Interpellatioun iwwert de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner an Erwuessenen

Published by Piraten on

Marc Goergen:

Här President,

Merci der CSV fir d’Ufro vun dëser Diskussioun, déi ganz wichteg ass, och wa se oft emotional geféiert gëtt, wat awer ganz verständlech ass.

Siwen Theemepunkte wëlle mir an dëser kuerzer Interpellatioun ofdecken, siwe Punkten, déi zum Deel zesummenhänken, zum Deel hei awer och op eng geféierlech Aart a Weis vermëscht ginn. Vu Mëssbrauch u Mannerjäregen iwwer Prostitutioun bis hin zu de Risike vun der digitaler Welt soll haut alles beschwat ginn. Dat muss een awer emol alles anuerdnen.

Prostitutioun a sexuelle Mëssbrauch sinn net dat selwecht a Sexting féiert net automatesch derzou, dass ee vu sengem Géigeniwwer erniddregt oder am schlëmmste Fall sexuell mëssbraucht gëtt. Hei musse mir oppassen, net alles an een Theema ze geheien.

Här President, sexuelle Mëssbrauch ass en Theema, iwwert dat net gäre geschwat gëtt. Déi Betraffen, déi sexuell Gewalt erlieft hunn, traue sech oft net, driwwer ze schwätzen. Si schumme sech zu Onrecht, fäerten, eppes ze erzielen a gi sech vill ze oft zu Onrecht selwer d’Schold un deem, wat geschitt ass.

Wann de Mëssbrauch dann och nach an der Famill oder an der Partnerschaft stattfënnt, ass et nach emol méi komplizéiert, well den Täter eng Persoun ass, zu där een an enger Bezéiung steet, déi normalerweis net just vu Gewalt, mee och vu kuerze
schéine Momenter gepräägt ass. Da kënnt zur Iwwerwannung, iwwert säi Leed ze schwätzen, och nach d’Scholdgefill derbäi, eng Persoun, déi engem nosteet, ze verroden.

Änlech schwéier, fir iwwer Mëssbrauch ze schwätzen, kann et ginn a Fäll vum sougenannte Cybergrooming, wou sech d’Affer engersäits oft schëlleg fillen, op där anerer Säit op den Täter eragefall sinn a gläichzäiteg oft nach laang vum Täter duerch Messagen an Drounge manipuléiert ginn. Grad wann et ëm sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjärege geet, kann et dofir ganz schwéier sinn, d’Affer derzou ze kréien, eng Ausso bei der Police ze maachen.

Dofir war virun e puer Joer och d’Iddi opkomm vun engem Kannerschutzhaus. Dobäi handelt et sech ëm e séchert Ëmfeld, wou all d’Acteuren, vun der Police judiciaire iwwert den Dokter fir medezinnesch Ënnersichungen an eventuell forensesch Spueresécherunge bis hin zum Therapeut a Psychiater, op enger Plaz géifen zesumme schaffen.

Do kéinten och Aussoe vu Kanner opgezeechent ginn, fir ze verhënneren, dass d’Kanner an engem Prozess ëmmer erëm gezwonge ginn, iwwert dat selwecht, dat Erlieftent, ze schwätzen.

Dat gëtt aktuell jo och schonns vun der Police judiciaire gemaach, déi sech staark engagéiert, de Kanner d’Prozedur vun der Ausso esou, bon, et kléngt blöd, „agreabel“ wéi méiglech ze gestalten an och souguer d’Interviewen a Schoulen oder Foyeren opzezeechnen, wat mir ganz gutt fannen.

Mee och wann hei schonns ganz gutt Aarbecht geleescht ginn ass, schwätze mir Piraten eis scho méi laang fir d’Schafe vun engem interdisziplinäre Gesondheetszentrum aus, wou Affer vu sexueller a geschlechtsspezifescher Gewalt vun all Alter sollen d’Méiglechkeet hunn, medezinnesch Consultatiounen an Analyse gemaach ze kréien, therapeutesch encadréiert ze ginn an och juristesch begleet Aussoen ze maachen. An dat géif natierlech net ausschléissen, dass net och weiderhin nach Mataarbechter bei Betraffener heem kéinte goen, fir do mat hinnen ze schwätzen, wa si dat wënschen. Mir denken, dass een an esou en Zentrum och gutt spezifesch Servicer fir Mannerjäreger integréiere kann.

Tatsächlech ass sexuelle Mëssbrauch awer net nëmmen en Theema, iwwert dat déi Betraffen net gäre schwätzen. Och ënnert de Professionellen ass de Sujet nach ëmmer mat engem gewëssen Tabu beluecht. Dat bréngt mat sech, dass d’Recherchen an den internationalen Austausch vu Best Practices an dësem Beräich nach net esou wäit ausgebaut si wéi an anere Beräicher. Hei kéint d’Politik nach Efforte maachen, fir méi e breeden Austausch ze fërderen, wat d’Encadrement vun den Affer ugeet wéi och, wat d’Preventioun an d’Opdecke vun den Täter betrëfft. Dat ass nämlech guer net esou einfach.

Persounen, déi Mannerjäreger oder Erwuessener ëmmer nees mëssbrauchen, wësse ganz genee, dass dat, wat si maachen, falsch ass. Si wëssen, dass si eigentlech déi ganzen Zäit scho mat engem Been am Prisong stinn an dofir triede se no baussen oft extreem ugepasst a frëndlech op.

Fir Mëssbrauch gëtt et keen Alter oder kee soziale Milieu. Op jonk oder al, op aarm oder räich, d’Täter kommen aus alle Schichten a wësse sech leider oft sou ze presentéieren, dass hir Affer an och d’Ëmfeld kee Verdacht schëpft. Dat ass eng grouss Erausfuerderung fir d’Justiz an och e wichtegt Feld fir d’Fuerschung.

Vun engem verstäerkten internationalen Austausch, wat d’Erfarungen an Etüden ugeet, kéinte mir dofir nëmme profitéieren.

An der CSV-Ufro goung et dann och ëm e weidert Theema, ëm d’Froe vum Sexting. Also, ech gi jo mol zou, ech hu missen op enger Sichmaschinn souwéi an der Fraktioun vereenzelt Begrëffer heizou nofroen. Mee et léiert ee jo ni aus.

Bee Secure huet Sexting gutt zesummegefaasst. „Ob als Liebes- oder Vertrauensbeweis, zur gegenseitigen Erregung, als Mutprobe oder Flirt, es gibt vielerlei Gründe fürs Sexting. Paaren in Fernbeziehungen ermöglicht diese Art der Kommunikation beispielsweise trotz Distanz eine gewisse Intimität. Aus diesem Grund sollte der Austausch solcher Inhalte auch lediglich im Einverständnis mit dem Gegenüber erfolgen.“

Gi mir vun deem aus, wat Bee Secure geschriwwen huet, kann et jo fir Partner eng flott Alternativ sinn. Mee do musse mir als digital Partei awer och op e Punkt opmierksam maachen, dee mir ganz kritesch gesinn.

Wann esou ganz perséinlech a vläicht zimmlech plakeg Biller vun engem onbewosst an d’Hänn vun deem Falsche geroden, wisou och ëmmer, ass dat fir d’Affer eng ganz schwéier Situatioun. Mee wat ass, wann den Täter de Staat ass, e puer Staaten oder e groussen digitale Konzern? De Staat schafft mat Schlëssele fir esou munch Messenger wéi zum Beispill WhatsApp, an de Staat ka ganz Betribssystemer via Staatstrojaner iwwerwaachen. Do kann also eng Koppel relax per Video zesumme schwätzen oder och méi. An dertëscht sëtzt awer e Konzern oder e Staat a kuckt mat. Och dat mécht dann déi Koppel zu engem Affer.

Dat si Programmer, déi net d’Staate selwer entwéckelen, mee Firme wéi zum Beispill Spezialisten an Israel. Mee wéi ee weess, sinn et haut Staaten, déi esou Tools hunn a muer vläicht Perverser, déi sech déi kafen.

Mat der Entwécklung vun esou Tools a Schlësselen entstinn nei Affer, déi onbewosst beim Sexting vu Firmen, Staaten oder Hacker kënnen observéiert ginn. Dat ass e Problem am digitale Beräich, op dee mir opmierksam maache wëllen, well net all gutt gemengten Ouverture, fir kënnen de Bierger ze iwwerwaachen, kënnt duerno mat engem gudde Resultat – am Géigendeel! Wéi ee beim Sexting gesäit, kann eng Iwwerwaachung och de Staat zum Täter maachen.

Eng änlech Diskussioun war och schonn an der Justizkommissioun opkomm a Fäll, wou bei enger Ënnersichung vun der Police och Computeren an Handye beschlagnaamt an ënnersicht gi si wéinst engem ganz anere Punkt, do awer da ganz privat Biller och op de Medien ze fanne sinn, déi een an enger Koppel gedeelt huet. Dat weist och, wéi komplex de Schutz vun der Privatsphär ass, wéi komplex de Schutz vun den Affer ka sinn a wisou een nei digital Methode brauch, fir Täter ze fannen, ouni anere Leit hir Privatsphär ewechzehuelen.

Här President, zum Schluss nach en Theema, dat oft ënnert den Teppech fält – bewosst, wéi mir schéngt -: Dat ass de Mëssbrauch am Numm vun de Reliounen. An do huelen ech bewosst elo net eng Relioun eraus, mee se alleguer.

Grad wann et ëm d’Opklärung vu Mëssbrauchsfäll an der Kierch an allgemeng de Relioune geet, gëllt et, wat d’Gerechtegkeet ugeet, nach villes opzehuelen, national wéi international.

Hei dierfe mir d’Aen net virun der Realitéit verschléissen. Nieft dem direkte Mëssbrauch ass och am Numm vun der Relioun e Mëssbrauch iwwer laang Zäit – e ganzt Liewen! -, an do drënner verstinn ech déi Kannerbestiednisser, géint déi mir Piraten eis ganz kloer ausschwätzen, och géint eng Unerkennung vun esou Bestiednisser, wann déi Affer méi al sinn.

Et dierf net erlaabt sinn, och net toleréiert sinn, am Numm vun der Relioun oder soss Traditiounen, Kanner versprach ze kréien, oft Männer iwwer 40, 50 Joer mat Kanner vun 10 bis 12 Joer. Do misst ee vill méi haart géint d’Relioune virgoen, déi esou Hochzäiten erlaben oder vollzéien. Dat kann een net deelen.

Déi sexuell Iwwergrëffer op Kanner an de Relioune ginn net genuch bestrooft, am Géigendeel. Hir Vertrieder sinn nach iwwerall ënnerwee, ginn iwwerall invitéiert. Wéi enge Veräiner géif een nach weiderhin esou de rouden Teppech ausrullen, wa se net
fäeg sinn, beim Theema sexuelle Mëssbrauch opzeraumen? Bestëmmt kengem.

Mir Piraten fuerderen, vill méi haart duerchzegräife bei de Mëssbrauchsfäll ronderëm all Relioun.

Här President, ech komme mat menger Riedezäit zum Enn. An dofir wëll ech och elo séier e wichtege Punkt uschwätzen, an dat sinn d’Strofe viru Geriicht. Et dierf net sinn, dass en Affer vu sexueller Gewalt e ganze Prozess duerchstoe muss, just fir dann ze gesinn, wéi en Täter mat enger minimaler oder guer kenger Strof dervukënnt.

D’Piraten wëllen e modernt Strofrecht, wat de Fokus net nëmmen op d’Bestrofung, mee och op d’Vermeidung vun engem Réckfall leet. Mee fir mat den Täter seriö un hire Problemer ze schaffen, brauch een nun emol Zäit; Zäit, déi een net huet, wann ee just sechs Méint op Sursis kritt. Mir denken dofir, dass een den aktuelle Strofekatalog nach
emol iwwerpréiwe sollt an hoffen och, dass et deemnächst an der Kommissioun an och an der Plenière nach e méi breeden Austausch iwwert d’Roll vun der Organisatioun vun de Prisonge vu Lëtzebuerg wäert ginn.

Merci.


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.