Interpellatioun iwwert d’Entwécklung vun den exzentréierte Regiounen a vum ländleche Raum zu Lëtzebuerg am Kader vun der Covid-19-Pandemie

Marc Goergen:
Merci, Här President.
Merci dem Léon Gloden fir d’Ufro vun dëser Diskussioun. Bei dëser Interpellatioun haut muss ech soen, dass mer a kuerzer Zäit sollen iwwer eng Villzuel vun Theemen debattéieren, wou et vläicht besser gewiescht wär, déi puer eenzel Aspekter an e puer Interpellatiounen opzedeelen. Ech wäert a mengen zéng Minutte Riedezäit net op alles kënnen agoen, mee mech op e puer Punkte konzentréieren.
Eng Remark am Viraus hunn ech och zu dëser Interpellatioun: Mir sollten eis Planung net op d’Covid19-Pandemie beschränken! Mir dierfen net vergiessen, dass dat heiten eng speziell an eng eenzegaarteg Situatioun ass. Mir kënnen net eis ganz Zukunft esou plangen, als wär fir ëmmer Pandemie, als géif dës Situatioun fir ëmmer weidergoen. Nach ëmmer gi Grondrechter beschnidden an dat kënne mer net als Normalitéit hinhuelen. Dofir wäert och dës Pandemie eng Kéier endegen.
Natierlech musse mer déi gutt Saachen aus där Liewensphas mathuelen, virun allem den Teletravail, dee schonn ugeschwat gouf an op deen ech och nach ze schwätze kommen.
Ugefaange mat de Basisservicer am ländleche Raum: Hei musse mer kloer Ënnerscheedunge maachen tëscht liewenswichtege Servicer an deene Servicer, déi et net sinn. Bei liewenswichtege Servicer muss de Staat egal wéi derfir suergen, dass se am ganze Land disponibel sinn.
Wa mer vu liewenswichteg schwätzen, da si mer bei der Medezinn, den Apdikten an dem Rettungswiesen. Hei sti mir Piraten ganz kloer fir eng Dezentraliséierung vun de medezinnesche Servicer. Besser ass et, eng Auswiel vu Basisservicer ze maachen an dann ze garantéieren, dass all Persoun am Ëmkrees vu maximal 15 Minutte Fuerzäit op dës Servicer zréckgräife kann, an da méi spezialiséiert Servicer op een Haaptsite ze setzen.
Fir aner Servicer, wéi zum Beispill e Supermarché oder eng Epicerie, wou d’Leit hiert Iesse kafe kënnen, gëllt fir eis: Déi si wichteg, mee hei mussen de Staat an d’Gemengen net selwer direkt investéieren, mee éischter kucken, dass d’Zon attraktiv genuch ass, dass kleng Geschäfter sech néierloosse kënnen an de Quartieren.
Duerno kommen dann d’Servicer, déi net iwwerliewenswichteg sinn, mee d’Liewensqualitéit vun de Leit awer immens erhéijen. Dat sinn: Banken, d’Post, Kleederbutteker, kleng Commercen – also Plazen, déi d’Leit an hirem Alldag brauchen. Hei kéint een an eisen Aen higoen an eng Richtlinn opstellen, dass all Stot am Ëmkrees vun x Minutten Ureeszäit mindestens een esou ee Service de base muss ugebuede kréien an dass do, wou et net de Fall ass, d’Gemeng derfir suerge kann, dass do eng Initiativ derbäikënnt, falls néideg, andeems se selwer verlount, soulaang se domadder net an de fräie Maart agräift.
Wien erënnert sech net u fréier, wéi bal all Quartier oder Duerf seng Epicerie hat an een direkt niewendrun nach e Kaffi drénke konnt? Ma genee dat feelt hautzudaags. Mir brauche Plazen, wou d’Leit sech erëm tummele kënnen, wou d’Duerf zesummekënnt. Et brauch een nëmmen an anere Länner ze kucken, wéi a Frankräich, wou d’Leit an den Dierfer nach richteg zesummekommen.
Wien Teletravail seet, seet och manner Trafick op eise Stroossen. Wat gutt fir de Verkéier an d’Ëmwelt ass, ass awer net onbedéngt gutt fir de lokale Konsum. Ee Frontalier gëtt an der Moyenne 40 Euro pro Dag hei am Land aus: 25 Euro am Horeca-Beräich a 15 an de Geschäfter – dat rechent de Wirtschafts- a Sozialrot. Op där anerer Säit bleiwen awer net nëmmen d’Frontalieren doheem, mee och d’Awunner hei am Land. Dat fërdert dann d’Ausgaben op der Plaz a fërdert déi lokal Ekonomie.
Et geet awer net duer, dass an Zukunft just méi ausserhalb vun der Stad konsuméiert gëtt. Wa mer vu lokalem an nohaltegem Konsum schwätzen, da schwätze mer vun engem Konsum, deen d’Ëmwelt schount an eise Planéit a seng Ressourcë respektéiert. Wat bréngt et eisem Planéit an och eisem ländleche Raum, wa mer Geschäfter unzéien, déi schlecht fir d’Natur an d’Ëmwelt sinn, an de bëllege Bifdeck elo am Duerf verkaf gëtt amplaz an der Stad? Mir musse wëssen, wat mer wëllen: Méi Wirtschaft a kënschtleche Wuesstum oder méi nohalteg a besser Verdeelung hei am Land? Den Teletravail steet hei kloer fir méi Nohaltegkeet a manner Ressourcen. E verbessert global gesinn d’Liewensqualitéit vun all de Bedeelegten.
Dann nach e klenge Kommentar zum ëffentlechen Transport hei am Land. Jo, de Bussystem gëtt komplett reforméiert. Datt esou eng Reform net ouni Reiwereien ofleeft, ass kloer. Datt net all Gemeng an all Duerf eng Verbesserung kréie kann, ass wuel och net ze vermeiden. Esou Reforme mussen awer anstänneg erkläert ginn, heiansdo bis an dee leschten Detail, wa sech Leit zu Recht opreegen, zum Beispill am Südoste vum Land, datt op eemol kee Bus méi kënnt oder manner oder net méi dee selwechten. Och dat ass e Problem, wou muss nogelauschtert ginn.
Dann nach e Wuert zur Groussregioun. D’Kris huet eis op en Neits eis Ofhängegkeet vun der Groussregioun gewisen, ganz besonnesch am Gesondheetssecteur. Mir woussten dat zwar scho virdrun, mee mir hunn d’Gewunnecht, esou onangeneem Informatioune chronesch ze ënnerschätzen. Kann d’Groussregioun eppes fir de ländleche Raum maachen? Eis Äntwert ass: Nee! Ganz einfach, well se am Moment guer keng Méiglechkeeten dozou huet! Et gëtt eng Hellewull Strukturen, mee wann et ëm Wirtschaftsentwécklung, Raumplanung, schwiereg Dossiere geet, si se net méi do, well de politesche Wëllen net do ass, fir méi enk zesummenzeschaffen. An deenen Dossieren decidéiert all national Regierung léiwer selwer.
Ofgesinn dovun, och wann eise ländleche Raum Defiziter opweist, geet et him nach ëmmer däitlech besser wéi eisen Nopeschregiounen. Wann Der et net gleeft, fuert einfach eng Kéier iwwert d’Grenz. A wa mer schonn derbäi sinn, wëll ech och nach bäifügen, dass och Gemenge kënnen aktiv d’Kooperatioun an der Groussregioun selwer ureegen. Grad d’Kolleege vun der CSV kéinten déi interregional Zesummenaarbecht mat den Nopeschgemenge virundreiwen, well ëmmerhi sinn et néng Grenzgemengen, déi an der Hand vun enger CSV-Majoritéit.
Trotz allem, d’Theema, wéi d’Groussregioun weiderentwéckelt sollt ginn, verdéngt eng vill méi wäit ausgeluechten a komplett Debatt a sprengt de Kader vun haut.
Zum Schluss wollt ech awer och nach soen, dass mir Piraten ganz kloer dofir stinn, dass den Internet e Grondrecht ass an deementspriechend och an de ländleche Géigenden endlech schnellen Internet soll verfügbar sinn. Ech weess, dat ass heiansdo ganz informatesch, wa mir soen, et muss een och eng gewësse Geschwindegkeet an Zouverlässegkeet hunn, wat leider net an all de Regiounen hei am Land ass a wat dann déi Regiounen och deementspriechend zréckhält.
Ech wëll awer och nach eng Kéier ganz kuerz op déi Erklärunge vun der honorabeler Madamm Chantal Gary agoen, well ech hunn déi gutt fonnt. Also ech muss soen, déi kleng Geschicht mat Indien, déi huet mer ganz gutt gefall. An et ass och meng Meenung, dass mer heiansdo zu Lëtzebuerg d’Tendenz hunn, op ganz héijem Niveau ze meckeren. A virun allem dat Beispill mat den Impfzenteren, wat d’Madamm Gary ginn huet, ass ganz korrekt. Ech hat deemools och net verstanen, firwat d’DP sech opgereegt huet. Hei am Land kritt jidderee gratis eng Impfung, an d’DP huet sech opgereegt, dass een eng Kéier muss bis op Munneref fueren! Dat war fir mech och onverständlech an duerfir ginn ech der Madamm Gary an deem Punkt och zu honnert Prozent Recht.
Merci

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen