Luetstatiounen, déi net uweisen wéi vill Stroum ee lued

Verschidde Luetstatiounen hei am Land weisen dem Client net un, wéi vill Stroum e gelueden huet. Deemno kann de Client net novollzéien, wéi vill Stroum en gezaapt huet, wat eng transparent Berechnung onméiglech mécht.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Moossnamen an national Reegele suergen dofir – am Sënn vum Konsumenteschutz – dass de Client op enger Luetstatioun de Präis vun enger Charge op enger Luetstatioun muss duergeluecht kréien? 

  2. Wéi vill Luetstatiounen hei am Land weisen dem Client net wéi vill Stroum e gelueden huet?  Sinn dës Luetstatiounen am Aklang mat eise Gesetzer an Normen? 

  3. U wien kënne Clienten sech, am Fall wou si sech bedru fillen, an dësem Fall wenden?

  4. Mussen d’Luetstatiounen an Zukunft uweisen, wéi vill Stroum geluede gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6804

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt