik vun de virtuellen IBAN-Konten (vIBAN) an hirem Mëssbrauch duerch Krypto-Scammer, déi op Reporter.lu opgegraff gouf, ass alarmant. Wéi beschriwwen, ginn dës vIBANen dacks vu Bedrugsrésauen benotzt fir Zougang zu de Finanzsystemer ze kréien a Beträg ze verschleieren. D’Finanzopsiicht CSSF confirméiert, datt si “keng direkt Iwwersiicht iwwer d’Zuel un virtuellen IBANs, déi sech zu Lëtzebuerg am Ëmlaf befannen” huet, well se bis elo net ënnert d’Gesetz zum zentralen Konteregister falen.
D’EU-Anti-Geldwäscherichtlinn 2024/1640 (AMLD6) gesäit wichteg Ännerungen an dësem Beräich vir, déi et den Autoritéiten erlaben, besser ze kontrolléieren a géint de Mëssbrauch virzegoen. Laut Artikel 74, 11, 12, 13, 15 an 18 sollen dës Moossnamen zu ënnerschiddlechen Zäitpunkten tëschent dem 10. Juli 2025 an dem 10. Juli 2029 ëmgesat ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini plangt d’Regierung déi eenzel Elementer vun der AMLD6-Direktiv (2024/1640) an nationaalt Recht ëmzesetzen, besonnesch den Artikel 74 (bis Juli 2025), d’Artikelen 11, 12, 13 a 15 (bis Juli 2026) an den Artikel 18 (bis Juli 2029)?

  2. Wéi eng konkret Moossnamen huet d’Regierung virgesinn, fir eng besser Kontroll iwwer virtuell IBAN-Konten ze kréien an domat de Mëssbrauch fir Geldwäsch a Bedruch ze bekämpfen, ier déi komplett Ëmsetzung vun der Direktiv erfollegt?

  3. Wéi vill verdächteg Transaktioune mat virtuellen IBANs goufen an de leschte Jore bei der CRF (Cellule du renseignement financier) gemellt, an huet d’Regierung Informatiounen iwwer den Ëmfang vu Bedruchsfäll zu Lëtzebuerg?

  4. Gëtt et schonn eng Aarbechtsgrupp, déi sech mat der Ëmsetzung vun der AMLD6 befaasst, a falls jo, wéi eng Acteuren si do mat agebonnen?

  5. Wéi plangt d’Regierung, d’Bedeitung vun der Finanzplaz Lëtzebuerg ze schützen andeems se sécherstellt, datt de Mëssbrauch vu Lëtzebuerger Bankenimm duerch Onéierlecher effektiv bekämpft gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2078

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen