Lobbyismus bei de Covid-19 Patenter

Wie Heise online den 3ten September mellt, sinn Dokumenter vun der leschter an aktueller Bundesregierung déi drop hiweisen, dass d’Ministeren an d’Kanzlerin sech vun de Lobbyisten a Cheffe vun den Impfstoffhiersteller beaflosse gelooss hunn. Esou ass ënnert dësen Dokumenter eng Email vum CEO vu Pfizer an der hien der Bundeskanzlerin d’Kommunikatioun an Argumenter géint eng Fräigab weiderleet. De Site abgeordnetenwatch.de huet dës Dokumenter publizéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei eng Kontakter haten d’Ministere mat Entreprisen, Organisatiounen oder Persounen zum Thema Covid-19-Impfstoff Lizenzen an Zwangslizenzen?

  2. Ass dem Här Premierminister bekannt op aner Ministeren esou Kontakter haten?

  3. Wat si bei dëse Kontakter fir Inhalter diskutéiert ginn?

  4. Kann den Här Premier versécheren, dass d’Regierungspositioun géint eng komplett Fräigi vun de Patenter net am Austausch fir eppes anescht gemaach gouf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6772

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt