international Adoptiounen

Persounen oder Familljen, déi aus de verschiddenste Grënn keng eege Kanner kënnen oder wëllen hunn, wëll dowéinst ee Kand aus dem Ausland adoptéieren. Dëst ass ee laangen a schwierege Prozess, dee mat villen Hürde verbonnen ass. An de leschte Jore goufen et zudeem och bedeitend Ännerungen am Beräich vun den internationalen Adoptiounen. Eng Organisatioun, déi an dësem Beräich aktiv ass, huet follgend Feststellung gemaach: “Ces dernières années des efforts considérables ont été entrepris dans la plupart des pays d’origine afin de respecter ce principe de subsidiarité. Nous constatons la mise en place de politiques familiales favorables au développement de l’adoption nationale. Tout naturellement, les enfants jeunes et en bonne santé sont adoptés prioritairement par les ressortissants de ces pays. Il en résulte non seulement, une diminution du nombre d’enfants proposés à l’adoption internationale, mais aussi une modification du profil de ces enfants.” 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech d’Zuel vun internationalen Adoptiounen zu Lëtzebuerg an de leschte fënnef Joer entwéckelt?

  2. Kann d’Regierung d’Observatioun bestätegen, datt de Profil vun de Kanner, déi fir international Adoptiounen a Fro kommen, sech verännert huet? Falls jo, ëm wéi eng spezifesch Ännerungen handelt et sech? 

  3. Wéi eng Moossname plangt d’Regierung, fir Lëtzebuerger Familljen ze ënnerstëtzen, déi Kanner mat spezielle Bedürfnisser adoptéiere wëllen? 

  4. Wéi steet d’Regierung zu der Entwécklung vum Prinzip vun der Subsidiaritéit an den Hierkonftslänner a wéi eng Konsequenzen huet dat fir eisen nationale gesetzlechen a reglementaire Kader?

  5. Gëtt et Bestriewungen op EU-Niveau oder international, fir d’Adoptiounsprozeduren un dës nei Realitéit unzepassen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2278

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene