Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ee Virdeel huet et, datt d’Madamm Oberweis elo Member hei vum héijen Haus ass, nämlech hir Gréisst: Ech muss de Mikro net méi an d’Luucht drécken no mengem Virriedner.
Komme mer zu deene méi seriöe Saachen! Suchtbehandlung amplaz vu Strofverfollgung, Preventioun an Ënnerstëtzung amplaz vu Repressioun: Dat mussen d’Piliere vun enger moderner Drogepolitik sinn, déi den Drogen net ganz einfach de Krich erkläert, mee de Suchtpatienten eng Hand reecht.
Gläichzäiteg muss engem bewosst sinn, datt net all Consommatioun vun Drogen direkt enger Suchterkrankung entsprécht an datt eng Verdäiwelung vu psychotrope Substanze kengem weiderhëlleft.
D’Legaliséierung vu Cannabis zu rekreativen Zwecker kéint e wichtege Schrëtt an enger moderner Drogepolitik sinn, wa se da richteg ugepak gëtt. Vill wësse mer vun de Pläng vun der Regierung jo nach net. Ze vill konkreet wollt bis elo nach kee ginn. Mee trotzdeem schéngt et, wéi wa ganz onerwaart fir eng rout-blo-gréng Regierung eng Aart protektionistesch Solutioun sollt gewielt ginn: Nëmme Leit, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, solle Cannabisproduite kafe kënnen. An dës sollen am beschten och nach nëmmen zu Lëtzebuerg oder vu Lëtzebuerg produzéiert ginn.
Dat kéint ee sech elo ënner dem Begrëff „regionale Commerce“ iergendwéi nach schéischwätzen, mee eigentlech muss een et als dat enttarnen, wat et ass, an zwar eng antieuropäesch Approche.
Lëtzebuerg wäert mat der lokaler Produktioun der Nofro no Cannabisproduiten, sief et zu medezinneschen oder zu rekreativen Zwecker, net kënne gerecht ginn an op Liwwerungen aus dem Ausland ugewise bleiwen. Mir gesi jo scho bei der Nofro no medezinneschem Cannabis, datt d’Demande hei kloer d’Offer depasséiert an et dofir ëmmer nees zu Ruptures de stock kënnt, déi dann d’Patienten zwéngen, hir Therapie ze ënnerbriechen, wat fir déi Betraffe leider mat vill Péng ka verbonne sinn.
Mee am Ausland anzekafen an dann ze soen: „Jo, mir importéieren zwar ,Är’ Produiten, mir verkafe se dann awer nëmmen un ,eis’ Awunner“, dat ass an eisen Aen net d’Aart a Weis, wéi e wirtschaftlech oppent Land sollt optrieden. Dat ass net europäesch, ganz ze schweige vum Problem, datt jo esou e System geschaf gëtt, deen eis Gesellschaft an zwou Klasse spléckt: engersäits déi, déi hei wunnen, an anerersäits déi, déi zwar hei liewen a schaffen, mee owes iwwert d’Grenz schlofe ginn. Mir schwätzen esou gär dovun, datt eis Frontalieren zu eiser Gesellschaft derzougehéieren, an trotzdeem solle se elo bei dësem Sujet anescht behandelt gi wéi de Rescht vun eis. Dat ass net solidaresch a sécher och net europäesch.
Bei der Legaliséierung vum Cannabis a vun THC-haltege Produite geet et net drëm, eng nei Fräizäitbeschäftegung ze schafen, et geet drëm, de Schwaarzmaart ze zerstéieren an den Tabu, deen ëmmer nach mam Theema verbonnen ass, ze briechen. Well kommt, si mer emol éierlech: Wie vun eis heibannen huet nach keng Wick gefëmmt?
An Dir musst elo keng Hand weisen, keng Angscht, ech kontrolléieren net. Mir ginn et och net un d’Police weider.
Well ech hu mer soe gelooss, et däerft een hei op der Tribün och net zouginn, dat schonn eng Kéier gemaach ze hunn, well soss kéint ee sech strofbar maachen.
Et geet drëm, wierklech deene Suchtkranken, deenen, wéi d’Madamm Oberweis et gesot huet, …
Mee fir op d’Wierder vun der Madamm Oberweis zréckzekommen: Et geet drëm, wéi een Ëmgang ee mat Drogen huet, net, ob een Ëmgang mat Drogen huet. Well hätt ech elo d’Fro heibanne gestallt: „Wie vun Iech huet nach ni gedronk?“, da wäre manner Hänn an d’Luucht gaangen. A genau dat ass de Problem. Mir behandele Suchtstoffer ënnerschiddlech. Mir behandelen Alkohol anescht wéi Tubak, anescht wéi Cannabis, an dann anescht wéi déi sougenannt „haart“ Drogen.
An do gefält mer déi portugisesch Approche ganz gutt, well déi portugisesch Approche mécht eeben den Ënnerscheed: Wéi ginn ech mat deene Suchtstoffer ëm? An do geet et eeben drëm, deene Suchtkranken ze hëllefen, andeems ee se aus der Illegalitéit an domat och aus der Onsiichtbarkeet hëlt, a gläichzäiteg déijéineg, déi einfach gäre vun Zäit zu Zäit emol owes eng fëmmen, esou wéi anerer e Whisky drénken, vun engem falsche Stigma ze befreien.
Wéi solle mer och nëmmen eent vun dësen Ziler erreechen, wa mer d’Frontalieren an d’Visiteure vun den Awunner ënnerscheeden? Wéi soll de Schwaarzmaart zerstéiert ginn, wann d’Frontalieren nach weiderhin op dësen zréckgräifen? Wéi soll de Stigma gebrach ginn, wann et fir Honnertdausende Leit nach ëmmer en Tabu bleift?
Jo, mir sinn eng Grenzregioun. A kee wëllt kilometerlaang Stauen un de Grenze wéinst dem sougenannten „Drogentourismus“. Mee amplaz de Verkaf vu Cannabis op d’Awunner ze limitéieren, proposéieren d’Piraten e System, deen de Konsum vum Cannabis am ëffentleche Raum an och d’Consommation sur place op de Verkafsstelle verbitt, de Verkaf dofir awer net op d’Residentë limitéiert. Dat mécht den Drogentourismus bedeitend méi onattraktiv, well een d’Consommatiounsméiglechkeete vun den „Touristen“ aschränkt, ouni awer d’Vente op eng diskriminéierend Aart a Weis op eng bestëmmt Persounegrupp anzeschränken.
Wann eppes an eisem Land legal ass, da muss et fir jidderee legal sinn. Anescht erhale mer, trotz der Legaliséierung, de Schwaarzmaart. Wat iwwregens och geschéie kéint, wann d’Präisser an de Verkafsstellen d’Präisser um Schwaarzmaart bei Wäitem iwwersteigen – och dat si Konklusiounen aus Länner, déi sech scho mat der Legaliséierung beschäftegt hunn. Et wäert ëmmer Leit ginn, déi mannerwäerteg Produiten zu méi gerénge Präisser ënnert der Hand verkafen. Do muss ee just an de Gebraucht-Auto-Handel kucke goen, fir dat ze verstoen. Mee mir mussen oppassen, datt mer de legale Maart net direkt schonn am Ufank duerch eng ze héich Besteierung esou deier maachen, datt de Leit keen Ureiz méi bleift, de legale Wee ze wielen.
Et kënnt, wéi d’Madamm Oberweis et virdru gesot huet, och op d’Verpackung un, et kënnt op d’Quantitéiten un, et kënnt drop un, wéi mer et besteieren, wou mer et zougänglech maachen a wéi mer et zougänglech maachen. Et ass eebe wichteg, eng
Balance ze fannen tëscht enger gerechter Besteierung an enger Präispolitik, déi der Kriminalitéit net an d’Hänn spillt, tëscht enger Verpackung, déi net zum Konsum incitéiert, déi awer deem entsprécht, wat d’Leit, déi et haut um Schwaarzmaart kafen, gewinnt sinn.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann ech soen, datt et hei net drëms geet, eng nei Fräizäitaktivitéit ze schafen, dann heescht dat och, datt mir Piraten mengen, datt d’Legaliséierung natierlech och mat enger Sensibilisatioun anhiergoe sollt. Grad d’Fëmme vu Cannabis ass duerch d’Verbrennung mat gesondheetleche Risike verbonnen, sou wéi dat jo och bei den Zigaretten de Fall ass. Souwuel bei Erwuessene wéi och bei Jonke muss dofir Opklärungs- a Sensibiliséierungsaarbecht geleescht ginn.
A bei deene Jonken ass et dann natierlech besonnesch wichteg, se ëmmer nees iwwert d’Konsequenze vum Konsum vu psychoaktive Substanze ganz allgemeng opzeklären, well all Aarte vun Drogen an och Alkohol an Tubak an engem Alter, wou d’Gehier nach an der Entwécklung ass, besonnesch problematesch kënne sinn. Dofir ass et fir eis och ganz kloer, datt et eng Alterslimitt soll ginn, déi d’Kafe vu Cannabis an THC-haltege Produiten eréischt ab fréistens 18 Joer erlaabt an de Verkaf u Mannerjäreger weiderhin ënner Strof stellt.
Gläichzäiteg proposéieren d’Piraten, eng Limitt anzesetzen, déi de legale Besëtz vu Cannabis an derivéierte Produiten op den Eegekonsum beschränkt, an och kloer Grenzwäerter fir de Stroosseverkéier festzehalen. Hei wär an eisen Aen de kanadesche System e gudde Modell, deen, sou wéi et jo och beim Alkohol bekannt ass, ab engem gewëssenen Taux e Protokoll virgesäit an da progressiv mat steigendem Taux och steigend Strofe virgesäit.
Eppes ass kloer: Keen, deen hanner engem Steier sëtzt, dierf ënner Substanzafloss stoen, sief et Alkohol, Medikamenter oder awer och Cannabis.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Madamm Presidentin – et deet mer leed, ech hat net gesinn, datt Der hannert mer gewiesselt hat -, loosst mech zum Schluss nach zu engem Punkt kommen, dee mech besonnesch erstaunt bei enger Regierung mat grénger Bedeelegung: an zwar deen, datt et soll verbuede ginn, selwer Cannabis unzebauen. Falls deem esou wär, kéint ech dat tatsächlech net verstoen!
Mir schwätze vun ökologeschem Konsum, vum Senke vun Zäregasen a ginn dann awer hin a verbidden de Leit, doheem zwou bis dräi Planze fir den eegene Konsum ze hunn, fir datt se dann an e Geschäft fuere mussen, fir do e Produit aus engem grousse Gewächshaus ze kafen, vun deem se net wëssen, ënner wéi enge Konditiounen et ugebaut gouf. An dat alles wéinst vermeintleche Qualitéitskrittären. Wann ech mer doheem eng Tomat ziichten, interesséiert de Staat sech jo och net dofir, wéi eng Qualitéit déi huet. A wann ech en Apel vu mengem Bam plécken, kënnt de Staat net kucken, ob e Wuerm dran ass oder net.
De Staat interesséiert sech dee Moment a muss sech interesséieren dee Moment, wou ech et verkafen! Mee genau dat ass jo d’Zil, datt mer dee privaten Handel net erlaben. Dat heescht: Wa mer de privaten Handel verbidden, da sollte mer wéinstens de
Privatubau erlaben.
Mir hoffen, datt d’Regierung hei nach eng Pist wiele wäert, déi et de Leit erlaabt, e puer Planze selwer ze besëtzen. Wat kéint besser sinn, wéi den eegene Konsum mat der eegener Produktioun ze assuréieren? Ouni Pestiziden, ouni Liwwerweeër mat CO2-
Ausstouss, ouni Geschäfter oder Coffeeshops, déi Verschiddene jo en Dar am A sinn, an ouni datt d’organiséiert Kriminalitéit iergendwéi hir Hänn an d’Spill kéint kréien.
Wéi ech schonns sot: D’Legaliséierung vum Cannabis zu rekreativen Zwecker kann e wichtege Schrëtt hin zu enger moderner Drogepolitik sinn, mee si muss richteg ugepak ginn. Mir brauchen de Courage, de Leit hir Fräiheeten a Responsabilitéiten ze iwwerloossen. Mir brauchen e System, deen op Eegeverantwortung a Sensibiliséierung fousst an net op Ausgrenzung a Repressioun!
Ech soen Iech Merci.
- February 7, 2025
- 3:28 pm
- Parlamentaresch Froen
Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen