ACCOUNT

Kontrolle bei Crèche

Zanter dëser Woch gi viru Geriicht d’Virwërf géint d’Gerante vun enger Crèche gepréift. Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint Kanner a Salariéeë virgehäit. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kontrolle goufen an deene leschte 5 Joer bei privat Crèche gemaach, fir sécher ze stellen, dass den Agrément agehale gëtt?

  2. Wéi vill Prozent mëscht dat en vue vun der Gesamtunzuel u private Crèchen aus?

  3. Wéi vill Crèchë goufe méi wéi 1 Kéier an de leschte 5 Joer kontrolléiert a wéi oft?

  4. Wat fir Verstéiss goufe bei dëse Kontrolle festgestallt? Kann d’Ministesch duerleeën, wéi vill Prozent déi jeeweileg Verstéiss par rapport zur Gesamtunzuel u Verstéiss ausmaachen?

  5. Wat fir Prozedure ginn ageleet am Fall wou Verstéiss festgestallt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7334

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Am Aktivitéitsrapport vum Sportsministère vun 2021 ass ze liesen, a wéi engem Montant de Staat déi verschidde Sportorganisatiounen
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher wéisst kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng