Interpellation de M. Laurent Mosar au sujet des perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och ech soe wéi all meng Virriednerinnen a Virriedner als Éischt dem Här Mosar Merci dofir, datt mer haut kënnen iwwer eis Vi- sioune fir d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Wirtschaft schwätzen.

Fir eis Piraten muss d’Ekonomie am Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger stoen. Dat bedeit fir eis eng Wirtschaft, déi Aarbecht schaaft fir all Alterskatego- rien an all Ausbildungsniveauen. Et dierfen nämlech net nëmmen héich qualifizéiert Poste geschafe ginn. E Land, wou nëmmen nach d’Leit mat Unisdiplom kënne liewen, well se eng Plaz hunn an eng Pai, fir sech eppes ze kafen, ass net dat, wat mir Piraten eis fir Lëtzebuerg wënschen.

Wat misst dann an eisen Aen änneren, fir déi Ekono- mie ze erreechen, déi am Déngscht vun der ganzer Gesellschaft steet?

Éischtens: Et fänkt fir eis Piraten kloer bei der Digitali- satioun un. D’Piraten hunn an der Chamber schonns oft de Wonsch geäussert no engem Guichet unique. Wéi mer zum Beispill bei der leschter Interventioun zum Theema Independantë geschwat hunn, hu mer kloergemaach, datt déi administrativ Demarchen, wann ee säi Betrib wëll ufänken, musse vill méi ver- einfacht an zentraliséiert ginn. Den Datenaustausch tëscht den Administratioune vun der CNS, dem CCSS, der Douane an der Steierverwaltung muss ausgebaut ginn, op eng eenheetlech Plattform gestallt ginn an däerf net schonn direkt eng onnéideg Komplikatioun duerstellen.

Dat alles sinn, wéi gesot, Schrëtt, déi engem neie Fir- megrënner d’Liewen am Ufank ganz schwéier maa- che kënnen. A fir eis Piraten sinn et grad dës kleng Betriber, déi ee muss fërderen. Et sinn déi eegestän- neg, et sinn déi kleng Familljebetriber, et sinn d’Start- ups, déi mer hei wëllen zu Lëtzebuerg gesinn.

Digitalisatioun dierf awer net zum Ofschafe vun Aar- bechtsplaze féieren, a virun allem net zum Ofbau vun Aarbechtsplazen, wou een net esou vill verdéngt. Eng Erhéijung vun der Produktivitéit duerch d’Digitalisa- tioun oder och zum Beispill d’Aschränkung vu Paten- ter muss sech och an de Paie vun de Mataarbechter erëmspigelen an däerf eebe grad net zu Entloos- sunge féieren. Dofir wiere mir Piraten och bereet – an dat ass jo eng vun deene groussen Diskussiounen, déi ëmmer erëmkënnt –, iwwer zum Beispill eng Ro- botersteier oder änlech Instrumenter ze schwätzen.

Zweetens: Et brauch e faire Steiersystem. Fir eis ass also d’Fro, wéi mer Lëtzebuerg attraktiv fir dës Fir- megrënner halen, awer och fir Leit, déi bei déi Firme schaffe kommen. Dat fänkt jo emol domadder un, datt eng Firma muss Personal fannen. An dat ass net ëmmer esou einfach, wéi een dat kéint mengen! Wann een an enger ganz spezifescher Spart schafft, gëtt et souguer nach méi komplizéiert.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | Och dofir ass eis Fuerde- rung no enger Steierklass fir jiddereen esou wichteg,

well se eeben derfir suergt, datt qualifizéiert Personal hei op Lëtzebuerg kënnt. A wie rezent Rechebeispiller gesinn huet – déi natierlech vun Interessevertriedunge gemaach ginn –, wat haut den Ënnerscheed bei de Ce- libatairen nach ausmécht zwëschent engem, deen zu Paräis schafft, an engem, deen zu Lëtzebuerg schafft, dee versteet, datt et vläicht mëttlerweil méi interessant gëtt, net méi iwwert d’Grenz schaffen ze kommen. Well dëst Personal, wat op Lëtzebuerg plënnert, dat si jo och ganz heefeg nach Celibatairen, well wa mer Leit jonk wëlle rekrutéieren, grad an innovative Secteuren, dann ass dat definitiv eppes, wou een nach mobill muss sinn. A mat „Kind und Kegel“, wéi een esou schéi seet, mat Partner a Kanner, eventuell Hausdéier – jo, da plënnert een net méi esou einfach fir d’Karriär an en anert Land.

Den Undeel u Leit an der EU – an dat weisen all d’Eu- robarometeren –, déi sech méi spéit an hirer Karriär nach eng Kéier op de Wee maachen, fir enzwousch anescht schaffen ze goen, ass verschwannend ge- réng. Et gëtt se a mir sollte frou sinn, datt et se gëtt, well soss hätte mer nach e vill méi grousse Problem mat qualifizéierter Main-d’oeuvre.

A wann een da bei där selwechter Pai hei zu Lëtze- buerg manner erauskritt wéi an engem vun eisen No- peschlänner – oder generell an den EU-Länner –, well d’Steieren op dem Celibataire net attraktiv genuch sinn, ma da verléiert eise Standuert e ganz wichtegen Accès zu Personal.

Dozou gehéiert dann natierlech och d’Aarbechts- migratioun hei zu Lëtzebuerg. A mir Piraten sinn der Meenung, datt hei nach ze vill Steng an de Wee ge- luecht gi fir Leit, déi keen esou e groussen Diplom hunn, déi awer och wichteg gi fir eist Land, virun allem fir eis Handwierksbetriber, well et och do ëm- mer méi u Personal mangelt.

A wa mer iwwert d’Reconnaissance vun Diplomer schwätzen … An ech mengen, dat ass vläicht nëm- men eng Randnotiz um Theema, iwwert dat mer haut schwätzen, mee fir eis Ekonomie brauche mer nieft Leit, déi manner qualifizéiert sinn, méi qualifizéiert sinn, déi handwierklech qualifizéiert sinn, akadeemesch qualifi- zéiert sinn, brauche mer do dernieft natierlech och dat, datt deene Leit hir Diplomer – ob en Handwierksdiplom oder en Universitéitsdiplom – och séier an effikass hei zu Lëtzebuerg unerkannt ginn a se eeben net länger Zäit an enger Onsécherheet gehale ginn. Och do kënne mer weider Efforte maachen. An ech mengen, datt et am Interêt vun eiser Ekonomie, jo, vun eisem ganze Land ass, wa mer do méi effikass ginn.

(Brouhaha)

An natierlech mécht de Logement net nëmmen de Leit, déi schonn hei wunnen, Problemer, mee och deene Leit, déi wéilten heihinnerkomme fir ze schaf- fen. An de leschte Méint si ganz vill Acteure queesch duerch de Gaart op eis zoukomm an hu gesot: „Mir wéilte gären Déngschtwunnenge bauen. Mir hätte gären en Outil, fir Déngschtwunnengen ze bauen, ze maachen, ze schafen.“

An dofir – ech weess, datt schonn eng Motioun dozou virläit – erlaabt mer awer, och kuerz de Piraten hir Meenung dozou ze soen. Mir sinn der Meenung, datt ee soll Firmen ënnerstëtzen, déi eebe genau esou Wunnenge wëlle bauen. Lëtzebuerg huet u sech eng Traditioun dora gehat, datt Patrone Verantwortung fir de Logement vun hire Mataarbechterinnen a Mataar- bechter – bon, deemools haaptsächlech Mataarbech- ter – iwwerholl hunn.

(Brouhaha)

An deem Sënn hunn ech dann och eng Motioun mat- bruecht, déi liicht anescht ass wéi déi …, bon, substan- ziell anescht ass wéi déi vun der CSV, mee, ech men- gen, complementaire ka sinn, well, wéi een e Freiden

am „Lëtzebuerger Land“ konnt liesen an da gëschter nach eng Kéier op RTL konnt héieren, huet eis jore- laang Fuerderung, fir Gelder aus dem Pensiounsfong net nëmmen an Atomkraaft, …

(Coups de cloche de la présidence)

M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance | Wann- echgelift, e bësse méi lues.

M. Sven Clement (Piraten) | … mee och an aborda- bele Wunnraum ze investéieren …

M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance | Net Dir. Fuert Dir roueg weider.

M. Sven Clement (Piraten) | Also, wéi ee gëschter dann op RTL nach eng Kéier konnt héieren, huet eis jorelaang Fuerderung, fir Gelder aus dem Pensiouns- fong net nëmmen an Atomkraaft ze investéieren, mee och méi an abordabele Wunnraum ze investéie- ren, dann och elo Uklang bei enger Majoritéitspartei fonnt.

Mir maachen hei also nach eng Kéier de Versuch, fir dat Kapital, wat de Pensiounsfong a Wunnengen hei am Land investéiert, ze erhéijen. A mir kruten am De- bat jo kloer gesot, datt e säin Zil vun de 5 % Investis- sementer an Immobilien haut nach net erreecht. Dat heescht, et wär och nach eng Kéier d’Opfuerderung, dat dréngend ze erhéijen, fir eebe grad aus enger Wunnengskris eng Wunnengschance ze maache fir d’Lëtzebuerger Ekonomie. An d’DP kann niewebäi be- weisen, datt hire Parteipresident hir vollst Ënnerstët- zung huet. Wannechgelift, Här President.

Motion 12

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– Déi europäesch Zentralbank huet bannent engem Joer de Leetzëns vun 0 % op 3,5 % erhéicht, wat d’Käschte vun neie souwéi bestoende Prête mat variabelem Zëns méi deier mécht an déi finanziell Situatioun vu ville Leit direkt belaascht.

– Gläichzäiteg hu mer zu Lëtzebuerg eng Wunnengskris, well ee groussen Deel vun de Leit duerch déi héich Präiser- héijungen um Wunnmarché aus de leschte Jore keng Chance méi op eng eege Wunneng um Privatmarché huet an och déi ëffentlech Acteuren an de leschte Joerzéngten net ge- nuch Wunnunitéite gebaut hunn, fir d’Leit opzefänken.

– D’Präiserhéijung vun den Zënsen op den lmmobilieprête souwéi de Baumaterialie bewierkt, dass nach manner Leit ee Prêt ophuele kënnen, an deementspriechend gëtt manner gebaut. D’Zuele beim Statec weisen eng Reduk– tioun vun ausgedeelte Baugeneemegungen an d’Bicher vun de Commandë vun de Firme ginn ëmmer méi eidel. De Wunnmarché ass deemno an enger duebeler Kris: Et sinn net genuch Wunnengen an d’Tendenz weist, datt de Privatmarché dëst Joer nach manner Wunnenge wäert bauen.

– De Staat muss elo agräifen, fir d’Bau-Aktivitéit stabil ze halen, a sollt d’Situatioun notzen, fir elo massiv Wunnen- gen opzekafen, fir dës zu sozialen Zwecker an erschwéngle– che Präisser (zum Beispill 10 €/m2) deene Leit unzebidden, déi guer keng Chance um private Wunnmarché hunn.

– Am Pensiounsfong leie ronn 26 Milliarden Euro, déi zum Deel fir lnvestitiounen a sozial an erschwénglech Wun- nenge genotzt kënne ginn.

– De Pensiounsfong huet et net gepackt an deene leschte Joren, fir déi selwer virgeschriwwe 5 % vu sengem Aktiv an lmmobilien hei zu Lëtzebuerg ze investéieren.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung,

1. den Undeel, deen de Pensiounsfong an den nationale Wunnengsmarché investéiert, ze erhéijen a komplett ze

jeudi 23 mars 2023 14 | 74 notzen, fir esou selwer massiv Wunnengen ze bauen, an

dësen lnvestment duerch fix Hypothéikeprêten erëm an de Pensiounsfong zeréckfléissen ze loossen;

2. bis Juni 2023 zousätzlech finanziell Mëttelen opzedrei– wen a wann néideg eng Staatsobligatioun opzestelle mam Zil, fir an deene nächste Méint de Fonds spécial de soutien au développement du logement souwéi déi ëf- fentlech Promoteuren (SNHBM a Fonds du logement) mat méi Mëttelen auszestatten, fir esou massiv kënnen um Wunnmarché ze intervenéieren an dës Wunnengskris an eng Wunnengs-Opportunitéit fir de Staat ze verwandelen.

