Kameraiwwerwaachung bei elektreschen Autoen

Ëmmer méi elektresch Autoen hu verschidde Kameraen, déi net nëmme wärend dem Fueren d’Ëmgéigend filmen, mee och wann den Auto geparkt an net a Gebrauch ass. Soubal den Auto eng Aktivitéit erkennt, fänkt en u mat filmen. Esou sollen a Fäll vu Schied an Accidenter Beweiser gesammelt ginn an de Besëtzer gëtt och vum Auto selwer iwwer Schied alarméiert, wärend den Auto geparkt ass. Dës Kameraen, wéi se zum Beispill an den Autoen vun Tesla ze fanne sinn, an déi 24h/24h kënnen ufänken ze filmen, werfen eng Rei Froen op, wat d’Recht op informationell Selbstbestëmmung vun deene Leit ugeet, déi bei eventueller Beweegung ronderëm den Auto onfräiwëlleg mat gefilmt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. U wéi eng gesetzlech Basis mussen sech Besëtzer vun Autoen halen, wann hiren Auto ëffentlech Plaze filmt? 

  2. Muss eng Autorisatioun ugefrot gi fir den Asaz vun den Autokameraen?

  3. Wéi eng Konditiounen ginn et fir d’Police, fir op dës Donnéeën zougräifen ze kennen? Wéi oft ass dëst an den leschten 12 Méint gemaach ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6507

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir