Afloss vu China op Lëtzebuerg

Den Ex-Botschafter vun den USA zu Lëtzebuerg huet an der Press behaapt, dass Lëtzebuerg vu China ëmworbe gëtt. An engem WORT-Artikel vum 17ten Abrëll 2025, wou et och ëm d’Ofzéien vun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg geet, gëtt den Ex-Ambassadeur zitéiert: „Dies ist eines der Hauptprobleme, mit denen wir in unserer Botschaft in Luxemburg konfrontiert waren: die chinesischen Investitionen in Luxemburg und die wirtschaftlichen Beziehungen zwischen den beiden Ländern.“ 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung d’Aussoe vum Ex-US-Ambassadeur betreffend der Ofhängegkeet vu Lëtzebuerg zu China?

  2. Wéi wäerten d’Bezéihungen tëschent Lëtzebuerg a China sech weiderentwéckelen? Wéi eng wirtschaftlech a politesch Interessien verfollegt déi lëtzebuergesch Regierung a China?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2244

Zesummenhang posts

Am Abrëll 2024 goufen d’Plexiglas-Schutzvirriichtungen an de Büroe vun der ADEM ofgebaut. Dës Schutzmoossnamen, déi geduecht ware fir d’Infektiounsrisiken ze reduzéieren, goufen ouni ëffentlech
Aktuell ass et esou, dass am Kader vum Verhandlungen tëscht verschiddenen Acteuren aus dem Gesondheetsberäich nëmmen d’CNS eng Mediatioun ufroe kann, wann et zu
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2344 betreffend d’Publicitéit vun der SNHBM op enger belscher Radio, hutt de Minister erkläert, datt d’Zil wier, “d’gesamt