(s.) Sven Clement.

M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance | Merci.

M. Sven Clement (Piraten) | Déi grouss Fro ass natier- lech: Wie wëlle mer zu Lëtzebuerg hunn an der Eko- nomie? Wéi eng Secteuren ënnerstëtze mer a gi mer geziilt hei zu Lëtzebuerg ausbauen?

Hätte mer eng Glaskugel, da wär et einfach. Mir géi- fen eis haut soen: „Déi Secteuren, déi an 10, 15 Joer décke Succès op der weltwäiter Bün hunn, déi wëlle mer haut unzéien, wann et nach kleng Pepitte sinn, an dann domadder e stabille Mëschbësch bauen.“ Mee genau dat kënne mer net maachen. Mee et gëtt awer ganz kloer resilient Secteuren, déi och eng re- silient Ekonomie ausmaachen, an dat si ganz kloer Servicer. Net Servicer am traditionelle Sënn, wëll ech ganz kloer soen, well dorënner fale fir eis och Hand- wierker, och Coifferen oder soss Betriber, déi no bei de Leit sinn, déi Servicer fir d’Leit offréieren, och wann et Handwierksservicer sinn.

Dëst si Betriber, déi et scho vill hei gëtt, déi e wichtegen Déngscht un der Bevëlkerung leeschten an déi och vill manner Plaz pro Emploi brauche wéi Datacenteren, déi ganz wéineg Emploi schafen, oder Jugurtsfabricken – déi, naja, och net komm sinn –, an déi also net esou zur Versigelung vun eisem Territoire bäidroe wéi verschidde Multinationallen.

Den Ausbau vun deem Secteur muss dann natierlech och an de PAGen an an de PAPen erméiglecht ginn. An och do, mengen ech, huet d’CSV eng Motioun matbruecht, déi ganz interessant ass, nämlech datt mer déi PAGen a PAPe besser openeen ofstëmme mussen. Ech soen heiansdo, déi … Mir schwätzen oft vun der Gemengenautonomie an dann hunn ech d’Ge- fill, mir géife vun enger helleger Kou schwätzen, där een op kee Fall däerft och nëmmen en Hoer krëmmen. Mee vläicht ass et esou, wa mer eng resilient Ekonomie wëllen hunn, eng Ekonomie, déi och dezentral organi- séiert ass, da musse mer natierlech och zwëschent de Gemenge besser ofstëmmen.

Ee Secteur, dee mir wëlle massiv hei ausbauen, ass dee vun der Climate Tech. Mir Piraten wëlle méi Betriber hei zu Lëtzebuerg, déi geprinte Fotovoltaikspannoen oder Mikrowandmillen entwerfen, bauen an instal- léieren. Mikrowandmille sinn iwwregens kleng Wand- rieder, déi ee kann op sengem Daach installéieren, complementaire zu senge Solarpannoen, déi bis 750 Kilowattstonne pro Joer kënne liwweren, déi awer hei am Land quasi néierens kënne geneemegt ginn. An och dat ass e Problem, well och dat mécht direkt e ganze Secteur u Climate Tech zu Lëtzebuerg onattrak- tiv.

Mir wëllen och Betriber hei an d’Land kréien, déi zum Beispill a Carbon Capture investéieren. Beim Carbon Capture hunn ech op dëser Plaz virun e puer Méint eng Proposition de loi abruecht, fir dëse Secteur ze subventionéieren, well mir wëllen, datt Lëtzebuerg hei weltwäite Virreider ass.

Ech hu virdru gesot, wann een eng Glaskugel hätt, fir ze kucken, wat an 10, 15 Joer wichteg ass, da kéint

een doran investéieren. Ma hätte mer déi Glaskugel virun 10, 15 Joer gehat, dann hätte mer warschein- lech gesot: „Den IPCC wäert eis an 10, 15 Joer soen, datt mer net gutt genuch sinn am Klimaschutz, an do- fir musse mer elo op Carbon Capture setzen, wa mer iergendwéi eng Chance wëllen hunn.“

De Kampf géint de Klimawandel muss déi gréisst Prio- ritéit fir dës Regierung, fir déi nächst zéng Regierunge sinn an dorop sollen dann och eis staatlech Hëllefen am Beräich Ekonomie opbauen. Datt mer Virreider sinn, wat klimafrëndlech Technologien ugeet! Datt mer kënne Klimaneutralitéit weiderdreiwe mat eise Betri- ber a fir eis Betriber! A well een domat op d’mannst en Deel vun der Demande no Logement géif vum Marché huelen. Dat sinn dann dës Punkten, wou mir Piraten Méiglechkeete gesinn, fir kënnen héich gradewéi manner héich qualifizéiert Personal op Lëtzebuerg ze kréien, an deene Secteuren, wou et néideg ass.

Natierlech, an dat ass ganz kloer: Mir wëlle keng Planwirtschaft, wou all Betrib, deen op Lëtzebuerg wëll kommen, muss aus engem spezifesche Secteur sinn. Ech mengen, datt dat vermesse wär ze soen: „Mir wëllen nëmmen ee Secteur“ oder „Mir wëlle just een anere Secteur.“ Ech mengen awer, datt mer ganz kloer musse kucken, wéi eng Krittäre mer usetzen, wa Betriber eng Demande maachen, fir op Lëtzebuerg ze kommen. An dat muss transparent sinn.

Mir haten nom Desaster vun der Jugurtsfabrick hei eng Motioun an d’Chamber bruecht, an där mer e kloren an ambitiéise Krittärekatalog gefuerdert hunn, wou d’Grenzwäerter fir de Verbrauch vu Waasser, Stroum a fossille Brennstoffer festgehale ginn. Mir hunn do och gefuerdert, datt all Entreprise, déi sech zu Lëtzebuerg nidderloosse wéilt, beim Ministère eng ëffentlech zougänglech Nohaltegkeetscharta areeche misst, aus där ervirgeet, wéi déi staatlech Grenzwäer- ter agehale kënne ginn a wéi d’Firma envisagéiert, hir wirtschaftlech Aktivitéit nohalteg ze gestalten.

Eis Motioun ass deemools net matgestëmmt ginn. Mir bleiwen awer bei där Fuerderung, well mir sinn der Meenung, datt den Industriestanduert Lëtzebuerg net nëmme ka vun de Wënsch oder vun dem Prestige vun eenzelne Persounen ofhänken. Wa mer gäre grouss an international Betriber hätten, da mussen déi heihin- nerpassen. An da mussen déi och am Viraus soen, wat hire Projet eist Land kascht, an net „langes Rätselra- ten“, fir erauszefannen, ob de Betrib dann elo esou vill Meterkaree oder vläicht dat Zéngfacht dovunner versi- gelt oder ob en esou vill Liter Waasser oder dat Zéng- facht dovunner verbraucht. Dofir mussen Impaktstudie gemaach ginn. Ouni datt ee weess, wéi vill Waasser de Betrib eebe brauch, soll en net kënne gebaut ginn. Dat ass och ganz kloer am Interêt vun de Betriber, well se da guer net brauchen unzefänken, no Terrainen ze ku- cken oder der ze kafen, wa se gesinn, datt se déi Krit- täre vun Ufank un net kënnen anhalen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Pi- raten wëlle kleng Betriber wéi eis Handwierksbetri- ber stäerken an och de Secteur Climate Tech, deen natierlech eng Inzidenz op den Handwierkssecteur huet, encouragéieren, op Lëtzebuerg ze kommen. Dës Betriber si fir eis d’Léisung, fir Aarbechtsplazen ze erhalen an en nohaltege Wirtschaftsstanduert ze schafen. Eis Wirtschaft muss am Déngscht vun eiser Populatioun stoen an Aarbechtsplaze fir all Alters- an Ausbildungsniveau schafen. Eis Wirtschaft muss am Déngscht vun eiser Populatioun stoen, am Déngscht vum Interêt vun eisem ganze Land. Et muss also bei d’Land passen. An dat dierfe keng reng Prestigepro- jete sinn, déi mussen eng Plus-value generéieren.

A wann ee seng Krittären dann anhale kann, da mengen ech och, datt d’Betriber eng wierklech

Plus-value sinn. An et suergt dann och derfir, datt mer net méi esou Streidereie kréien iwwer MoUen, wou dann d’Bevëlkerung kloe muss, fir Accès ze kréien an en net kritt, wou d’Deputéiert keen Accès kréien. Jo, certes, et kéint ee méi op Transparenz setzen, wann een esou en transparente Krittärekatalog mat enger Nohaltegkeetscharta hätt.

Fir eis Piraten ass kloer: Wann eng Regierung gär de Support fir e Projet wéi zum Beispill Google hätt, da muss se vun Ufank u mat oppene Kaarte spillen. Duerch Transparenz steigt d’Akzeptanz vun de Bier- gerinnen a Bierger fir Projeten, wat dann erëm derfir suergt, datt een herno net vu Biergerinitiativen aus- gebremst gëtt.

Wa mer also an Zukunft net nach weider gescheitert Wirtschaftsprojete wéi Google oder FAGE wëllen hunn, da musse mer Transparenz walte loossen. Dat ass an eisen Aen déi eenzeg Léisung an dofir, Här President, hunn ech nach eng Motioun matbruecht, well mir ge- sinn … Ech hunn et virdru grad gesot, mir hunn déi Fuerderung schonn eng Kéier formuléiert a mir gesi jo beim Pensiounsfong, datt ee verschidde gutt Iddien heiansdo e puermol muss widderhuelen, bis se da meerheetsfäeg gi respektiv zumindest vun Deeler vun der Majoritéit mat kéinte gedroe ginn. An dofir, Här President, iwwerreechen ech Iech eng lescht Motioun.

Motion 13

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest,

– dass d’Regierung sech mam Koalitiounsaccord vun 2018 d’Zil gesat huet, eng Politick ze maachen, déi „à la pointe des défis écologiques“ soll sinn an en „développement éco- nomique dynamique et durable“ promouvéiere soll;

– dass vis-à-vis vun enger ganzer Rei grousse Wirtschafts– projeten zu Lëtzebuerg an de vergaangene Méint a Jore kri- tesch Stëmme Bedenken iwwert de Ressourcëverbrauch an d’Nohaltegkeet geäussert hunn;

– dass d’Wirtschaftspolitick sech zu Lëtzebuerg méi op eng nohalteg Ekonomie a manner op industrielle Wuesstem konzentréiere muss, wann de wirtschaftlechen Erfolleg vun haut net d’Klima- an Ëmweltschied vu muer soll sinn;

– dass et fir Entrepreneuren an lnvestisseure wichteg ass, duerch kloer Krittären eng méiglechst héich Planungs- sécherheet gebueden ze kréien;

– dass et an enger Demokratie wichteg ass, d’Zivillgesell– schaft fréi iwwert grouss nei Wirtschaftsprojeten ze infor- méieren.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung,

1. e kloren an ambitiéise Krittärekatalog opzestelle mat Grenzwäerter fir de Verbrauch vu Waasser, Stroum a fos- sille Brennstoffer;

2. festzeleeën, dass all Entreprise, déi sech zu Lëtzebuerg nidderloosse wëll, beim Ministère eng ëffentlech zou- gänglech Nohaltegkeetscharta areeche muss, aus där ervirgeet, wéi déi staatlech Grenzwäerter agehale kënne ginn a wéi d’Firma envisagéiert, hir wirtschaftlech Aktivi- téit nohalteg ze gestalten.

(s.) Sven Clement.

An ech mengen, dat ass dann och déi lescht fir haut den Owend, an ech soen Iech alleguerte Merci fir d’Nolauschteren.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a