Iwwert d’Konsequenzen vun der Reform vum CGDIS

Den 1. Juli 2018 ass dat neit Gesetz iwwert d’Organisatioun vun der sécurité civile an der Schafung vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) a Kraaft getrueden. Zenter dësem Datum sinn eng Rei Méint verstrach an déi éischt Konsequenze vun dëser ëmfaassender Reform zeechnen sech of. Leider muss ee feststellen, dass vill Betraffener net zefridde mat gewësse Verännerunge sinn an sech net hireichend iwwert d’Changementer informéiert fillen; A klenge Pompjees- a Rettungsdéngschtzentere feelt et am Dag oft u Personal, d’Volontairë wësse bis elo net, wéi hiert Engagement wäert remuneréiert ginn an d’leit um Terrain beschwéieren sech iwwert eng onduerchsichteg Strategie bei der Verdeelung vun Asätz tëscht de verschiddenen Zenteren am Land.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Här Inneminister des Froe stellen:

• Wei dachs ass et zanter dem 1. Juli 2018 am Dag virkomm, dass Pompjees- a Rettungsdéngschtzenteren net operationell waren, well déi virgeschriwwe Mindestzuel un asazbereete Persounen net erreecht gouf? Wei oft war dëst nuets de Fall? Wei eng Mesurë si getraff ginn, fir en eventuellen Personalmangel ze behiewen?

• Ass de Reglement vun der CGDIS iwwert d’Indemnisatioun vun de Volontairë bei de Pomjees- a Rettungsdéngschter zum aktuellen Zäitpunkt scho vum Regierungsrot ugeholl ginn? Falls d’Äntwert positiv ausfält: Wéi sinn déi Betraffen iwwert d’Inhalter informéiert ginn? Falls d’Äntwert negativ ausfält: Firwat läit nach keng Approbatioun fir?

• Wéi vill erwuesse Persounen hunn hiert Volontariat bei de fräiwëllege Pompjeeën oder beim Rettungsdéngscht zanter dem 1. Juli 2018 niddergeluecht a wei vill hunn zanter dësem Datum nei ugefaangen? Wei vill dovun koumen aus den Jugendsektiounen? Wei gesinn des Zuele fir d’Joer 2016 an 2017 aus?

• No wei enge Kritäre gi bei engem Noutfall d’Zenteren, déi kontaktéiert ginn, ausgewielt a wei ginn des Kritäre gewiicht?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Deputéierten


Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt